
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
An dësem Podcast geet et ëm d'Fro, wéi een méi glécklech, méi entspaant a méi gesond duerch d'Liewen goe kann. D'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani gëtt Tipps an Ustéiss, fir de Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen ze fannen. D'Episoden si praktesch orientéiert a leeën de Fokus op Wellness, mental Gesondheet a perséinlech Entwécklung.
Épisodes

Episode 64 : Coaching bei kierperlechen Aschränkungen
An dëser Episod schwätze mir mam Tanja Heirens, systemesch Coachin, déi Frae mat kierperlechen Aschränkungen begleed. Mir schwätzen iwwert d’Bezéiung zum eegene Kierper, Erausfuerderungen am Alldag, Selbstbestëmmung an d’Kraaft, trotz Verännerungen nees méi Lichtegkeet a Vertrauen ze fannen. Eng déif, éierlech an inspiréierend Gespréich iwwert Resilienz, Bewosstsinn a nei Méiglechkeeten.

Episode 63: Vipassana
An dëser Episod vu Be Well – de gesonde Podcast zu Lëtzebuerg schwätze mir mam Greta Flisi iwwert Vipassana Meditation – eng al Praxis vun Stëll, Observatioun a Bewosstsinn, déi duerch S.N. Goenka weltwäit bekannt gouf. D’Greta deelt, wéi eng 10-Deeg-Retraite hiert Liewen déif verännert huet, firwat mir d’Quell vun eisem Gléck an eis selwer fannen, a wéi Vipassana eis hëllefe kann, méi Rou, Kloerh

Episode 62 : Wëllplanzen
Mir empfänken d'Manon Bissen (Wëll Muert), diploméiert Sozialpädagogin a Wildpflanzenpädagogin a grouss Kanéngchen-Liebhaberin. Si deelt hir Persounlech Rees an d’Natur, d’Ausbildung vun 2022, hiert Engagement fir al Heelmëttel-Wëssen a praktesch Fäegkeeten fir Wëllplanzen ze erkennen. An dëser Episod léiere mir: wéi een ufänkt Wëllplanzen z’identifizéieren, firwat vill Wëssen verluer gaangen ass,

Episode 61: Unature
Mat UNature entdecken mir, wéi de Bësch a natierlech Raim zu Lëtzebuerg aktiv zu mentaler
Gesondheet, Präventioun an Educatioun bäidroen. D’Organisatioun verbënnt wëssenschaftlech Fuerschung mat konkreter Praxis a schafft zesumme mat Schoulen, Ministèren a Gesondheetsakteuren, fir Natur als Ressource fir Resilienz an nohalteg gesellschaftlech Entwécklung ze verankeren.
An dësem Episod schwätzen mi

Episode 60: Krav Maga
Krav Maga ass méi wéi Selbstverdeedegung: et geet ëm Sécherheet,
Selbstvertrauen a mental Stäerkt. Eng praktesch Approche, déi op
natierleche Reaktiounen baséiert a fir richteg Situatiounen entwéckelt gouf –
am Alldag an a schwierege Momenter. De Marc Stoltz war an senger Carrière war hien ëmmer op der Sich no
enger Selbstverdeedegung, déi wierklech funktionéiert – souwuel fir
Asazkräfte wéi och f

Episode 59: Food Waste
Be Well haut mam Lisa Albers. Hat ass Responsabel fir Sensibiliséierung an
Informatioun bei on.perfekt, enger sozialer Entreprise, déi Liewensmëttel eng
zweet Chance gëtt a sech aktiv géint Food Waste asetzt. Schon Schonn wärend hirem Studium zu Amsterdam huet si sech intensiv mam Thema Nohaltegkeet auserneegesat – vu Veganismus iwwer Second-Hand-
Konsum bis hin zu hirem Engagement als Bénévole be

Episode 58 : Familiencoaching
Fabienne Weber war Joren laang Léierin, mat vill Léift fir d’Kanner – bis si
gemierkt huet, datt si sech selwer dobäi verluer huet. Eng
eenzeg Situatioun mat engem Kand ass fir si zum Wendepunkt
ginn. Si huet erkannt, wéi vill vun deem, wat d’Kanner gewisen
hunn, och e Spigel vu hirem eegene bannenzege Chaos war.
Haut geet si e komplett neie Wee: hallef an der Schoul, an
hallef als Familiencoach,

Episode 57: Spirituell Hypnose

Episode 56: Tarot
Mir machen en Ausfluch an d’Welt vum Tarot. Wien sech elo eng Madame Irma fierstellt an enger Roulotte mat enger Glaskugel an Kaarten deen lait awer falsch… Tarot de Marseille Versioun 2025. An fir dorriwwer ze schwàtzen ass d’Chloé Schonckert haut bei mir am Studio.

