Accueil Podcasts On the Record - Reporter.lu
On the Record - Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

Reporter.lu 207 Épisodes oct. 23, 2026

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg. Am Gespréich mat Journaliste gi mir den Themen op de Gronn a werfen e Bléck hannert d’Kulisse vun eise grousse Recherchen. Nei Episode gëtt et all Freideg.

Épisodes

Eng improviséiert Tripartite
Eng improviséiert Tripartite oct. 23, 2026 1985 Dës Woch waren d'Sozialpartner nees beieneen. An d’Froe waren do déi selwecht wéi am Juni: Wéi d'Energiepräisser drécken? Wéi vill finanzielle Spillraum ass do? A wie setzt sech um Enn duerch? Dorëms geet et och an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ee Budget mat vill Hoffnung mee ouni Visioun
Ee Budget mat vill Hoffnung mee ouni Visioun oct. 16, 2026 1681 „Fir d'Leit. Fir Opschwong.“ Sou ass de Staatsbudget fir 2027 iwwerschriwwen. Wéi ass dee Budget ze bewäerten? Wéi de Narrativ vum Finanzminister? A gëtt dat alles dem Kärprobleem zu Lëtzebuerg gerecht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Schutz oder Fräiheet fir Jonker am Internet?
Schutz oder Fräiheet fir Jonker am Internet? oct. 9, 2026 1569 D'EU plangt grouss Aschränkunge vun Tiktok, Instagram a Co. fir Jonker. Wat bréngen Alterskontrollen am Internet? Ass dat eng Form vun Iwwerwaachung? A wat bedeit dat fir d'Liewenswelt vu Jonker? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
De Fall Fridman als Rass an der Sanktiounspolitik
De Fall Fridman als Rass an der Sanktiounspolitik oct. 2, 2026 1517 Lëtzebuerg huet sech an der EU dofir agesat, den Oligarch Mikhail Fridman vun der Sanktiounslëscht ze sträichen. Wéi ass dat ze beurteelen? A wat bedeit dat fir de Schuedenersatz, deen hie fuerdert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Dronen iwwer Lëtzebuerg
Dronen iwwer Lëtzebuerg sept. 25, 2026 1763 Fir d’éischte Kéier waren zu Lëtzebuerg onerlaabten Dronen ënnerwee. Wéi sinn déi Virfäll anzeschätzen. Huet d’Regierung richteg kommunizéiert? A wéi kann sech Lëtzebuerg fir d’Zukunft besser opstellen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Eng nei Datz fir de Lëtzebuerger Schoulsystem
Eng nei Datz fir de Lëtzebuerger Schoulsystem sept. 18, 2026 1958 D'Schoulrentrée gëtt alt nees vu schlechte PISA-Resultater dominéiert. Wéi falen déi am Detail aus? Wéi gerecht ass de System? An hunn d'Reforme vum Minister Claude Meisch do eppes geännert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Iwwer Walen, Zäsuren a politesch Lektiounen
Iwwer Walen, Zäsuren a politesch Lektiounen sept. 11, 2026 1945 Wéi erwaart huet d'AfD d'Walen a Sachsen-Anhalt däitlech gewonnen. Wéi konnt et dozou kommen? Wat bedeit dat fir Däitschland an doriwwer eraus? An ass esou en Zenario och zu Lëtzebuerg denkbar? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wéi eng politesch Rentrée steet eis bevir?
Wéi eng politesch Rentrée steet eis bevir? sept. 4, 2026 1691 Eng laang Summerpaus geet op en Enn. Wéi eng grouss Reforme vun der CSV-DP-Agenda stinn no der Rentrée un? Wat huet d’Regierung soss nach wëlles, éier et Richtung nächst Wale geet? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wéi soll et weidergoen mam Ukrain-Krich?
Wéi soll et weidergoen mam Ukrain-Krich? août 28, 2026 1737 Wéi ass déi aktuell Lag an der Ukrain? Wat bréngen d’Hëllefen vun der „Coalition of the willing“? An wéi ass d’Roll vun der Lëtzebuerger Regierung an hir aktuell Strategie an der Militärpolitik anzeuerdnen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Krisekommunikatioun am Dréiwen
Krisekommunikatioun am Dréiwen août 21, 2026 1244 D'Feier am Héije Venn hat en direkten Impakt op Lëtzebuerg. Wéi grouss war d'Gefor duerch den Damp? Gouf fréi a präzis genuch informéiert? A wéi ass generell d'Krisekommunikatioun ze beurteelen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Eng Klimapolitik ouni Wäitsicht
Eng Klimapolitik ouni Wäitsicht août 14, 2026 1837 D’Regierung setzt Ureizer fir d’Energietransitioun, mee d’Klimaziler ginn ëmmer méi schwéier ze areechen. Wouru läit dat? Wou muss nogebessert ginn? A firwat bräicht et virun allem eng aner Kommunikatioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Méi séier Prozeduren, mee wierklech méi einfach?
Méi séier Prozeduren, mee wierklech méi einfach? août 7, 2026 1491 D’Regierung hat sech eng grouss Simplificatioun administrative virgeholl. Mee si Reforme wéi de „Once only“ esou einfach ëmsetzbar? Oder d'Digitaliséierung bei der Steierverwaltung? An dat alles bis 2028? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Recommandé