Accueil Podcasts Sport aus der Heemecht - De Podcast
Sport aus der Heemecht - De Podcast

Sport aus der Heemecht - De Podcast

Ben Schlammes 18 Épisodes oct. 21, 2026

E sportleche Podcast, deen sech mat Leeschtung, Mentalitéit, Néierlagen an Erfolleger auserneesetzt. Éierlech, emotional a mat engem direkte Bléck op de Sport. De Podcast beliicht déi mënschlech Säit vum Sport a gëtt Abléck hannendrun d'Kulissen. Fir all déi, déi Sport net nëmmen als Resultat, mee als Geschicht erliewen.

Épisodes

BOX BOX #8 De WM-Kampf, dee kee méi ass & wat eis soss nach um Enn vun der Saison erwaart
BOX BOX #8 De WM-Kampf, dee kee méi ass & wat eis soss nach um Enn vun der Saison erwaart oct. 21, 2026 01:11:14 An der aachter Episod vun BOX BOX schwätzen de Luc an de Ben iwwer d'Dommheete vu Ferrari, dem Lando Norris säi Verhalen als Weltmeeschter, dee WM-Kampf, d'Pilote-Situatioun bei de Racing Bulls, Haas a Cadillac, den Debakel fir Williams a firwat sinde Retour vun der Formel 1 an Afrika gutt fanne kënnen a wat eis nach alles am Endspurt vun der Saison erwaart. Vill Spaass! :)
#10 Fanny Arendt: „Et gëtt keng Course, wou ee perfekt leeft, mee ganz no u perfekt ass och gutt.“
#10 Fanny Arendt: „Et gëtt keng Course, wou ee perfekt leeft, mee ganz no u perfekt ass och gutt.“ oct. 16, 2026 01:29:57 An der zéngter Episod schwätzt d'Fanny Arendt ënnert anerem iwwert seng éischt Course, de Wee zur Héichleeschtungssportlerin, seng fënnef Joer an den USA a nach villes méi. Vill Spaass! :)Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun.2'15" - Den Ufank vum Fanny senger Karriär.7'05" - D'Relatioun mam Trainer Yves Göldi.11'25" - D'Entwécklung zur Héichleeschtungssportlerin.21'20" - D'Thema
#9 Julio Kirsch: „D'Grenz ass just am Kapp.“
#9 Julio Kirsch: „D'Grenz ass just am Kapp.“ sept. 11, 2026 00:57:28 An der néngter Episod ass de Julio Kirsch op Besuch, fir eis vu sengem impressionante Wee ze erzielen. Nodeems hien am Fussball ee schwéiere Kräizbandrëss erlidden huet, misst hien onverhofft eng neie sportlech Karriär aschloen. Dës huet hien ënner anerem bis iwwer d'Zillinn vun engem kompletten Ironman an am Lafe bis op de Sommet vum Mont Ventoux gefouert.Dobäi geet et net just ëm d'Resultat um E
TRIVELA #4 Virschau op d'Bundesliga-Saison 2026/27
TRIVELA #4 Virschau op d'Bundesliga-Saison 2026/27 août 27, 2026 01:52:50 Déi nei Saison an der däitscher Bundesliga steet virun der Dier. Zesumme mam Tom diskutéiert de Ben iwwert alles, wat dir virum Start an d'Saison 2026/27 wësse musst. Vill Spaass! :)
#8 Julie Schütz & Lenny Karp (ALIS): „Gewannen ass net alles.“
#8 Julie Schütz & Lenny Karp (ALIS): „Gewannen ass net alles.“ août 20, 2026 01:21:30 An der aachter Episod vum Podcast „Sport aus der Heemecht” dréit sech alles ëm d'Integritéit vum Sport mat de Schwéierpunkten op Anti-Doping, Safeguarding & Bekämpfung vu Manipulatioun. Fir iech dovun ee genauen Iwwerbléck ze maachen, hunn ech mam Julie Schütz & Lenny Karp vun der ALIS (Agence Luxembourgeoise pour l'intégrité dans le Sport) geschwat. Vill Spaass! :)Den Opbau vun der Episod:0'00" -
BOX BOX #7 Tëschebilan vun der Saison 2026 inklusiv enger interessanter Analys am WM-Kampf
