
Buvette - De Fussballpodcast
De Podcast Buvette - De Fussballpodcast behandelt Fussball aus enger entspannter an ënnerhaltsamer Perspektiv. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel schwätzen iwwer aktuell Theme aus dem lëtzebuerger an internationale Fussball. Si ginn vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker a brénge jidder Woch hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. Et geet ëm déi déifgrënnegst Fussballtheme an der Buvette, mat vill Leidenschaft a gudde Gespréicher.
Épisodes

Schwaarze Weekend fir Vogels
E schwaarze Weekend fir de Ben an den Dylan. Rouspert verléiert 5:0, Menster 4:0 a Kaiserslautern 3:0... Wat soll een do nach alles erzielen. Mir hunn trotzdeem gekuckt wat soss nach sou am Land lass war a schwätzen iwwer de Spëtzematch Mondorf vs Stroossen, de Start an der 3. Divisioun a vill Goler n der Éierepromotioun.

Episod 216 - D'Ballfëscher vum Camping
Fussballeresch ass dëse Weekend net vill geschitt mee ronderëm gëtt et genuch ze beschwätzen. Wee sinn d'Ballfëscher vum Camping, ween ass "das erstklassige Heilbad" a wat gëtt et bei der Tricolore op der Internetsäit ze gesinn? Alles dat a nach vill méi onwichteg Saachen an dëser Episod Buvette 216 - D'Ballfëscher vum Camping.

Episod 215 - Rout Kaarten iwwer rout Kaarten
Mir schwätzen erëm iwwer d'BGL Ligue a kucke wat bei den eenzelne Matcher lass war. Rouspert spillt ee gudde Match géint de Racing, Hesper verléiert leider erëm däitlech, Hueschtert huet de Golkipper vum Spilldag, Walfer huet den Toppscorer an da goufen et genuch rout Kaarte bei bal all Matcher. Da schwätze mir nach iwwer nei Transferten am Land a bewäerten de neien Trikot vun der FLF.

Episod 214 - Dem Herbi säi klenge Brudder
4. Spilldag an der BGL Ligue, 2. Spilldag an der Éierepromotioun,1. Spilldag an der 1.Divisioun an elo gëtt et masseg ze beschwätzen. Rouspert hellt déi éischt Punkten an der Saison, Ettelbréck gëtt vum Trainer als Ofsteiger betitelt a Stroossen huet nach kee Géigegol kasséiert. Zu Beggen gëtt et een Influencer am Gol, masseg rout Kaarten an der Éierepromotioun an eng gutt Stëmmung zu Menster. All

Episod 213 - Stade Brian Madjo
3. Spilldag an der Nationaldivisioun a Rouspert steet mat zwou aneren Ekippe mat 0 Punkten am Keller. De Ben erzielt e bëssi iwwert déi aktuell Lag, mir beschwätzen de neien Terrain zu Hueschtert a wat zu Käerjeng lass war. Dann ass och d'Éierepromotioun lass gaangen an där den Toni Luisi ee wansinneg schéine Gol geschoss huet. Och déi éischt Divisioune ginn an dëser Episod beschwat, an där Menste

Episod 212 - Do si mir erëm
No enger laanger an erhuelsamer Summerpaus si mir erëm fir dech do. Mir kucken direkt op déi zwee éischt Matcher vu Rouspert, äusseren eis Wënsch fir d’Saisona kucke wou et e puer Baustelle ginn. Vu kommender Woch u geet et dann nees mam ale gewinnte Programm virun: Nationaldivisioun, Éierepromotioun an sou weider.

Episod 211 - Coupe Final
Wat een Dag! Ee vun deene Gréissten! De Ben huet an der Coupe Final gespillt an sou munches erlieft. Den Dylan huet den Dag a vollen Zich genoss a genee doriwwer schwätzen déi zwee an der neitster Episod vu Buvette: Fanmarsch, Busrees, Match, Béierdusch, Stëmmung an nach villes méi. Dëst ass dann och déi lescht Episod fir dës Futtballsaison am August geet et dann nees weider. Vill Spaass mat der E

Episod 210 - Wansinn
An dëser Episod geet et nëmmen ëm déi wichteg Saachen: Rouspert, Rouspert, Rouspert a nach e puer aner Detailer. Wéi huet de Ben déi lescht Woch erlieft, wat ass et fir e Gefill a wat erwaart eis? Natierlech kucke ma dann awer och nach op de leschte Spilldag vun der BGL Ligue, der Éierepromotioun an deenen ënneschten Divisiounen. Ganz vill Detailer an dëser Episod vu Buvette.

