Accueil Podcasts Déi gutt Mod
Déi gutt Mod

Déi gutt Mod

Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal 45 Épisodes août 4, 2026

Déi zwee Fraen, eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin, leeden elo gemeinsam de Lëtzebuerger Journal, e Mediebetrib dee scho 76 Joer besteet. An dësem Podcast erzielen d'Lynn Warken an d'Melody Hansen, wéi se hiren Alldag an enger Féierungspositioun erliewen. Si deelen hir Learnings a Beobachtungen, awer och déi Saachen, déi se owes waakreg halen.

Épisodes

#44 Wann s de vergëss, wat s de kanns feat. Céline Zimmer
#44 Wann s de vergëss, wat s de kanns feat. Céline Zimmer août 4, 2026 2658 D'Céline Zimmer ass Architektin, Fuerscherin an Entrepreneurin. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert säi Parcours – vu sengem Papp, deen hatt als Kand an e Corbusier-Klouschter matgeholl huet, iwwer e Studium zu Tréier an Hamburg bis bei en Doktorat iwwer d'Wunnengskris, deen hatt bal net gemaach hätt. D'Céline erzielt, firwat véier Stonne Fokuszäit schonn e gudden Dag sinn, wéi
#43: Nom Congé de maternité zréck op de Büro
#43: Nom Congé de maternité zréck op de Büro juil. 14, 2026 2090 Mir si rëm zesummen um Mikro. Wéi war et no 5 Méint erëm op de Büro zeréckzekommen? A wéi huet sech déi Zäit virdrun ugespuert? Fir d’Lynn, dat fort war, awer och fir déi, déi an där Zäit seng d'Verantwortung iwwerholl hunn? Mir schwätzen iwwer déi éischt Wochen zréck, Brainfog, Zweifel, Vertrauen, nei Prioritéiten an d'Fro, wéi ee Verantwortung ofgëtt an erëm zeréckhëlt. Mee och doriwwer, wat et
#42 Ass eng Infirmière automatesch eng gutt Mod? feat. Anne-Marie Hanff
#42 Ass eng Infirmière automatesch eng gutt Mod? feat. Anne-Marie Hanff juin 24, 2026 2486 D'Anne-Marie Hanff ass Infirmière, Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg a Presidentin vun der Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren, der ANIL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert säi Parcours: Vun der Infirmièresschoul, wou d'Äntwert op all Fro "dat maache mer hei esou" war, iwwer eng Zäit an der Schwäiz, déi alles verännert huet, bis bei en Doktorat, deen hatt aus Protest
#41 De Wee fir anerer fräi maachen feat. Caroline Mart
#41 De Wee fir anerer fräi maachen feat. Caroline Mart mai 27, 2026 3554 D'Caroline Mart ass laangjäreg Journalistin an eent vun de bekanntste Gesiichter vun RTL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwer säi Parcours: Vun enger Kandheet tëscht New York, Bréissel a Lëtzebuerg iwwer d'Europaschoul, e Studium zu Bréissel, bis bei eng Karriär, déi hatt als Quotefra an enger renger Männerredaktioun ugefaangen huet. D'Caroline erzielt, wéi et war, als jonk Fra an
#40 Wéi geréiert ee 4.000 Mënschen? feat. Dr Martine Goergen
#40 Wéi geréiert ee 4.000 Mënschen? feat. Dr Martine Goergen mai 6, 2026 2558 D'Dr Martine Goergen ass Chirurg a säit 2024 Direkter vum CHL. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert hire Parcours - vum Lycée Michel Rodange iwwer d'Chirurgie-Formatioun zu Bréissel, Liewerchirurgie zu Madrid an Thoraxchirurgie zu Paräis bis bei d'Direktioun vun engem Spidol mat 4.000 Mataarbechter*innen. Si erkläert, firwat si gären Direkter an net Directrice genannt gëtt, firwat
#39 Wann net just de Patron, mee de Papp ewechfält feat. Chris a Marielou Haentges
#39 Wann net just de Patron, mee de Papp ewechfält feat. Chris a Marielou Haentges mars 31, 2026 3054 "Een Haentges kennt seelen eleng", soen hier Kolleegen iwwert se. Ma esou waret och fir eise Podcast: D'Schwëstere Chris an d'Marielou Haentges waren zesummen am Podcast zu Gaascht. Si sinn Allenzwee an der Gerance vun der Familljebetrib Asport mat dran, déi hier Elteren an den 80er gegrënnt hunn. Mee well si och eppes Eegenes op d'Been stelle wollten huet d'Marielou de Kleederbuttek Stitch virun
