Accueil Podcasts Ëmgefall an Ausgelaf
Ëmgefall an Ausgelaf

Ëmgefall an Ausgelaf

Danièle a Joël 28 Épisodes oct. 14, 2026

De Podcast vum Danièle a Joël: E Blogger an eng Journalistin am Gespréich. Si diskutéieren iwwer verschidden Themen aus hirem Alldag a Beobachtungen. Weider Informatiounen fannt Dir op emgefallausgelaf.com.

Épisodes

Nr.32 - Mir hu gelauschtert
Nr.32 - Mir hu gelauschtert oct. 14, 2026 00:26:56 An deser Episode beschäftge mer eis mat anere Podcasten dei mir lauschteren. Kein Mucks: https://www.ardsounds.de/sendung/kein-mucks-der-krimi-podcast-mit-bastian-pastewka/urn:ard:show:e01e22ff9344b2a4/Kommissar Obermoos: https://www.ardsounds.de/episode/urn:ard:episode:4b061a2e8b8a7957/Paul Temple und der Fall JonathanDeel 1 : https://www.ardsounds.de/episode/urn:ard:episode:573ce28052bc1888/Deel
Nr.31 - Kanner a Jugend Coach
Nr.31 - Kanner a Jugend Coach sept. 30, 2026 00:34:26  Wat ass e Kanner a Jugend Coach? Wat mécht den? Mir hate net vill Anung  vun dem Beruff. D'Doro Walter wat mat Kanner a Jugendlecher schafft huet eis opgekläert. https://www.key2you.luhttps://www.kannerschlass.lu/de/angebot/eltereschoul
Nr. 30 - Dat ass net mäi Problem.
Nr. 30 - Dat ass net mäi Problem. sept. 16, 2026 00:21:30 'Dat ass net mäi Problem' , ass eng Haltung, déi ka problematesch sinn. Oder vläicht awer net?
Nr.29 - Liesen, Schreiwen an Editéieren
Nr.29 - Liesen, Schreiwen an Editéieren sept. 2, 2026 00:31:32 Eisen Invité haut ass d’Christiane Kremer. Mat him schwätze mer iwwer Bicher liesen a schreiwen, an och wéi een e Buch erausbréngt. 
Nr.28 - Stereotypesch
Nr.28 - Stereotypesch août 19, 2026 00:25:06  Wat ass männlech? Wat ass weiblech? Wat fir Stereotyppen ginn eis ferm op d'Schlappen? Sinn se iwwerhaapt nach valabel a geheien se eis ganz Gesellschaft net zeréck? E strammt Thema a wien d'Danièle an de Joël bis elo nach net richteg kennt, hei leiert de se  kennen! 
Nr.27 - Mir ginn e Patt huelen
Nr.27 - Mir ginn e Patt huelen août 5, 2026 00:27:20 Eise 27. Podcast kennt an der Woch eraus wou mer Gebuertsdag hunn. Ëmgefall an Ausgelaf gëtt 1 Joer al! Wien hätt dat geduecht! Dat muss gefeiert ginn a mir ginn en anstännege Patt bei d’Tanja an den Dipso huelen. Prost!
Nr. 26 - Am Kino: The Odyssey
Nr. 26 - Am Kino: The Odyssey juil. 22, 2026 00:24:11 Dräi Joer nom Oppenheimer bréngt de Christopher Nolan säin nächste Film op de ganz groussen Imax  Ecran . The Odyssey. Mir waren e kucken. Ass et derwäert ? Mir diskutéieren driwwer.
Nr.25 - Idoler a Virbiller
Nr.25 - Idoler a Virbiller juil. 8, 2026 00:23:57 Wei wichteg si Virbiller? Hatte de mir der? Waren oder si mer Fan vun enger bekannter Perséinlechkeet? Wei wäit huet eis dat beaflosst?
Nr.24 - Resilienz
Nr.24 - Resilienz juin 24, 2026 00:27:17 Resilienz ass zu engem Moudewuert ginn, all Mënsch schwätzt doriwwer, oft mat vill Meenung a wéineg Anung. Mir hunn en Invitée, d'Nadine Entringer, dat eis mei iwwer Resilienz erzielt a wat dat an der Psychologie genee bedeit.emgefallausgalf.comhttps://www.resilienzzentrum.dehttps://www.monikagruhl.de/buecher-autorin/https://www.kunstmann.de/buecher/resilienz-wie-man-krisen-uebersteht-und-daran-wa
Nr. 23 - Mir hu gelies 1
Nr. 23 - Mir hu gelies 1 juin 10, 2026 00:32:04 Mir hu gelies gëtt eng labber Serie wou mir dräi Bicher gelies hunn, déi eis gefall hunn.emgefallausgelaf.comFred Vargashttps://editions.flammarion.com/une-unique-lueur/9782080160713Gisèle Pélicot Franséisch https://editions.flammarion.com/et-la-joie-de-vivre/9782080497260Däitsch https://www.piper.de/gisele-pelicot-memoirenEmily Brontëhttps://www.gutenberg.org/ebooks/768Däitsch: https://projekt-gu
Nr.22 - Wuerzelen
Nr.22 - Wuerzelen mai 27, 2026 00:26:14 Sou wéi all Planz an der Natur seng Wuerzelen huet, sou kann een dat och bei Mënsch soen. Wat sinn eis Wuerzelen? Wat hu mer duerch déi mat op de Liewenswee kritt? Wéi schlëmm ass et entwuerzelt ze ginn? Elauter Froen ob déi mer versichen ze äntwerten.
Nr. 21 - E Podcast iwwert podcasten
Nr. 21 - E Podcast iwwert podcasten mai 13, 2026 00:27:29 Eisen Invité ass den Thierry Heles, den e vun deenen éischte Podcasteren hei zu Lëtzebuerg war. Sou steet et emol bei Wikipedia geschriwwen. An den Thierry produzéiert der nach emmer . Mir kucken zesummen op d'Ufäng. Wou kennt dat Wuert Podcast hier, wien huet  dat erfonnt, a wéi realistesch ass et ze mengen dass e vu Podcaste ka liewen?emgefallausgelaf.comLinks:https://lb.wikipedia.org/wiki/Podca

Recommandé