Episod 209 - Deen Ochs huet keng Hand fräi
De Ben an den Dylan kucken dës Kéier net nëmmen op de Fussball am Seniorsberäich, mee och op den Zuschauermagnéit schlecht hin: d’Coupe du Prince. Méi wéi 2.500 Spectateure bei de Junioren an nëmmen 800 am Spëtzematch vun der BGL Ligue, wouru läit et? Des Weidere kucken d'Jongen awer nach op den Op- an Ofstigskrimi an den eenzelnen Ligen an drécken all den Ekippen d’Daumen.

Episod 208 - No der Coupe ass virun der Coupe
Mir schwätzen erëm iwwert déi wichteg Saachen: BGL Ligue, Éierepromotioun, Coupe de Luxembourg an nach villes méi. Wien huet zu Kanech en neie Rekord opgestallt? Wie stoung an deene leschte Coupe-Finalen? Wat war zu Bartreng lass? An et ass nach esou vill méi am Lëtzebuerger Fussball geschitt. Méi Detailer ginn et wéi gewinnt an der neitster Episod vun der Buvette.

Episod 207 - Et gëtt gemunkelt
Mir sinn erëm fir dech do a kucke wat an der BGL Ligue, der Éierepromotioun, der 1. Divisioun an an de Reserve lass war! Menster léisst Punkte géint Izeg leien, Rouspert verléiert géint Déifferdeng an nach villes méi. Eng ganz schéi Geschicht gëtt et vun engem Match op der Grenz an der BGL Ligue z'erzielen, den Dylan schwäermt vun der klenger Buvette zu Uewerkuer a nach villes méi gëtt et an dëser

Episod 206 - Bläifouss
De Benno gewënnt de Match am Ofstigskampf, Péiteng klappt Rodange, Käerjeng sammelt no laanger Zäit keng Punkten an et ass e verdammt grousst Lach an der Tabelle. U wiem läit dat? Wat ass an der Éierepromotioun lass gewiescht? Wat ass zu Menster geschitt a firwat muss den Dylan erëm op d’Bänk? Wien ass de Bläifouss zu Leideleng a kënns du och schonn sou lues a WM-Féiwer? Alles a nach méi an dëser

Episod 205 - Wat ass dann nëmme lass?
No zwou Woche Paus ass d’Buvette erëm do. D’Batterien si no de Lännermatcher erëm opgetankt an et ass vill geschitt. Mir kucken op déi aktuell Tabellesituatioun an der BGL Ligue, der Éierepromotioun an awer och bei de Reserven. Natierlech kucke mir och op déi kommend Wochen, déi spannend ginn. Wie steigt op? Wie gëtt dann elo Meeschter? Wat kennt alles op eis zou? All dat a villes méi gëtt et an d

Episod 204 - Force à Yannis
An der BGL Ligue wackelt et un der Tabellespëtzt an am Keller leeft et. Rouspert a Käerjeng sammele ganz wichteg Punkten a probéieren do ënnen eraus ze kommen, fir sou séier wéi méiglech d’Vakanzen ze buchen. An der Éierepromotioun gëtt et schon erëm een neie Spëtzereider a soss war et grondsätzlech zimmlech roueg. Wat et dann nach Schéines zu Mamer an der Buvette gëtt, gëss du wéi gewinnt an der

Episod 203 - WhatsApp
Zu Rouspert gouff an der Song no enger Victoire géint Bissen gewonnen an de Ben ass ganz vir mat dobäi. Péiteng fällt nom Ofpaff ëm wéi d’Keelen am Café an Déifferdeng ass am Kapp lo schonn am Match géint Diddeleng an zwou Wochen. Wat nach esou op eisen Terrain lass war, wéi ëmmer hei an der Buvette - WhatsApp.

Episod 202 - Firwat am Fong ëmmer Fussball?
Rouspert verléiert 0:2 géint den UNK a kee vun de Vogels war an der Buvette... pardon dofir. Trotzdeem kucke mir wat an der BGL Ligue leeft, wie wichteg Punkten an der Éierepromotioun geholl huet a wat zu Sandweiler sou besonnesch war. Et geet, wéi et sech och gehéiert, méi ëm déi Saachen niewent dem Terrain wéi um Terrain. D' Episod 202 vun der Buvette befaasst sech och mam Theema firwat et am Fo

Episod 201 - Iwwerraschungen
Iwwerraschungen an der BGL Ligue: Rouspert gewënnt 2:1 géint Nidderkuer, Mamer suergt dofir, dass Diddeleng den Trainer erausgeheit a Munneref gewënnt géint Bissen. De Laurent Jans ass schonn opgestigen, zu Munneref sinn d’Supporter ze haart an d’Terraine sinn iwwerall eng Katastroph. Wat nach sou lass war, gëtt et wéi gewinnt hei an der Buvette an dat mat lauter Iwwerraschungen.