Episode 55 : Energetesch Hausrengegung
Et ass Rentrée an vill vun ais maan dann och doheem nees alles prëtt- dei grouss Bot oder alles emol aussortieren wat n¨t mei gebraucht gett… ma dat kann een nach mei wait feieren. Energetesch kann een sain Haus nämlech och rengegen an dorriwer schwätzen er haut mam Kathrin Werno, freier Journalistin, mee och Feng Shui Berooderin, Theta Healing Practioner an Coach.

Episode 54 - Living Food
"Living Food" beschreift Liewensmëttel, déi an hirem natierlechen, onveraarbechten Zoustand konsuméiert ginn, ouni iwwer d'Kierpertemperatur erhëtzt ze ginn. Dëst bedeit, datt se sou wéineg wéi méiglech veraarbecht ginn, fir hir ursprénglech Nährstoffdicht an d'Enzymer, déi se enthalen, ze erhalen.
D'Véronique Defosse huet no 25 Joer Aarbecht am finanzellen Beraich zu Lëtzebuerg hier Carrière komp

Episode 53: Quantum Guidance
"Quantum Guidance – Äre Wee zu Iech selwer"
Entdeckt déi déif spirituell Wëssenswelten vun der Quantum Guidanc, oder guidance informationelle quantique op franseisch. Fir jiddereen, deen op der Sich no méi déifem Verständnis a Selbstentwécklung ass.

Episode 52: Menopause
Caroline Lentz ass geleiert Franséischproff. 2022 ass si duerch eng Operatioun vun haut op muer an d'Menopause komm wou Sie 45 Joer al war. Doropshin huet si sech immens vill zum Thema informéiert a mëscht haut eng Formatioun als Healthcoaching mat enger Holistescher vue vu Gesondheet an Nutritioun mam Schwéierpunkt op Menopause bei der Fra. Sie huet och fir de Forum en Artikel geschriwwen iwwert

Episode 51: Systemesch Opstellungen
Haut interesseieren mer ais fir Konstellatiounen, net dei am Himmel vun den Staeren mee dei an aiser Famill, Arbechtswelt oder aaner Grupp vun Zesummenliewen.
Mir sinn jo all Deel vun engem System - ais Famill, ais Frenn, aist Aarbechtsemfeld. An heiansto sin hei och mei schwiereg Situtaiounan oder Konflikter verstoppt. Onbewosst wiederhuelen mir dei selwecht Geschichten, Thematiken ëmmer nees.

Episode 50 : Rèckblèck
50 Episoden am Rèckblèck!

Episode 49 : Tai Chi
Tai Chi ass eng meditativ Kampfkonscht. Nodeems de Johnny Li Northern Shaolin Kung Fu praktizéiert huet an a verschidde Buddhistesche Monastères war ass hien op den Tai Chi komm - mei prezis Wu Taijiquan - e ganz aalen Selbstoofwier System deen och déif am Taoismus an Buddhismus verankert ass. An dëser Technik, déi aus der Kampfkonscht kennt, geet et awer net drëms géint een ze kämpfe vu baussen,

Episode 48 : Vegan Chrëchtdaag
D’Feierdeeg sti virun der Dier an ech wollt mech haut emol mat der fro beschäftegen - wat kann een als Vegan oder vegetaresch Optiounen op den Dësch zauberen. An dofir schalte mir live op Wien bei d’Liz Sinner vu vegelizious . Si ass Rezeptentwecklerin an “Food”-Fotografin a schafft och zesumme mat BIOG oder der Moutarderie de Lux. Den Ament studéiert déi jonk Fra Diätologie zu Wien an haat nach ë

