
Den Nossknacker
Den Nossknacker ass en neie Podcast fir kleng a grouss Naturentdecker. Mam Kaweechelchen Leon entdecke mir a siwe Folgen de Liewensraum Bësch. Mir entdecken, wien an der Bamkroun wunnt, gi mam Grénge Mann de Geheimnisser ronderëmt d’Bich op d’Spuer, verstoppen eis viru Wëllschwäin, sammele Champignonen an knacken an all Episod e puer Nëss. De Projet gëtt vun der Oeuvre Nationale ënnerstëtzt.
Épisodes

De Maarkollef
Wéi fënnt de Maarkollef seng Nëss erëm?
De Leon léiert haut, dass de Maarkollef all Joers Dausende vun Eeche planzt an dat ouni et ze wëssen!

De Spiecht
Tock-Tock-Tock! De Leon héiert e komescht Geräisch a freet sech: firwat kritt de Spiecht eigentlech kee Kappwéi?

D'Buschtawen
Vu wou kommen eigentlech d’Buchstawen?
De Leon entdeckt komesch Zeechen un enger Bich an begéint dem geheimnisvolle Grénge Mann, deen d'Sprooch vun de Beem kennt.

Trailer
Den Nossknacker ass en neie Podcast fir kleng a grouss Naturentdecker.
Mam Kaweechelchen Leon entdecke mir a 7 Folgen de Liewensraum Bësch, entdecken wien an der Bamkroun wunnt, gi mam Grénge Mann de Geheimnisser ronderëmt d’Bich op d’Spuer, verstoppen eis viru Wëllschwäin, sammele Champignonen a knacken an all Episod e puer Nëss!

D'Bamkroun
Wéi liewt et sech an der Bamkroun?
Hues du am Bësch schonn emol ropgekuckt an dech gefrot, wéi d’Welt vun uewen ausgesäit? De Leon an d’Tessy klammen an d’Bamkroun erop.
Den Nossknacker ass en neie Podcast fir kleng a grouss Naturentdecker.