Episod 200 - Weider geet et
D'Jonge vun der Buvette sinn nees do a feieren hir 200. Episod! Rouspert hëlt ee Punkt zu Stroossen, Bisse wënnt den Toppmatch géint Diddeleng an am ganze Land goufen déi orange Bäll nees erausgekroopt. An der BGL Ligue an an der Éierepromotioun rullt de Ball nees a wat alles soss nach sou geschitt ass, gëtt et wéi gewinnt an dëser Episod Buvette - Weider geet et also!

Episod 199 - Ab an d'Wanterpaus
Eng ganz Hironn ass schonn erëm am Lëtzebuerger Land eriwwer. Mir kucken op e puer eenzel Matcher vum Weekend, gratuléieren engem ganz besonneschen Torschützen an zéien de Bilan vun den Tabellen an der Réckronn. Dat alles wëlls du net verpassen, da lauschter dir déi 199 Episod vun der Buvette un.

Episod 198 - Maske-Ben
Virun enger Woch war deelweis ee fräie Fussballsweekend an elo gouf awer erëm gespillt. De Ben spillt eventuell mat Mask, den Dylan hat Bulli um Schung hänken, Bissen gewënnt weiderhin an Äischdall kann sech no engem zéie Kampf leider net belounen. Wat nach esou lass war wéi ëmmer an dëser Episod Buvette mam Titel Maske-Ben.

Episod 197 - Päifen, Pech a Pannen
Et war Lännermatchpaus a genee iwwert déi schwätzen d'Jonge vun der Buvette an der neitster Episod. Lëtzebuerg geet mat 0 Punkten aus dem Match, mee et gi genuch positiv Saachen, déi ee mathuele kann a mat deenen et och méiglech sollt si fir géint Malta ze gewannen. An der Éierepromotioun enttäuschen déi éischt 4 Ekippe net a genee sou wéineg och déi Beggener an déi Réimecher. Wat soss nach esou l

Episod 196 - Alaaf
Coupe Weekend zu Lëtzebuerg an 11.11. zu Köln, wat gëtt et Schéineres? Rouspert gewënnt zu Monnerech mat enger motivéierter Buvette, Bissen klappt Diddeleng, dräi Ekippen aus der 2.Divisioun kommen an der Coupe FLF weider an den Dylan war zu Uespelt ënnerwee. Et ass nees vill geschitt a de ganzen Detail gëtt et wéi gewinnt ëmmer an der neitster Episod Buvette - Alaaf.

Episod 195 - Der frühe Vogel
Et ass moies frei an de Ben an den Dylan huele beim Kaffi eng nei Episod op. Um Programm steet wéi ëmmer de Lëtzebuerger Fussball, mee dës Kéier awer och eng Rees Auswäerts op Düsseldorf, een Äishockeymatch vu Rosenheim an normal Kaffisgespréicher. Et gëtt driwwer geschwat wien an der BGL Ligue déi meeschte Kaarten huet, wou et geflaamt huet an nach villes méi wéi ëmmer an dëser Episod Buvette.

Episod 194 - Fetzerei
D'Jonge vun der Buffet sinn nees fir dech do! No zwou laange Woche Paus kucke mir nach eemol op de Lännermatch zu Sinsheim, schwätzen iwwer dem Dylan säi Comeback am Lëtzebuerger Fussball a kucke wat leschte Weekend alles esou an eise Lige lass war. Goler, giel Kaarten, Kläppereien an nach villes méi an dëser Episod vu Buvette.

Episod 193 - Laang ass et hier

Episod 192 - Alle Oberkörperfrei
Alt erëm ee Weekend mat Fussball zu Lëtzebuerg op deem et genuch z'erziele gëtt. Rouspert suergt fir déi éischt Victoire vum Racing, Déifferdeng verschenkt wichteg Punkten un Diddeleng a Nidderkuer gewënnt den Derby géint Käerjeng. Wat nach esou lass war, gëss du wéi gewinnt an dëser Episod Buvette gewuer.

Episod 191 - Coupematcher
32 Matcher an der Coupe de Luxembourg an e puer Iwwerraschunge ware mat dobäi. D'Jeunesse Esch muss an d'Eelefmeterschéissen, Käerch gewënnt sensationell mat véier roude Kaarten an nach vill weider spannend Geschichten si geschitt. Wat alles op eisen Terraine lass war, gëss du wéi gewinnt an dëser neier Episod vu Buvette gewuer.