Episode 47: Trauerbegleedung
Den Eberhard Driesler kënnt ursprünglech aus Bayern a schafft zanter gudd 30 Joer hei am Land. Hien ass Diplom-Theolog, Diplom-Psycholog, huet e Bachelor an der Philosophie an en Zousatzstudium an der Erwuessepädagogik,
Formatioun als systemesche Psychotherapeut an EMDR. Hien huet laang als Pastoralassistent an der Lëtzebuerger Kierch geschafft a gläichzäiteg als Familljen- a Koppelstherapeut am

Episode 46 - Psychologesch Berodung am Bësch
An dësem Episode gi mir an de Bësch fir eng psychologesch Berodung. A Kader vun de Semaines de la Santé mentale déi all Joer am Oktober sinn interesséiere mer äis nämlech fir eist mentaalt a psychescht Wuelbefannen. D'Anne Stauder trëfft hier Patienten net an engem Cabinet, mee am Bësch an erkläert äis wat hannert der Forest Walk & Talk Technik stécht.

Episode 45: ADHS bei Erwuessenen
An dësem Podcast interesséiere mer äis fir ADHS bei Erwuessenen. D'Estelle Thilgen ass diploméiert Psychologin mat enger Spezialisatioun an der Neuropsychologie an ADHS. Sie ass och Fondatrice an therapeutesch Coordinatrice vun der "Clinique de l’Attention", ee Service ambulatoire, deen sech op ADHS bei Erwuessene spezialiséiert am Centre Hospitalier du Nord.

Episode 44: Diabetes Preventioun
Haut interesséieren mer äis fir Diabetes, an dat ass un sech en Iwwerbegrëff fir verschidde Stoffwiessel Erkrankungen. All gemeinsam hunn se dass se zu erheischten Bluttzockerwäerter feieren a Patienten e Mangel um Insulin Hormon hunn oder d’Insulin Wierkung verréngert gëtt.
Jessica Durbach huet e Master an der Gesondheetsfërderung an Erzeihung. Ass Expertin an der Suchtpreventioun an elo säit 2

Episode : 43 Reflexologie
Be Well Podcast mam Tamara Leuck vun kierperfeissaseil.com

Episode 42: Somatics
Somatics, aus dem engleschen - bedeit un sech de Beräich vun der Kierperraarbecht an der Bewegungsléier an zwar wei een wat vu bannen emfend a wei een déi Erfahrungen ka betounen. Tessy Beckené ass eng ganzheetlech a kierperorienteiert psychopedagogesch Beroderin a somatesch Coach. Sie ass spezialiséiert op Neurodiversität, wie ADHS-Beratung an -Coaching, Traumaverarbeitung, Bindungsproblematike

Episode 41 : Faarfanalyse
Mir sinn all eenzegaarteg op dëser Welt a gesinn deemno och eenzegaarteg aus! Des Eenzegaartegkeet gëtt dann och nach duerch eng Kombinaisoun vun Nuancë vun eisem äusserleche Wiese betount- äis Aenfaarf, Hoerfaarf, Hautfaarf… Styliste kennen dëst scho laang ma och ee selwer kann erausfanne weieng Faarwe gutt bei ee passen an domat gesäit et net just optesch besser aus, ma et entseet och en neit Li

Episode 40: Mobbingpreventioun
Mir interesséieren äis haut fir d’Wuelbefanne vun de méi Klengen, awer natierlech kann alles dat wat mer haut beschwätzen och op déi Erwuessen iwwerdroe ginn. Et geet drëms ouni Angscht kennen am Alldag ze funktionéieren a Resilienz ass do e gudden Wee, an dat kennen och schonn Kanner a Jugendlecher leieren. D’Michele Bloes war selwer Chargé a Schouljoffer a schafft haut als Resilienzcoach mat gan

Episode 39 : Theta Healing
ThetaHealing ass eng Meditationstechnik a spirituell Philosophie, déi vun der Amerikanerin Vianna Stibal gegrënnt gouf. D’Theta Healing-Technik hëlleft un sech fir de Geescht,, Kierper a Séil nei anzeriichten an deem een sech mat enger méi heiger Kraaft verbënnt. Et ass keng Relioun mee awer gleeft een hei drun dass et eng Createur gëtt vun dëser Welt. Weider Detailer ginn et haut mam Kimberly Jei

