Accueil Podcasts D'Neiegkeeten
D'Neiegkeeten

D'Neiegkeeten

Radio 100,7 25 Épisodes oct. 17, 2026

Den Podcast presentéiert all Woch kuerz Noriichten aus Lëtzebuerg an enger einfacher, lues geschwabeler Sprooch. D'Episoden si geduecht fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren a sech unhand vun aktuellen Theme weiderentwéckelen. All Samstag gëtt et a manner wéi dräi Minutte matgedeelt, wat d'Land beweegt.

Épisodes

D'Neiegkeete vum 17. Oktober 2026
D'Neiegkeete vum 17. Oktober 2026 oct. 17, 2026 ILRES-Sondage  Wann e Sonndeg bei eis eng nei Chamber géif gewielt ginn, wier déi rietspopulistesch Partei ADR ee grousse Gewënner: Si géifen iwwer 3 Prozentpunkte bäigewannen. Och d’DP, déi gréng an déi Lenk géife méi oder manner gewannen. D’LSAP géif gläich bleiwen. Op där anerer Säit géif d’Piratepartei, mee virun allem och d’CSV Stëmme verléieren. D’Sëtzverdeelung an der Chamber no Walen ass e
D'Neiegkeete vum 10. Oktober 2026
D'Neiegkeete vum 10. Oktober 2026 oct. 10, 2026 Budget 2027: "Fir d'Leit, fir Opschwong" De Finanzminister Gilles Roth vun der CSV huet an der Chamber de Gesetzprojet fir de Budget vum nächste Joer deposéiert a presentéiert. De Budget 2027 huet den Titel: "Fir d‘Leit, fir Opschwong". De Finanzminister huet dat esou resuméiert: "Mir investéieren, mir entlaaschten. Mir stäerken d’Kafkraaft vun de Leit. Mir stäerken d’Betr
D'Neiegkeete vum 3. Oktober 2026
D'Neiegkeete vum 3. Oktober 2026 oct. 3, 2026 Déifferdeng krut 400.000 Euro geklaut D’Gemeng Déifferdeng huet 400.000 Euro geklaut kritt. Déii Sue sinn am Fréijoer op e falsche Kont iwwerwise ginn, wéi elo bekannt gouf. Den Ament gëtt zu Déifferdeng en neit Gemengenhaus gebaut. An iwwer dem Architektebüro hat d’Baufirma der Gemeng eng Rechnung vu 400.000 Euro ginn. Et ass dunn enger onbekannter Persoun gelongen, Zougang zum Email-Verkéier tës
D'Neiegkeete vum 26. September 2026
D'Neiegkeete vum 26. September 2026 sept. 26, 2026 Hybrid Menace: Dronen iwwer Lëtzebuerg Och zu Lëtzebuerg goufen an de leschten Deeg net-identifizéiert Drone gesinn. Dat och iwwer dem Flughafen. Dat huet vill Onsécherheet a Problemer verursaacht. De Fluchverkéier um Findel gouf zweemol gestoppt. D‘Leit an d‘Medien hu sech vill Froen iwwer déi Drone gestallt. Zu Lëtzebuerg wëssen d‘Autoritéiten awer nach ëmmer net, wien hanner den Drone stécht. D
D'Neiegkeete vum 19. September 2026
D'Neiegkeete vum 19. September 2026 sept. 19, 2026 Schoulrentrée D’Vakanz ass definitiv eriwwer. Bei eis ginn elo erëm 120.000 Jonker an d’Schoul. Si hunn tëschent 3 an 18 Joer. Vun elo u muss een nämlech bis 18 Joer an der Schoul bleiwen. Dat ass eng vun den Neierunge fir dëse Schoulufank. Nei ass awer och de sougenannte Projet ALPHA: Domat kënne kleng Kanner elo op Däitsch oder Franséisch léiere liesen a schreiwen. Bis elo gouf dat just op Däits
D'Neiegkeete vum 12. September 2026