Episod 190 - Waars du och do?
Alt erëm Lëtzebuerger Fussball an alt erëm Goler iwwer Goler a schéin Aktiounen. Rouspert geet zu Bissen ënner, Käerjeng gewënnt den Toppmatch géint Péiteng, zu Monnerech gëtt et eng sensationell Réckpass, déi zu näischt féiert an et ass nach villes méi geschitt. Wat nach alles lass war, gëss du wéi gewinnt an der neitster Episod vu Buvette gewuer.

Episod 189 - Onverdéngt
Lëtzebuerg verléiert seng zwee Matcher an dat leider trotz gudde Leeschtungen. Woran hat's gelegen? Wéi kann een sou Matcher an Zukunft op seng Säit zéien a wat ass géint Däitschland dran? Dat alles a nach villes méi an der neier Episod Buvette.

Episod 188 - Direkt an d'Blutt
Mir si no enger klenger Tëschepaus nees fir dech do a kucken op dee leschte Spilldag am Lëtzebuerger Fussball. Rouspert gewënnt géint Nidderkuer a sprëtzt sech d'Victoire direkt an d'Blutt, wéi mir geléiert hunn. Déifferdeng huet einfach guer keng Loscht méi ze spillen, de Stade Municipal zu Dikrech gesäit aus wéi den ale Stadion vun Dresden an de Jeff Strasser ass vun elo un de Jeff National.

Episod 187 - Santiago Munez

Episod 186 - Spitzenreiter
D'Buvette ass pünktlech fir déi nei Saison erëm fir dech do! Mir kucken an dëser Episod op d'Transferte vun der Summerpaus, Dribblinger an d'Resultater vum éischte Spilldag. Natierlech thematiséiere mir och d'Victoire vu Rouspert an hirer aktueller éischter Plaz an der Tabell.

Specialepisod - FCK-Fanspill 2025
Den 1. FC Kaiserslautern kennt fir ee Fanmatch op Biwer!! All d'Detailer, d'Infoen an déi wichtegst Insider gëss du an dëser Specialepisod vun der Buvette gewuer an dat och nach mat engem ganz spezielle Gaascht.

Episod 185 - Eng fir d'Katty
Et ass eriwwer! Zwar nach net fir jiddereen, mee awer fir déi meescht Ekippen hei am Land. D'Saison ass bis op d'Barragematcher ofgeschloss a wat et Interessantes iwwert déi lescht Woch an déi rezentste Saison ze beschwätze gëtt, gëss du an der neitster Episod vum Podcast Buvette gewuer.

Episod 184 - Heiße Phase
Et ass déi lescht Woch Fussball bevir et an déi schéinste Woch vum Joer geet. De Ben an de Gilles blécken op déi wichtegst Saachen am Lëtzebuerger Fussball: BGl Ligue, Éierepromotioun, 1. Divisioun an an an… Alles an dëser Episod Buvette.

Episod 183 - Wie packt et?
Nach zwee Weekender gi Matcher an der BGL Ligue gespillt, ier et dann an déi schéinste Woch vum Joer geet: wien do spillt bleift awer fierchterlech spannend. An der BGL Ligue stinn d'Ofsteiger fest, mee bei de Barragematcher kënnen nach genuch Ekippe spillen. Dat selwecht gëllt fir d'Éierepromotioun, an där Miersch elo och erëm um Opstig schnoffelt. Wien nach Chancen huet a wou den Zuch endgülteg

Episod 182 - Crunchtime
Et ass Crunchtime am Fussball. Et schéngt wéi wann a Lëtzebuerg keen op europäeschem Niveau spille wëll, am Ofstig ass a bleift et bis zum leschte Spilldag spannend, d'Ofsteiger an d'Opsteiger sti fest an et ass trotz den Zoustänn am Lëtzebuerger Fussball méiglech, dass 1.800 Leit op een Terrain ginn. Wat nach alles esou lass war, gëss du wéi gewinnt an dëser Episode Buvette gewuer.

Episod 181 - Audit's hiren
Et war erëm sou munches lass am Lëtzebuerger Fussballsland. Rouspert hëlt alt erëm 1 Punkt, verschidde Veräiner kréien d'UEFA-Lizens net, Mamer verléiert no laanger Zäit erëm ee Match, Spiller hunn nach de Neelchen an de Schung an d'Arbittere gi wéi verreckt rout Kaarten. Wat nach esou geschitt ass, gëss du wéi gewinnt an der neier Episod vum Podcast Buvette gewuer.

Episod 180 - Ping Pong a Pyro
Lëntgen ass opgestigen, Déifferdeng ass Meeschter, zu Beggen ginn d´Eelefmeter ofgepaff, de Kevin Kerger rutscht wéi de Steven Gerrard a villes méi. Zu Lëtzebuerg ass de Weekend erëm vill geschitt a wat genee gëtt wéi ëmmer fir dech an der Buvette beschwat.

