Accueil Podcasts Vive d'Kaffispaus
Vive d'Kaffispaus

Vive d'Kaffispaus

FGFC 14 Épisodes juil. 24, 2026

De Podcast 'Vive d'Kaffispaus' ass eng Produktioun vun der FGFC. An all Episod diskutéieren de Claude Reuter an de Claude Frantzen aktuell Themen aus dem Gemengeberäich. De Podcast bitt Abléck an d'Aarbecht vun de Gemengen an d'Entwécklungen am Secteur.

Épisodes

Dei lescht Kaffispaus virum Congé
Dei lescht Kaffispaus virum Congé juil. 24, 2026 1647 An dëser Episod schwätze mir iwwert Evenementer, den ëffentlechen Transport, de groussen FGFC Symposium als Ofschloss vun den Interne Walen. A villes méi - lauschtert eran
Et sti Wale virun der Dier
Et sti Wale virun der Dier mai 27, 2026 2319 An dëser dynamescher Episod schwätze mir iwwert eis interne Reformprozess an de Walen wou  den 22 September den neie Comité Directeur bestëmmen. Dir wäert mierken dass des Episod souwuel Akustesch wéi och Thematesch en Upgrade kritt huet. Nach net iwwerzeegt? Dann lauschtert eran a loosst iech vum Géigendeel iwwerzeegen ;)
Mobbing - wann de Respekt verluer geet !
Mobbing - wann de Respekt verluer geet ! avr. 20, 2026 1832 An dëser Episod schwätze mir mat eiser Invitée Madame Tani Vanessa vun der ASBL “Respect each others“ iwwert Thema Mobbing, Respekt an Präventioun. Och Thema Cybermobbing ass ugeschwat ginn. Lauschtert eran.
Zukunft op eise Gemenge, Chancen & Defien am Ëmgang mat der Ki a villes méi
Zukunft op eise Gemenge, Chancen & Defien am Ëmgang mat der Ki a villes méi mars 23, 2026 1604 An dëser Episod schwätze mir iwwert Zukunft vun de Statuten vum Salarié à tâche intellectuelle, Chancen & Erausfuerderungen wou kënschtlech Intelligenz mat sech bréngen, déi intern Walen vun der FGFC an d'Ukënnegung vun eisem Familljefest.Lauschtert erann
Charte de cooperation mam Dan Biancalana
Charte de cooperation mam Dan Biancalana févr. 9, 2026 1447 An dëser Episod hu mir e ganze speziellen Invité. An zwar ass et den Buergermeeschter vun der Stad Diddeleng, déi éischt Gemeng wou eis charte de cooperation ënnerschriwwen huet. An iwer genee dës charte gëtt geschwat. Mir soen dem Här Biancalana - Merci dass hie bei eis war.
Neit Joer - gemeinsam Ziler
Neit Joer - gemeinsam Ziler févr. 5, 2026 1338 An dëser Episod schwätze mir iwwert déi aktuell, kuerz a laangfristeg Ziler an e bësse queesch duerch de Gaart - lauschtert eran
Hei si mir rëm
Hei si mir rëm nov. 7, 2025 1335 Hei si mir rëm - an dat nu enger bësse méi grousser Summerpaus! An dëser Episod schwätze mir iwwert de Kleeschen, unhalend Problemer beim Tice, FGFC Charte an d'Harmonisatioun vun de Karriären. A wéi gewinnt e bësse queesch duerch de Gäertchen. Freet iech op eng interessant Episod mat den zwee Claude'n
Déi läscht Kaffispaus virun der Summervakanz
Déi läscht Kaffispaus virun der Summervakanz juil. 21, 2025 948 An dëser Episod schwätze mir bëssen queesch duerch de Gaart. Ugefaange bei eisem Familljefest iwwert d'Protestaktiounen an der Stad an de Protestpiquet beim Tice. Déi nächst Episod kënnt dann Enn dës Summers.
E “sozialen“ Discours
E “sozialen“ Discours mai 28, 2025 1688  An dëser Episod schwätze mir iwwert déi sozial Aspekter, am Liewen wéi och an eisem Aarbechtsëmfeld. Mir schwätzen ënnert anerem iwwert Sozialwalen, déi ugekënnegt Pensiounsreform an eist Familljefest - Lauschter eran  
Wat ass Plaz vun eise Schwammmeeschteren an de Schwemmen?
Wat ass Plaz vun eise Schwammmeeschteren an de Schwemmen? mars 18, 2025 1349 An dëser Episode schwätze mir mam Joseph Grüneisen vun der ALIN iwwert d'Defie vum Schwammmeeschterberuf.
D'Ressources Humaines an de Gemengen - Deel 2
D'Ressources Humaines an de Gemengen - Deel 2 févr. 25, 2025 1249 An dëser Episode schwätze mir mat eisem Invité Christophe Caligo, Responsabele vum Service RH ob der Suessemer Gemeng, iwwert d'Recrutementen an aner Challengen ob de Gemengen.
D'Ressources Humaines an de Gemengen - Deel 1
D'Ressources Humaines an de Gemengen - Deel 1 févr. 24, 2025 913 An dëser Episode schwätze mir mat eisem Invité Christophe Caligo, Responsabele vum Service RH ob der Suessemer Gemeng, iwwert d'Recrutemente ob de Gemengen.

Recommandé