Accueil Podcasts KOMM MOL AN DE BÜRO!
KOMM MOL AN DE BÜRO!

KOMM MOL AN DE BÜRO!

Fédération des Artisans | Studio J (Lëtzebuerger Journal) 9 Épisodes août 18, 2026

De Podcast vun der Fédération des Artisans, presentéiert vun der Vize-Präsidentin Alexa Ballmann. An all Episod begréisst si en Invité a schwätzt iwwer en Thema aus dem Beräich Artisanat an Entreprenariat. Nieft Facte a Meenungen ginn och Froen aus dem Public an der Press behandelt. De Podcast gëtt vum Studio J produzéiert.

Épisodes

#9 Aarbechtsbezéiungen: Si Win-Win Situatiounen zu Lëtzebuerg méiglech?
#9 Aarbechtsbezéiungen: Si Win-Win Situatiounen zu Lëtzebuerg méiglech? août 18, 2026 3047 Wéi moderniséiere mir d'Aarbechtsbezéiungen zu Lëtzebuerg? D'Alexa Ballmann schwätzt mam Aarbechtsminister Marc Spautz iwwer Aarbechtszäit, Kollektivverträg, Mindestloun, KI an d'Zukunft vun der Lounaarbecht. A virun allem: Produzéiert eis Sozialpartnerschaft nach Léisungen – oder blockéiert si Reformen? Kommt mol an de Büro!
#8 Eng Entreprise kafen oder verkafen
#8 Eng Entreprise kafen oder verkafen mai 28, 2026 3826 Eng Entreprise verkafen oder iwwerhuelen – dat kléngt oft no Zuelen a Kontrakter. Mee am Handwierk geet et meeschtens ëm vill méi: ëm Vertrauen, Verantwortung an d'Fro, wéi e Liewenswierk weidergeet. An dëser Episod schwätzt d'Alexa Ballmann mam Joubin Bashiri vun Tenzing Partners iwwert déi grouss Froen hannert dem Kaf a Verkaf vun Handwierksbetriber – konkret, éierlech a mat Ablécker aus der P
#7 Wann de Betrib vun haut op muer steet – Cyberattacken am Handwierk
#7 Wann de Betrib vun haut op muer steet – Cyberattacken am Handwierk déc. 11, 2025 2442 Cyberattacken treffen ëmmer méi Handwierksbetriber – dacks ouni Virwarnung, an d’Konsequenzen si massiv: Blockéiert Systemer, wirtschaftleche Schued, Verloscht vu Vertrauen. An der neier Episod vu Komm mol an de Büro schwätzt d'Alexa Ballmann mam Goy Grosbusch a mam Jean-Marc Sertic iwwert d’Realitéit hannert engem Ugrëff, wat am Noutfall ze maachen ass a wéi Betriber sech schütze kënnen. Eng Ep
#6 Wou sti mir, Här Premierminister?
#6 Wou sti mir, Här Premierminister? sept. 23, 2025 3006 De Sozialdësch ass eriwwer. Probleemer bleiwen zu engem gudden Deel bestoen: Wéi geet et weider mat de Renten, wéi kréie mer eis Ekonomie erëm un d'Lafen a wéini maache mer endlech Neel mat Käpp am Dossier vun den Independant? Dëst Thema hu mer mam Premierminister Luc Frieden beschwat. Luc, komm mol an de Büro.
#5 Wirtschafts- oder Sozialkris?
#5 Wirtschafts- oder Sozialkris? juin 24, 2025 3419 Wéi vill Muecht sollen d'Gewerkschaften hunn? Wéi kann een en éierlechen an effiziente Sozialdialog féieren? A wien decidéiert eigentlech, wat gutt ass fir d'Zukunft vum Land? An dëser Episod schwätzt d'Alexa Ballmann mam Michel Reckinger, Handwierker a President vun der Union des Entreprises Luxembourgeoises (UEL), iwwer déi grouss Froen déi Lëtzebuerg am Moment beschäftegen.
#4 Absenteismus, Pensiounen a Statut de l'Indépendant
#4 Absenteismus, Pensiounen a Statut de l'Indépendant avr. 14, 2025 3959 Absenteismus: Eng Fatalitéit oder eng Stellschrauf, wou d'Politik kann drun dréinen? Gëtt et Konkretes an der Diskussioun ronderëm d’Reform vun de Pensiounen a wéini gëtt et konkret mat der versprachener Opwäertung vum Statut de l’Indépendant? Dat sinn déi Themen, déi d'Alexa Ballmann zesumme mam Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a Sozialversécherung, diskutéiert huet.
#3 Handwierk a Beruffsausbildung
#3 Handwierk a Beruffsausbildung mars 3, 2025 4067 "Komm mol an de Büro!" geet an déi drëtt Ronn. Dës Kéier diskutéiert d’Alexa Ballmann, Vize-Präsidentin vun der Fédération des Artisans, mam Bildungsminister Claude Meisch iwwert d’Ausbildung am Handwierk. Wéi gutt funktionéiert d’Ausbildung hautdesdaags, wou haakt et a wat kann nach verbessert ginn, an – ganz wichteg – wéi kann d’Roll vun eise Betriber an deem Kontext gestäerkt ginn?
#2 Handwierks- a Mëttelstandspolitik
#2 Handwierks- a Mëttelstandspolitik févr. 3, 2025 3005 De Mëttelstand an d'Handwierk: Réckgrat vun der Economie oder organisatoreschen Auslafsmodell? D'Alexa Ballmann diskutéiert mam Wirtschaftsminister Lex Delles iwwert d'Chancen an d'Erausfuederungen vun de Betriber.
#1 Pensiounssystem
#1 Pensiounssystem déc. 19, 2024 1984 Muss eise Pensiounssystem dringend reforméiert ginn, oder ass „wait and see“ déi besser Strategie? Iwwert dëse Sujet gëtt zu Lëtzebuerg aktuell hefteg – a virun allem kontrovers – diskutéiert. Firwat interesséiert sech d'Fonction publique op eemol fir de private System? Baséieren eis Rente wierklech op engem Schnéiballsystem? Wéi ass et mat de Baby- a Studiejoren? A virun allem: wéi kann a soll e

Recommandé