Episod 179 - Eier wir brauchen Eier
Et ass vill geschitt: Déifferdeng ass nach kee Meeschter a gëtt et vläit zu Rouspert, de Ben huet ee Gol geschoss, scho verdammt vill Matcher um Bockel an eng interessant Statistik op d'Bee gestallt. Wéi eng dat ass, wat extra am "RTL Goal" war an an an, wéi ëmmer an dëser Folleg Buvette.

Episod 178 - Die 3 Freunde
D'Sonn ass dobaussen an dat mierkt een och op de Fussballsterrainen: Golkippere schéissen an der leschter Sekonn Goler, d'Leit ginn op Terrainen d'Matcher kucken an de Béier schmaacht erëm besser. De Ben krut de Weekend e gudde Schlag op d Schinnebeen, Miersch verléiert no 5 Matcher erëm an an an. Villes ass geschitt a gëtt wéi ëmmer an der neitster Episod vun der Buvette beschwat.

Episod 177 - Camper um Camping
Alt nees ee gemittleche Fussballweekend am Lëtzebuerger Ländchen: De Ben hat e puer Chancë fir géint d'Jeunesse ze knipsen, Miersch gewënnt schonn nees an zu Kanech gouf de Match ofgebrach. Wat nach esou geschitt ass, wéi gewinnt an dëser Folleg Buvette.

Episod 176 - Déi éischte Kéier
De Ben hat de Weekend fräi an dowéinst muss den Dylan dru gleewen. Wat ass am Stade de Luxembourg geschitt, wéi war et zu Miersch um Terrain, wat ass esou besonnesch um Lëtzebuerger Fussball an an an. All déi Froen a weider onwichteg Theeme wéi gewinnt an dëser Folleg Buvette.

Episod 175: Pyro oder Bratwurst
Alt nees ee vergaangene Weekend an der Fussballwelt an de Ben an den Dylan kucken zesummen op d'BGL Ligue, d'Éierepromotioun, d'Champions League, déi ustoend Lännermatcher an dat alles mat Fakten, Fakten a nach méi Fakten. Dat a nach vill weider Saachen an der neier Folg Buvette.

Episod 174: GGGGGewonn
Et war e rouege Weekend an der Fussballwelt. Trotzdem kucken de Ben, den Gilles an den Dylan op d'Ereignisser. Déifferdeng mécht einfach sou weider wéi se et ëmmer maachen, zu Miersch ass eng Kou rondërem gelaf, Mamer schéisst Biissen of an de Lars Gerson huet Probleemer um Wuessterrain ze spillen. Dat a nach vill weider Saachen an der neier Folg Buvette.

Episod 173: Der dicke Willi
D'Buvette ass nees do a kuckt fier ierch wéi gewinnt op d´Fussballsereignisser vun der leschter Woch. Goalkeeper scheisse Goaler, d´Terraien gesinn deels aus wéi bei de Wilden Kerle, Rouspert hëllt nees e Punkt an an an. Villes ass geschitt an wat genau wie emmer an deser Folg Buvette.

Episod 172 - Blockbuster a spannend Tabellen
Alt nees e Fussballweekend hannert eis. Rouspert hëllt e wichtege Punkt géint Nidderkuer. Hueschtert dréit de Match géint Monnerech, Déifferdeng zitt weider fort an an der Éierepromotioun gëtt et ganz spannend. Fakten, Fakten, Fakten a nach méi Fakten an deser Folg Buvette.

Episod 171 - Kopfballungeheuer
Et ass geschitt! Eise Ben huet fir déi éischt Kéier dës Saison geknipst an huet senger Victoria sou zu enger wichteger Auswäertsvictoire verhollef. Mir kucken awer net nëmmen op Rouspert, mee och op d'Evenementer zu Hueschtert, der Bundesliga a wou soss nach eng lass war.

Episod 170 - Pelouse en bon Etat
Deen éischten BGL-Spilldag ass Geschicht: Hesper huet keen Trainer méi a bei der Jeunesse war den Entrée fräi. Nidderkuer wëll mam Nationalspiller Lars Gerson nach eng Kéier voll ugräifen an Dësen dierf warscheinlech säin BGL Ligue-Debut zu Rouspert op der Pelouse féieren.

Episod 169 - Zeréck aus dem Wanterschlof
Mir si erëm zeréck. No enger laanger a verdammt gudder Wanterpaus gëtt et erëm Zäit op de Fussball ze kucken. Wéi eng Transferte sinn zu Lëtzebuerg geschitt, wien ass de wierkleche Königstransfert a wéi geet et déi nächst Woche weider? Alles dat a nach villes méi an dëser Folleg.