Episode 38: Wantersport
Di kal Saison steet virun der Dier an do gëtt fir deen een oder aneren Wantersport dann nees groussgeschriwwen. Natierlech denkt een do virop em u Schifueren, ma et ginn och nach aner Wantersportaarte wou sech all Joers leider vill Leit verletzen. Wat kann ee preventiv maachen fir dass et net op emol awer schif ausgeet… doriwwer schwätzen ech haut mat 2 erfuerene Kinesitherapeuten, dem Geoffrey Os

Episode 37 : Chiropraktik
Chiropraktiker konzentréieren sech virun allem op de Beweegungsapparat vun de Patienten. Et geet een heibäi dovun aus dass déi meescht kierperlech Beschwierden vu Gelenkverännerungen ausgi wei ZB Feelstellungen oder Blockaden.
De Scott Oliver war ëmmer passionéiert fir Sport a wärend senger Aarbecht um Calgary Center for Health huet hie Chiropraktik kennegeléiert a war fazineiert vum Impakt vun

Episode 36: Mentalfeldtechnik
D’Mentalfeld-Techniken (MFT) ass eng liewensbegleedend net invasiv Therapie - an Selbsthellefethode fir d’Balance fir den autonomen Nervesystem. Et kann ee Stress bewältegen egal op et physeschen oder mentale Stress ass an et ass eng Therapie déi ganz gutt hëlleft bei Ängschten, Phobien, Zwäng, Prüfungsangscht, Hyperaktivitéit, chronescher Péng, Allergien asw. Am Studio ass dofir d’Mandy Poncin, e

Episode 35: Massagen
Massage ass jo bekanntlech eng Zort Behandlung vum mënschlechen Kierper duerch klappen, knieden, heemelen, drécken, zeien etc, ma des Technik déi een als Empfänger "kritt" kann och vill méi déif goen an ganz aner Blockaden léisen. D'Ayano Everling huet sech no enger Karriär am Enseignement reorientéiert an proposéiert haut ganzheetlech Massagen aus der ganzer Welt déi vill méi wäit wei just ënnert

Episode 34: Krafttraining
Virum Summer kucken mir wei mir eisen Kierper an eisen Geescht kennen stäerken. Kraafttraining kann net just d'Kierperkraaft verbesseren mee op laang dauer och en enormen Impakt hunn op ais Gesondheet an Mobilitéit am Alter. Wisou Kraafttraining wichteg ass, wei een déi Saach ungeet an och wei een dobäi blatzt, dat weess d'Conny Kayser mat hierer 20 järeger Erfarung an deem Beräich ganz gutt. Sie

Episode 33: Human Design
Human Design ass souzesoen eppes wei een Bauplang fir eist Liewen. Jiddereen ass jo mat engem eenzegaartegen Zesummespill vun Veranlagungen, Eegenschaften an Talenter gebuer ginn an Human Design soll hëllefen des ze identifizéieren an domat dann d’Liewen esou ze gestalten dass een sech besser versteet an och säin ganzt Potential erfaassen kann. Deemno ass een dann och méi an der Balance an fillt s

Episode 32: Bioresonnance
Moien bei Be Well, dem Gesonde Podcast zu Lëtzebuerg. Um Mikro ass wei gewinnt d’Sarah Cattani, Journalistin an Yoga Instructeur an haut gi mer mol bëssi an den Kierper mossen… an zwar mat Frequenzen. Mir interesséieren ais nämlech fir Bioresonanz. Des Methode kënnt aus der sougenannter Medecine Quantique an et geet heibäi drëms Bilan'en ze maachen an eventuell Anomalien ze reperéieren an zwar mat

Episode 31: Baubiologie
An dësem Podcast interesséieren mer äis un d’Ëmfeld an deem mer wunnen. Baubiologie ass un sech d’Leier vun der ganzheetlecher Bezéiung tëscht den Mënschen an hirer gebauter Ëmwelt. Baubiologie huet als Ziel een gesond naturno, nohaltegt an och ästhetescht Wunn oder Aarbechtsëmfeld ze schafen. Gebaier an Raim sinn fir Baubiologen souzesoen wei eng drëtt Haut vum Mënsch an dat kann op ganz villes e