BOX BOX #7 Tëschebilan vun der Saison 2026 inklusiv enger interessanter Analys am WM-Kampf août 14, 2026 01:10:13 Nach genau eng Woch, dann ass d'Summerpaus vun der Formel 1 eriwwer an dofir ass elo ee gudden Zäitpunkt, fir op dat zréckzeblécken, wat bis elo an dëser neier Ära geschitt ass. De Luc an de Ben notzen dës Geleeënheet awer och, fir op dat no vir ze kucken, wat eis an de nächste Méint ënner anerem um Circuit an um Transfertmaart erwaart. Mir wënschen iech vill Spaass beim nolauschteren.
TRIVELA #3 De Lionel Messi ass wuel de GOAT, mee Spuenie verdéngt Weltmeeschter.
TRIVELA #3 De Lionel Messi ass wuel de GOAT, mee Spuenie verdéngt Weltmeeschter. juil. 21, 2026 00:59:21 An der drëtter Episod vun der Fussball-Rubrik „TRIVELA“ steet eng leschte Kéier d'WM 2026 am Fokus. Zesumme mam Yannick bléckt de Ben op dat zréck, wat d'Fussballwelt an de leschte Woche beweegt huet.
#7 Katrin Kohl: „Ech hat näischt ze verléieren an um Enn war et dat Bescht, wat Ech maache konnt.“
#7 Katrin Kohl: „Ech hat näischt ze verléieren an um Enn war et dat Bescht, wat Ech maache konnt.“ juil. 18, 2026 00:50:29 An der siwenter Episod ass mam Katrin Kohl eng ambitionéiert Para-Sportlerin am Podcast „Sport aus der Heemecht“ dobäi. D'Lëtzebuergerin schwätzt ënner anerem iwwert seng Erfarungen op de Paralympesche Spiller zu Paräis, wéi hat iwwerhaapt am Para-Sport gelant ass a wou et nach Verbesserungspotenzial gëtt.Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun.1'15" - Den Ufank vum Katrin senger Ka
BOX BOX #6 Piastri, Sainz oder Verstappen: Wee fiert 2027 fir McLaren?
BOX BOX #6 Piastri, Sainz oder Verstappen: Wee fiert 2027 fir McLaren? juil. 14, 2026 00:49:57 D'Formel 1 geet gläich an d'Summerpaus al dofir geheien de Ben an de Luc ee Bléck op dat, wat zu Spielberg an zu Silverstone geschitt ass, si kucken op déi nächst zwou Coursen no vir a lancéieren d'Silly Season.
TRIVELA #2 Halbzeit bei der WM: Ween huet déi beschte Chancen op den Titel?
TRIVELA #2 Halbzeit bei der WM: Ween huet déi beschte Chancen op den Titel? juin 28, 2026 01:37:03 An der zweeter Episod vun der Fussball-Rubrik „Trivela“ ass de Christophe beim Ben op Besuch, fir iwwer d'WM ze schwätzen. Ganz trei dem Motto „no der Gruppephase ass virun der KO-Phase“ blécken si net just op dat zréck, wat scho geschitt ass, mee och op dat no vir, wat eis eventuell erwaarde kéint. Vill Spaass! :)
BOX BOX #5 Antonelli-Show zu Monaco & déi éischt Hamilton-Victoire fir Ferrari zu Barcelona
BOX BOX #5 Antonelli-Show zu Monaco & déi éischt Hamilton-Victoire fir Ferrari zu Barcelona juin 15, 2026 00:54:59 Déi fënneft Episod vun der Formel-1-Rubrik „Box Box“ ass ee Réckbléck op den éischten europäeschen Doubleheader zu Monaco an zu Barcelona an een Ausbléck op deen zweeten europäeschen Doubleheader zu Spielberg an zu Silverstone. Vill Spaass! :)
TRIVELA #1: Ausbléck op d'WM inkl. Predictions & Hot Takes.
TRIVELA #1: Ausbléck op d'WM inkl. Predictions & Hot Takes. juin 11, 2026 01:51:02 An der éischter Episod vun der Fussball-Rubrik vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ diskutéiert de Ben mam Anthony iwwer d'WM 2026. Kann de Cristiano Ronaldo säin éischte WM-Titel feieren? Kritt de Kylian Mbappé säin Ego op d'Säit geluecht? Soll de Manuel Neuer bei Däitschland am Gol stoen? Ass Japan den Underdog op deen ee setze soll? Wéi wäit kommen d'Gastgeber-Natiounen? Gëtt et dem Lamine

Recommandé