#38 Wéi ginn ech mat onfaire Situatiounen em? feat. Lis Fautsch
#38 Wéi ginn ech mat onfaire Situatiounen em? feat. Lis Fautsch mars 10, 2026 3136 D'Lis Fautsch ass eemoleg Fechterin a Mamm. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwert d’Schwieregkeeten an d'Ongerechtegkeeten, déi hatt a senger Fecht-Karriär erlieft huet, d'Olympesch Spiller, fir déi hatt wärend senger Schwangerschaft trainéiert huet a säi Bezuch zu Sport haut - wou hatt net méi Profi-Fechterin ass. D'Lis Fautsch huet duerch eng Optioun am Lycée d'Passioun fir d'Fech
#37 Wat verbënnt Lëtzebuerg mat Brasilien? feat. Dominique Santana
#37 Wat verbënnt Lëtzebuerg mat Brasilien? feat. Dominique Santana janv. 26, 2026 2833 D'Dominique Santana ass Fuerscherin, Historikerin a Mamm. An dëser Episod vun Déi gutt Mod schwätze mir iwwer genee dës Rollen an d'Fro, wéi hatt et fäerdegbréngt, se am Alldag ze vereenen. D'lëtzebuergesch-brasilianesch Fuerscherin kënnt gebierteg vun Diddeleng a schafft haut am C2DH (Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History) um Unicampus Belval. Hatt ass net nëmmen duerch seng Ori
#36 Wéi soen ech mengem Patron, dass ech Mamm ginn? feat. Hanna Meyer
#36 Wéi soen ech mengem Patron, dass ech Mamm ginn? feat. Hanna Meyer janv. 7, 2026 2603 D’Hanna Meyer war wärend senge Studiejoren als dat bekannt, wat oft a vill Stagë mécht. No engem Stage an den USA wärend der Finanzkris 2008, verschléit et déi geléiert Kommunikatiouns-Expertin awer rëm zeréck op Lëtzebuerg. Mëttlerweil ass d'Hanna d'Directrice vum Kommunikatiouns-Departement vun der Chambre des Métiers an ass Mamm vun zwee Kanner. An dëser Episod schwätze mir iwwert säin akademe
#35 Muechtmëssbrauch an d'Wichtegkeet vu Feminismus feat. Jessika Rauch
#35 Muechtmëssbrauch an d'Wichtegkeet vu Feminismus feat. Jessika Rauch déc. 17, 2025 2831 Jorelaang huet d'Jessika Rauch an der Privatwirtschaft geschafft, ier hatt de Courage hat, ze kënnegen an de Sprong an d'Selbststännegkeet gewot huet. Déi gebierteg Saarlännerin war scho beim SWR, Beiersdorf a Villeroy&Boch ugestallt. No engem hallwe Joer an Italien huet hatt dunn d'Decisioun geholl, Independant ze ginn. Haut lieft a schafft hatt zu Lëtzebuerg am PR-Beräich. An dëser Episod schwä
#34 Onsiichtbar Care-Aarbecht am Betrib feat. Bérengère Beffort
#34 Onsiichtbar Care-Aarbecht am Betrib feat. Bérengère Beffort nov. 26, 2025 2657 Journalismus, Politik a Kommunikatioun – d’Bérengère Beffort huet a senger Carrière an all deene Beräicher Erfarung gesammelt. Hatt war Journalistin an enger Zäit, an där et nach keng sozial Medie goufen, a Redaktiounskonferenzen, an deenen hefteg diskutéiert gouf, waren seng léifste Momenter. Haut ass hatt Head of Communications vun der Chambre de Commerce, wou hatt déi dräi Welten zesummebréngt
#33 Grenzen zéien an iwwerwannen feat. Thorunn Egilsdottir
#33 Grenzen zéien an iwwerwannen feat. Thorunn Egilsdottir nov. 11, 2025 2265 An dëser Episod schwätzt d’Melody mam Thorunn Egilsdottir, Expat Service Manager bei der Spuerkeess. Et geet ëm dem Thorunn seng Carrière – vun der Bank an d’Medien, erëm zréck an d’Bank – an em seng Motivatioun, sech stänneg weiderzebilden. Wéi fir eng Wikingerin ob hirem Schëff, muss et fir d’Islännerin ëmmer virugoen. D'Thorunn erzielt, wéi hat et gepackt huet, nieft engem Vollzäitjob als Marke

Recommandé