Episode 30: Mindfullness
An dësem Podcast gi mer eis emol ganz bewosst wat genee an dësem Moment geschitt. Weieeng Techniken een kann benotzen am privaten oder och am professionellen Liewen fir méi uechtsam ze ginn an deemno och méi bewosst ze handelen.
Uechtsamkeet bezeechent en Zoustand vum Geescht an deem den Mënsch hellwaakreg ass an alles matkritt wat den Moment selwer geschitt souwuel kierperlech wei mental mee ou

Episode 29: Hypnobalance
D'Cindy Gouden ass Hiewan an Hypnotherapeutin an sëtzt sech virun allem mat den Themen Schwangerschaft, Gebuert, Kannerwonsch mee och traumatesch Gebuerten, Fehlgebuerten, Staerenkanner auseneen an seet selwer : egal wei haart d’Ëmstänn sinn et gëtt ëmmer en Mëttel an Wee fir des ze verschaffen. Et geet drëms den Mënschen ze hëllefen nees an den Aklang mat sech selwer ze kommen duerch d’Hypnose an

Episode 28: Medical Tattoo
An dësem Episode schwätzen mir mat der Tattoo-artistin Sandra Biewers iwwert medizinesch Tättowéierungen. Zanter gudd 25 Joër gëtt et des Spezialisatioun op “3D Areola/Nipple Restorative and Scar tattooing”. D’Patienten kreien heiduerch en ganzt nait Narbenbild an et kann hinnen och hellefen nee zu sech selwer an zu hirem Kierper ze fannen. En faszinant Thema wat dei aktif Kënschtlerin elo och hei

Episode 27: Energy Healing
Schamanismus bezeechent un sech eng Traditioun déi aus SIBIRIEN kennt an gëtt dohier och Sibireschen Animismus genannt. D’Heelritualer vun esou Schamanen ginn dobäi net just mam Moment selwer em mee kennen och an d’Vergaangenheet vun der Persoun goen déi bei si geet. Et ass weder eng Relioun nach just eng spirituell Praxis, mee Energieheelen oorientéiert sech awer un dësen Saachen an schafft wei d

Episode 26: Schwangerschaft
Bei Be Well geet et haut em eng ganz besonnesch Zäit an enger Fra (an och engem Mann) hirem Liewen, nämlech wann en neien klengen Mënsch decidéiert huet op des Welt ze kommen. Schwangerschaft, déi eng hunn eng oder méi hannert sech, aner dreemen dovun oder wëllen guer näischt dovun wëssen. D’Schwangerschaft den Ufank vun all Liewen hei op dësem Planéit, an dat an egal wei engem Familiären oder soz

Episode 25: Emweltmedizin
Mir sinn äis all bewosst dass äis Ëmwelt an eist Ëmfeld en Afloss kenne hunn op äis Gesondheet an awer faellt et eis dacks schwéier ze gesinn wat iwwerhaapt en Impakt op eis huet an wat vlait net. Weien Elementer vun eisem alldeeglechen Ëmfeld sinn deelweis direkt am Zesummenhang mat eisem Wuel oder eben Onwuelbefannen, oder esouguer eisen Krankheetsbiller oder eiser Péng am Kierper? D’EmweltMediz

Episode 24: Wassersport
D’Element Waasser ass net aus dem Liewen net ewechzedenken, an an dësem Podcast beschäftegen mer äis mat Aktivitéiten déi een an oder um Waasser maachen kann. Waassersport ass grad am Summer och hei am Land op villen Platzen ugesot. Wat gëtt et iwwerhaapt fir Waassersportaarten? An wiefern ass et anescht um Waasser wei un Land an weieng Beneficer hunn Aktivitéiten an an ronderëm d’Waasser? Fir do

Episode 23 : Aromatherapie
Lavendel fir ze entspanen, Eukalyptus wann een erkaalt ass, Rosen fir gutt Laun… dat huet een alt schonn emol op mannst héieren oder gelies mee wat genee stécht hannert dem Begrëff Aromatherapie? Wou an wei gëtt se agewennt, wat genee sinn ätheresch Ueleger an op wat muss een oppassen? Doriwwer schwätzen mer Haut mam Catherine Ludivig ,geleiert Gäertnerin an Assistante en Pharmacie. Hirem éischten