Episod 168 - Wanterpaus
D'Buvette geet genau sou wéi de Lëtzebuerger Fussball an d'Wanterpaus. Trotzdeem beschwätzen d'Bouwe vun der Buvette nach eng Kéier déi wichteg Saachen. Wéi geet et mat Hesper weider? Wat huet de Ben zu Stroossen erlieft? Wat ass zu Königsdorf geschitt? Wat maachen d'Ekippen an der Wanterpaus? Alles dat a nach vill méi an dëser Episod vun der Buvette.

Episod 167 - De blanke Wansinn
Et ass vill lass wann een sech aktuell am Lëtzebuerger Fussball ëmhéiert: ee grousse Skandal an der BGL Ligue vum Swift Hesper suergt fir Diskussiounsstoff am Land a wou ass déi perfekte Plaz fir natierlech driwwer ze schwätzen? Richteg, an der Buvette. Hesper, Coupe, d'Erliefnisser vum Weekend: d'Jonge vun der Buvette hunn erëm alles fir dech diskutéiert a beschwat.

Episod 166 - Glügin an Emotiounen
Et gëtt wanterlech dobaussen an dowéinst schwätzt d'Buvette iwwer verschidde Gedrénks. Mee sou wéi et sech gehéiert och iwwert de Fussball. Wéi war et fir de Ben zu Wooltz? Wat war mam Kommentator lass? Wat ass zu Käerjeng geschitt? An an an.. Wieder Detailer wéi ëmmer erëm an der neier Episod vum Podcast Buvette.

Episod 165 - Et gëtt kal
D'Roud Léiwen hu gespillt an dat heescht erëm Kritik vu ville Säiten ausser an der Buvette. De Gerson ass ee super Typ, d'Auswiesslung vum Ralph ass top an de Courage vum Holtz genau sou. Mir hunn erëm déi wichteg Saache fir dech beschwat an ausdiskutéiert: vun Insider bis hin zu dréchene Fakten.

Episod 164 - 90 Minutte laang
00000165 00000165 0000389D 0000389D 0006CC4E 0006CC4E 00007E86 00007E86 00034FF5 00034FF5

Episod 163 - B steet fir Buvette
De Ben huet eppes fir eis Fussballskultur gemaach a war an der Staat beim 352 Football Festival. Leit, déi de Fussball gären hunn, sollen heiansdo gären e Béierchen drénken a gäre braddelen. Wat wëll een och Méi. Dann hat de Ben awer nach selwer Match a kuckt wat an der BGL-Ligue lass war an den Dylan schwätzt iwwer säin Dag zu Stuttgart.

Episod 162 - Lautrer muss du sinn
Ee klengen Telefon aus Stuttgart, e bësse Geläschters riets a lénks. D'Buvette huet erëm den Tour duerch d'BGL Ligue an d'Éierepromotioun gemaach an ausserdeem nach e puer Diskussiounen zum Ballon d'Or begruewen.

Episod 161 - Wat eng Pärel!
Wat eng Pärel an der BGL Ligue! Bei der Fola fale Goler, wéi aus dem Billerbuch, de Ben erreecht erëm e Meilesteen a senger Karriäre, Déifferdeng huet ëmmer nach Ee kasséiert an an an. Am Lëtzebuerger Fussball ass vill lass a genau dofir lount et sech déi nei Folleg Buvette zelauschteren.

Episod 160 - Nix Ëmschwong
No enger Woch onfräiwëlleger Paus, mellen sech de Gilles an de Ben aus der Buvette zeréck. Um Programm stinn natierlech eis Rout Léiwen. Wéi geet d'Nations-League op een Enn, dat ass déi Fro, déi sech all Mënsch grad stellt. Ausserdeem hunn si nach eng Kéier op d'Coupe zeréck gebléckt an e puer weider Specials, héiers du wann s du eralauschteren.

Episod 159 - Flutlicht op der Grenz
An dëser Episod diskutéieren de Ben an de Gilles déi spannendste Momenter aus der BGL-Ligue, analyséieren d’Relegatiounschancë vun den Equippen an der Éierepromotioun a geheien e Bléck op déi rezentst Leeschtungen an Entwécklunge beim lëtzebuergesche Fraefussball. Mat interessante Statistiken an e puer Insider-Tipps suergen si fir déi gemittlech Stëmmung aus der Buvette.