D'Neiegkeete vum 12. September 2026 sept. 12, 2026 PISA-Etüd an de Schoulen: Schlecht Resultater fir Lëtzebuerg D‘Schoul fänkt elo nees un. Mee scho virun der Rentrée gouf vill iwwer d‘Schoul geschwat. An der PISA-Etüd 2025 iwwer d‘Schoulen huet Lëtzebuerg nämlech schlecht ofgeschnidden. Dës Etüd vergläicht d’Leeschtunge vu Schülerinnen a Schüler aus 91 Länner vun der OECD – dat ass d‘Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklun
D'Neiegkeete vum 18. Juli 2026
D'Neiegkeete vum 18. Juli 2026 juil. 18, 2026 Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Et ass déi lescht Episod virun der Summervakanz; den 12. September si mer nees mat enger neier Episod fir Iech do. Mäin Numm ass Diane Lecorsais. An dësen Neiegkeeten: D’Tramsstreck gëtt ausgebaut. Bis 2033 fiert den Tram vun der Stäreplaz bis bei den CHL. An: Fir op den Autobunnen an der Belsch ze
D'Neiegkeete vum 11. Juli 2026
D'Neiegkeete vum 11. Juli 2026 juil. 11, 2026 Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Mäi Numm ass Pit Beffort. An dësen Neiegkeeten: Ronn 200 Persoune wiere mat illegalen Dokumenter op Lëtzebuerg komm. An e Grupp vun Associatioune setzt sech fir méi bezuelbare Wunnraum an.  Bedruchsaffär: De Parquet huet dës Woch eng gréisser Enquête ëffentlech gemaach. Ronn 200 Persounen aus Län
D'Neiegkeete vum 4. Juli 2026
D'Neiegkeete vum 4. Juli 2026 juil. 4, 2026 Hëtztwell: Autoritéiten zéien de Bilan No der Hëtztwell Enn Juni hunn d‘Temperature sech ofgekillt. An d‘Autoritéiten hunn elo een éischte Bilan vun der Hëtztwell gezunn.  D‘Rettungsdéngschter hate wärend der Hëtztwell vill ze dinn. Si hate 70 Prozent méi Asätz wéi zu normalen Zäiten.  Och d‘Spideeler hunn déi héich Temperature gespiert. Et si vill méi Leit wéi soss an d‘Urgencë vun de Spideeler k
D'Neiegkeete vum 26. Juni 2026
D'Neiegkeete vum 26. Juni 2026 juin 27, 2026 Hëtztwell: Neien Temperaturrekord fir de Mount Juni Lëtzebuerg huet wéi vill aner europäesch Länner eng ganz Woch laang un enger extreem laanger an intensiver Hëtztwell gelidden. Schonn ugangs der Woch, méindes, hunn d‘Autoritéiten déi héchst Alarmstuf rout wéinst héijen Temperature vun iwwer 30 Grad ausgeruff. An den Deeg duerno gouf et dunn ëmmer méi waarm. An donneschdes, de 25. Juni, gouf och
D'Neiegkeete vum 20. Juni 2026
D'Neiegkeete vum 20. Juni 2026 juin 20, 2026 Klima: Zweet Hëtztwell banne kuerzer Zäit No der Hëtztwell am Mee ass Lëtzebuerg schonn nees mat extreem waarmen Temperature konfrontéiert. De Gesondheetsministère an de staatleche Wiederdéngscht Meteolux hunn alle béid déi zweethéchst Warnung wéinst Hëtzt erausginn. Gemellt ginn Temperature bis zu 36 Grad iwwer e puer Deeg. Och nuets sollen d‘Temperaturen net méi ënner 20 Grad falen. Dowéinst hu
D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026
D'Neiegkeete vum 13. Juni 2026 juin 13, 2026 Intro Wëllkomm an der neier Episod vum Radio 100,7 sengen Neiegkeete fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Och dës Woch huet sech alles ronderëm d‘Mesurë gedréit, déi an der Tripartite decidéiert goufen, fir op d‘Konsequenze vum Krich am Noen Osten ze reagéieren. Wéinst deem Krich sinn och zu Lëtzebuerg d‘Energiepräisser an d‘Inflatioun geklommen. Tripartite Accord gouf ënnerschriwwen D‘Regierun

Recommandé