Episode 22 : Schlof
Schlof ass un sech en Zoustand vun absolutter Rou bei Mënsch an Deieren. Den Puls, d’Noutfrequenz an och den Bluttdrock veränneren sech an eisem Schlofphasen an schlof ass wichteg fir en gesond an equilibréiert Liewen, ma weder ze vill nach ze mann Schlof ass gutt fir äis.
Wéi mir kennen besser schlofen, méi ausgeglach rouen an am Gesamtbild méi balancéiert kenne sinn dat ass der Masa Nobilo hier

Episode 21: Allergien
Allergien sinn en Phänomen vum Occident, wisou dat esou ass an wat een preventiv kann maachen, dat beliichten mer an dësem Episode vum Be Well Podcast. Pollen, Liewensmëttel, Fell vun Deieren oder Milben… et ginn eng hëllewull un Saachen op déi déi Erwuessen ma och d’Kanner allergesch reagéieren an déi puer awer och heiansdo ganz vill Auswierkungen op den Alldag hunn. Mee wat genee ass iwwerhaapt

Episode 20: Trisomie21
Trisomie 21 ass déi heefegst genetesch Anomalie. 1 op 1000 Gebuerten getraff ass. Sie exiléiert op der ganzer Welt an dat schonn zanter ëmmer. Un sech enthalen Zellen vun engem Mënsch mat Down Syndrom eng zousätzlech Kopie vum Chromosom 21 also hunn si der am ganzen 3 puer an dohier och den Numm Trisomie 21. Mee wei ass d’Liewen mat deem “Chromosome en plus” an wei ass d’Situatioun haut . Doriwwer

Episode 19: Danz
Danz, dat sinn un sech eng Serie vun Mouvementer déi dacks ästhetesch oder symbolesch gemengt sinn, et ass d’Beweegung vum Kierper ouni Wierder, et ass quasi eng Zort Sprooch vum Kierper. Wat fir eng Auswierkungen huet Danzen op eis? Kann eigentlech jiddereen Danzen? Wei kann Danzen eis als Erwuessenen mee och als Kand positiv beaflossen an eventuell zu engem ganz neien Kierpergefill hëllefen. Dor

Episode 18: Mindful Eating
An dësem neien Episode beschäftegen mer eis haut mam Sprit vum Kierper, nämlech eisem Iessen an eisen Iessgewunnechten. Mindful Eating: wei kann ech méi bewosst an méi intuitiv Iessen an weieng ganz einfach Saachen kann ech an mengen Alldag ëmsetzen fir dass d'Iesssaachen déi ech zou mer huelen mir och an Leif an Séil gutt dinn. Doriwwer schwätzen mer mam Tammy Diderich, Diététicienne am Sportslyc

Episode 17: Osteopathie
Osteopathie ass eng eegestänneg Form vun Medezin an där mat den Hänn geschafft gëtt. Den Mënsch gëtt an senger Gesamtheet behandelt. Vill Leit ginn mat Neigebueren bei den Osteopath oder z-B wann se Péng am Kierper hunn oder aner Problemer. Wat genee ass Osteopathie? Wou hëlleft se an wat ënnerscheet Osteopathie, vun Kiné, Chiruparktiker oder MikroKiné? Vir doriwwer ze schwätzen ass haut den Laure

Episode 16: Burnout
Emotional exhaustion syndrome oder och Burn Out genannt huet een op 10 Employéen an Europa. Am Grand-Duché geet des Zuel souguer nach an d’Lut mat 2 Persounen op 10 déi sech op der Aarbecht gestresst fillen, an chroneschen Stress ass den gréissten Risikofacteur fir en Burn Out. Haut schwätzen mer mam Violaine Neuser , Psychologin am Gesondheetszentrum. Sie ass spezialiséiert am Stress Management a

Episode 15: Hypnotherapie
Hypnotherapie baséiert op Psychotherapie an schafft mat verännertem Bewosstsinn déi ënnert dem Begrëff „Trance“ zesummegefaasst ginn. Dëst passéiert duerch Techniken mat Suggestiounen an Formuléieren an sollen et erméiglechen un Partien vun Ennerbewosstgsinn ze kommen op déi mir soss am alldeeglechen liewen keen Accès hunn. Fir mat äis doriwwer ze schwätzen accueilléieren ech haut d’Vanessa Gran