Episod 158 - Sensatioun
00000208 00000208 00004242 00004242 000CB458 000CB458 00007E86 00007E86 000407D6 000407D6

Episod 157 - Hinten kackt die Ente
De Ben an den Dylan huelen de ganze Lëtzebuerger Fussball am Detail auserneen: Goler, Chancen, Giel Kaarten a souguer eng interessant Karte-Statistik. Da schwätzen si nach driwwer, dass een am Fussball ëmmer bis zum Schluss spille sollt a kucken op den Ufank vun der neier Champions-League-Saison.

Episod 156 - D'Roud Léiwen
Lännermatchpaus heescht zwar keng BGL Ligue, keng Bundesliga a Co., mee Lännermatchpaus heescht och Zäit fir d'Roud Léiwen. De Ben, de Gilles an den Dylan kucken wéi et aktuell em d´Roud Léiwen steet, schwätzen iwwert den UNK an der Éierenpromotioun a maachen an dëser Folg souguer e Schwenker riwwer bei d'Paralympics.

Episod 155: Hunnegdrëpp
BGL Ligue, Éierepromotioun, 1.Divisiounen an d'Lëtzebuerger am Ausland. De Ben, de Gilles an den Dylan hunn erëm alles analyséierta beschwätze bei weem et leeft, bei weem et eventuell grad net esou leeft, wou d'Goler geschoss ginn a wou een eventuell nach e Goalkipp gebraucht hätt. All dat a nach vill méi an dëser Folleg Buvette.

Episod 154 - Fouersonndig
Am ganze Land leeft erëm de Fussball an d'Buvette ass rëm zu dräi. An dëser Episod bleiwen de Ben, den Dylan an de Gilles rëm nëmmen am Lëtzebuerger Land a kucken sech u wat an der BGL Ligue, der Ehrenpromotioun an an deenen anere Ligen de leschte Weekend lass war.

Episod 153 - Sauere Gurken
An dëser Episod ass de Ben eleng mam Dylan a si beschwätze wéi ëmmer dat Wichtegst aus dem Lëtzebuerger Fussball. Wat war an der BGL Ligue lass, wat ass an der Ehrenpromotion geschitt a firwat lount sech e Match an der éischter Divisioun besonnesch?

Episod 152 - Den Hummer vum Summer
D'Buvette ass rëm zeréck an et gëtt alles op lénks gedréit! Keng Bundesliga méi, keng Premier League méi, näischt Internationales méi. Nëmmen nach déi interessant Saachen an zwar de Fussball aus Lëtzebuerg. De Ben de Gilles an den Dylan hunn sech Gedanke gemaach a plapperen an dëser Episod iwwer Aktuelles aus der BGL Ligue, e Sensatiounstrikot a maachen sech prett fir de Start vun deenen aneren Li

Episod 151 - Vakanz
Et assdéi allerlescht Buvette fir dës Saison, an där op d'Tabellen an d'Barragematcher vum Lëtzebuerger Fussball,sou wéi d'Final vum DFB Pokal gekuckt gëtt. Net ze vergiessen, stinn iwwert de Summer awer nach ganz wichteg Tournoien um Programm. Wéi eng genau, gëtt et an dëser Episod ze héieren.

Episod 150 - Kroni Toos
Et ass déi lescht Buvette fir dës Saison an d'Buvette kuckt op eng jett Abschider. Den Dylan, de Kroos, de Kloppo, de Streich a vill weider Typpe verloossen d'Fussballsbün. De Sinani huet St.Pauli an d'Bundesliga geschoss, de Barreiro wiesselt op Benfica an de Lëtzebuerger Fussball huet fir e Skandal gesuergt. Dat a nach villes mei an dëser Episod Buvette.

Episod 149 - Entscheedungen
An der Fussballwelt kënnt et esou lues zu Entscheedungen. Kaiserslautern huet d'Klass gehal, Kiel a Pauli sinn opgestigen, Déifferdeng ass Champion, Nidderkuer ass Coupegewënner an an an… Natierlech gëtt dann och an den Ekippen deementspriechend gefeiert a wansinneg Interviewe gehalen. Alles am Detail an dëser Episod Buvette.

Episod 148 - De Baumgart a säin Noper
De Ben an den Dylan hunn sech dës Kéier nees d'Méi gemaach an hunn all déi wichtegst Saachen aus der Fussballswelt fir dech opgegraff. Rouspert suergt dofir, dass et keng Meeschterschaftsfeier fir Déifferdeng gouf, den Jamie Carragher huet gelieft wéi een aus der Buvette, De Kroos spillt weiderhin Zockerpassen, de Max Kruse gesäit aus wéi de schlechten Ailton an de Baumgart hat Streit matt sengem

Episod 147 - Es ist mir scheißegal
De Fussball fiddert eis rëm mat genuch Themen. Am Lëtzebuerger Fussball sti Beetebuerg a Sandweiler schonn als Opsteiger fest, zu Rouspert kommen d'Wierm aus dem Terrain an d'11Freunde schreift schéi Berichter iwwert eist Land. An der Bundesliga huet de Wurst-Uli géint den Tuchel gesténkert a Leverkusen schéisst rëm an der Nospillzäit den Ausgläich a verléiert rëm net. Themen iwwer Themen iwwer Th

Episod 146 - Héngerhaut
An dëser Episod Buvette kucke ma rëm ganz detailléiert wat an der Fussballwelt lass war. D'Buvette um Dribbel gëtt vum Ben an den Himmel gelueft, den Dylan huet rëm ander Kreisliga gekickt an de Gilles huet missen erliewen, wéi Leverkusen an der 97.Minutt alt rëm net verléiert. Da kucke ma nach op d'Champions League,schwätzen iwwer dem Lücke seng Héngerhaut a froen eis firwat et an der spuenescher

Episod 145 - Kartoffel-Flo
Wat fir eng Woch. Den Dylan huet rëm an der Kreisliga gekickt, de Ben huet mat Rouspert de Klassenerhalt gefeiert, an der Champions League sinn esou vill Goler gefall, wéi säit laangem net méi an an der Bundesliga ass Leverkuse Meeschter ginn. Mir schwätzen och nach iwwer dem Ben seng grouss Chance am Match an dem Flo Wirtz seng Kartoffelskala.

Episod 144 - Die wilden Kerle
Et ass geschitt. Den Dylan ka mat Kaiserslautern op Berlin fueren. Lautern steet an der Final, Diddeleng spillt mat Trikote vun die Wilden Kerle, Lissabon ass aktuell gréng, Rouspert huet 3:0 gewonn, d'Lëtzebuerger Dammen si souverän an d'Quali gestart an an an… Alles dat a villes méi an dëser Episod.

Episod 143 - Ey du Zimtschnecke!
Et ass eng Woch an där et ëm villes geet. Packt Lautern de Wee op Berlin? Fënnt de Match iwwerhaapt statt oder ass zu Saarbrécken rëm Land unter? Alles Froen, déi an dëser Episod Buvette nees ënnert d'Lupp geholl a vum Gilles och op der Plaz analyséiert goufen. Da kucke ma nach op de leschte Spilldag an der BGL Ligue, kucken eis de Spëtzematch an der 2.Divisioun un an erweisen dem Mats Hummels ei

Episod 142 - Euphorie
Kuerz a knackeg. D'Lëtzebuerger Ekipp huet et leider net gepackt fir géint Georgien ze gewannen an trotzdeem hunnse et gepackt fir vill Begeeschterung an Euphorie am Land ze suergen. De Ben an den Dylan hunn sech de Match, d'Stëmmung an d'Fans am Land ugekuckt.

Episod 141 - TEAMROUDELÉIW
An dëser Episod dréint sech alles ëm eis Rout Léiwen. Dat ganzt Land fiebert op de Match en Donneschden hin an sou och mir. Mir hunn d'Ekipp ënnert d'Lupp geholl an natierlech och d'Buvetten aus dem Land, déi fir de Match e Public Viewing organiséieren. Allez Rout Léiwen!

Episod 140 - Leeschtungsdrock
D'Buvette ass rëm zu 3! De Gilles ass rëm do a schwätzt mam Ben a mam Dylan iwwert de leschte Spilldag vun der BGL Ligue, d'Bundesliga an d'Premier League. Wien ass de Momement "déi" Equipe an der BGL Ligue, wat hat Rouspert fir e Spillplang géint Nidderkuer, wéi geet den Dylan mat Leeschtungsdrock ëm, an an an. Alles an der neier Folg Buvette.

Episod 139 - Extase
D'Buvette ass nees fir dech do an huet déi komplett BGL Ligue ënnert d'Lupp geholl. Wat war zu Rouspert lass? Firwat ass op der Fola Extase gewiescht? Wéi kënnen 9 Goler zu Wolz falen? An, an,an... Natierlech hu mir och gekuckt, wat an den ënneschte Ligue lass ass, wou de Ben d'nächst Saison gären en Auswäertsmatch huet a wéi verschidde Spiller de Wee an d'BGL Ligue packen.
Recommandé

Bourgmeisterin

Méi wéi Sex

Sport aus der Heemecht - De Podcast

Das 1x1 der Informatik

KOMM MOL AN DE BÜRO!

Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani

Ëmgefall an Ausgelaf

RTL Infos - La Route des Vins du Luxembourg - Domaines viticoles, conseils oenologiques et joyaux à déguster

Automag

DNA: Luxembourg Crime Podcast

Vu Gemeng zu Gemeng

Status 5 - De CGDIS Podcast