Episode 14: Microkinesitherapie
Microkinesitherapie ass eng douce an manuell Therapie wou mat Beréierung geschafft gëtt fir am Organismus déi Platzen ze fannen wou Wonnen nach net geheelt sinn. D'Microkiné, wéi se kuerz genannt gëtt kann Irritatiounen oder Trauma opschaffen déi engem un sech net vlait guer net wierklech bewosst ass. Fir doriwwer ze schwätzen ass haut den Kiné Christophe Radek bei mir am Studio deen zanter 30 Joe

Episode 13: Yoga Therapie
Yoga gëtt et an den ënnerschiddlechste Varianten an déi al Léier aus Indien ass scho laang e weltwäiten Trend. Et ass eng Antik Praxis fir den Kierper an den den Geescht ze harmonéieren an dat mat Otem Exercicer, Übungen an Meditatioun. Yoga Therapie ass wann een des Prozesser ganz bewosst a säin deeglecht Liewen abaut an applizéiert. Mir schwätzen mam Helder de Graça deen schonn méi wei 10 Joer Y

Episode 12: Nutritioun
Wat ass déi bescht Ernierung, eng Fro déi d'Leit schonn zanter laangem iwwerall op der Welt hunn. Eng kloer Aenwert gëtt et net, mee ech gëtt sécherlech Richtungen déi méi gesond sinn wei anerer. Wouropper kann een an sengem Alldag oppasse, an wat duerch wat ersetzen. Wei schiedlech ass Zocker an wei schwéier wichteg ass et sech bewosst ze ernären an net just einfach all puer Stonne eppes iessen.

Episode 11: Gesondheetsberuffer
Sie waren virun allem am leschten Joer déi absolut Helden vum Alldag! Infirmieren an Infirmiere, Dokteren, Aide Soignanten… dat ganzt medezinescht Personal an dat weltwäit. Wei wichteg et ass dass vill Leit der Beruffung als Fleeger noginn hunn mer alleguerten spéitstens do verstanen. Fir iwwert d’Passioun vun den Gesondheetsberuffer schwätzen ass haut d’Elsa Do Carmo, Directrice vum Pôle Centre M

Episode 10: Otmung
Et ass eng vun den banaalsten Saachen an eisem Liewen an awer stécht esou vill an eisem Otem wat mir net wouerhuelen. Mat den richtegen Techniken kann een sech entspanen oder nees Energie kréien, et kann een Saachen opschaffen oder sech komplett aus enger Stresssituatioun erauszéien. Wéi een den sougenannten "Breathwork" kann ugoen, an weieng ganz einfach Übungen een selwer kann man, dat erklärt ä

Episode 9: Ayurveda
Dass Planzen eis kennen hëllefen ass scho laang bekannt, dass et awer ëmmer em déi richteg Mëschung geet an dass déi fir anescht ass ass vlait net esou gewosst. Haut Reesen mer bis an Indien an interesséieren eis fir hier traditionell Medezin an do spillt alles eng Rolle fir eis Gesondheet ugefaangen bei deem wat mer iessen. AyurVeda op englesch iwwersat “ knowledge of life and longevity" also "L

Episode 8: Akupunktur
Alternative Medezin, do denkt een séier un also Traditionell Chinesesch Medezin an aus där kennt dann och d’Akupunktur an déi gëtt schonn iwwer 3000 Joer praktizéiert. An Asien Géigenden ass des Technik awer vill méi rezent. Wei kennen Nolen heelen an weieng Impulser setzen si am Kierper? Bei wat kann een Akupunktur uwenden an wei effikass ass dat ganzt? Fir doriwwer ze schwätzen ass den Dokter

Episode 7: Psychotherapie
Och 2021 zecken nach ëmmer vill Leit fir bei den Psycholog oder den Psychiater ze goen wann et hinnen séileg net gutt geet. Deels natierlech och well dëst nach net vun der Krankekeess gett, wat sech jo an Zukunft zu Lëtzebuerg kéint änneren. Wat ass iwwerhaapt den Ënnerscheed tëscht Psychologe, Psychotherapeut, Psychiater an Coach an wat kann wiem an weienger Liewenssituatioun hëllefen… ech schwät

Episode 6: Minimalismus
“Let go of things, calm your mind, nurture your soul” - www.less.lu
Haut geet et em eppes wat mer all ze vill doheem hunn, nämlech Saachen… fir déi eng ass et den Schaaf voller Kleeder déi een ni undeet, déi aner hunn eng Kichen voller Tasen an Tupperware wou een ni richteg weess wouhin domat. 10 Handdicher op den Kapp oder 100 Puer schong… mir kennen den Problem an un sech och d’Léisung. Mat mann

Episode 5: Cold Yoga
Schonn déi antik Tibetaner wossten et; de beschte Remède géint Keelt ass… Keelt! Hieren Yoga mécht een net nëmme méi resistent mee och méi staark a méi fit.
TOUMO - iwwersat : "inner fire” also d’Feier wat an äis brennt ass eng Technik aus dem Tibetanesche Yoga an et geet drëms wei ee kann de Kierper an och de Geescht fir extrem Konditiounen adaptéieren. Et kann een sech natierlech virstellen d

Episode 4: Faaschten
Faaschten, also fir Stonne, Deeg oder esouguer Wochen näischt z'iessen gëtt et schonn Joerhonnerten. Wat huet et domadder op sech an wat geschitt dobäi am Kierper an am Geescht. Doriwwer schwätzen ech mam Monique Schmit vun Fastenwandern.lu. Si ass pensionéiert Infirmière an huet sech hiert Liewen laang mat Ernierung an Gesondheet beschäftegt. Zanter 25 Joer mëscht si all Joers eng Faaschtewoch no

Episode 3: Soundmassage
Musek an Téin hunn en groussen Effekt op äis. Se kennen frou stemmen oder traureg. Ma doriwwer eraus kënnen se äis awer och déif entspanen an et ass och eng Methode fir verschiddenes am Kierper ze débloqueieren. Mam Gilles Heinisch, zertifiéierten Entspanungstrainer an Klangmassagepraktiker schwätzen mer an dësem Episode iwwert d'Beneficen vun Soundhealing an als Bonus gëtt et um Enn dann och nach

Episode 2: Mindset beim Sport
Dass Sport oder physesch Aktiviteit gudd ass fir den Kierper an och den Geescht ass wuel jidferengem bekannt. Mee wéi wichteg ass den Mindset beim Sport an op waat kann een selwer oppassen oder wéi kritt een sech selwer motvéiert? De Jeff Paulus ass Fitnesscoach, Personal Trainer an Athletiktrainer. Hien huet Sportwëssenschaft am Master zu Saarbrecken studeiert an ass Diplom Sportprof. Zanter 201

Episode 1: Forestbathing
D'Karen Decker ass Bësch Coach, ma als passionéiert Bësch Guide weess hat awer och ganz vill iwwert d’Beem an och soss all Bëschbewunner ze zielen. D’Karen ass elengerzéiend Mamm vun 2 Kanner, Educateur gradué an huet sech nach ëmmer fir orientalesch Philosophy a Spiritualitéit interesséiert. En Trip a Japan mat 19 Joer hat och do en groussen Afloss. D’Karen huet dann och Chinesesch Medezin studéi

Epilogue
Wei kann ee méi glécklech, méi entspaant an och méi gesond duerch d'Liewen goen?
Mat där Fro beschäftege sech vill Leit an eben och d'Yogaprof a fréier Journalistin Sarah Cattani.
Be Well probéiert Tipps an Ustéiss ze ginn wéi Jiddereen säi Wee zu engem méi ausgeglachenen an entspaante Liewen kann fannen...
Recommandé

Mom Life in Luxembourg

Nogelauschtert

Kloertext fir ze lauschteren

Lisa Burke Show

Journal (sous-titrage en français)

Das 1x1 der Informatik

KOMM MOL AN DE BÜRO!

Ëmgefall an Ausgelaf

RTL Infos - La Route des Vins du Luxembourg - Domaines viticoles, conseils oenologiques et joyaux à déguster

Automag

DNA: Luxembourg Crime Podcast

Vu Gemeng zu Gemeng