Accueil Podcasts RTL - BicherLies
RTL - BicherLies

RTL - BicherLies

RTL Radio Lëtzebuerg 39 Épisodes oct. 6, 2026

Dëse Podcast ass e Bicher-Podcast, dee sech mat Lëtzebuerger Bicher beschäftegt. Dobäi gëtt och d'international Aktualitéit a Bléck geholl. Et geet ëm Literatur, Hannergrënn an aktuell Theemen, déi Bicher a Lieser interesséieren. De Podcast gëtt vun RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert.

Épisodes

BicherLies Buchtipp: "Mein privates Glück" vum Michael Köhlmeier, 06/10/2026
BicherLies Buchtipp: "Mein privates Glück" vum Michael Köhlmeier, 06/10/2026 oct. 6, 2026 617 D'BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip ënnerhalen sech iwwer den neie Roman vum Michael Köhlmeier A sengem neie Roman „Mein privates Glück“ reest de groussen éisträicheschen Auteur Michael Köhlmeier an déi eege Kandheet a Jugend a leet d’Wuerzele vu senger Erzielkonscht fräi. Am Mëttelpunkt steet säin Opwuessen an enger "erzielsüchteger" Famill, an där vill geschwat, awer och esou munches ver
38. Am Kräizverhéier: de Krimi-Auteur a Prix-Laurence-Laureat Romain Haas, 29/06/2026
38. Am Kräizverhéier: de Krimi-Auteur a Prix-Laurence-Laureat Romain Haas, 29/06/2026 juin 29, 2026 2148 "Kee Gefuddels!" D'Personnagen am Krimi "Jagd durch Luxemburg" musse sech bei hirer Schatzsich u streng Reegelen halen De Millionär Charles Cannes hannerléisst senger Famill e Verméige vun 100 Milliounen Euro! Mä d’Saach huet en Hoken: Fir ierwen ze kënnen, musse si sech un enger Schatzsich bedeelegen, déi si duerch ganz Lëtzebuerg féiere wäert. Séier gëtt kloer, dass dës «Juegd duerch Lëtzebuer
37. Am Kräizverhéier: De Joseph Kayser iwwer säin Erzielband "toujours jamais", 29/01/2026
37. Am Kräizverhéier: De Joseph Kayser iwwer säin Erzielband "toujours jamais", 29/01/2026 janv. 29, 2026 Alles wat mënschlech ass: eng ganz Bandbreet vu Gefiller a véier Novellen. Mat "Prinzessin Charlotte" huet de Jos Kayser 2017 säi literareschen Début ginn. Zënterhir huet hien Novelle, Kuerzgeschichten a Romaner op Lëtzebuergesch an Däitsch verëffentlecht. Mat "toujours jamais" proposéiert hien 4 Novellen op Franséisch déi sech duerch eng grouss thematesch a formell Diversitéit auszeechnen. Vu Lé
36. BicherLies Weltbibliothéik: En Ausfluch an d'Literatur vu Japan, 29/11/2025
36. BicherLies Weltbibliothéik: En Ausfluch an d'Literatur vu Japan, 29/11/2025 nov. 29, 2025 Nodeems de Jérôme an d'Bea viru kuerzem en Interview mat der Amélie Nothomb gefouert hunn, si si virwëtzeg ginn op d'Literatur vu Japan Japan ass e grousst Thema an de Bicher vun der Amélie Nothomb, si huet en Deel vun hirer Kandheet do verbruecht. Et ass e Land dat faszinéiert, wéi och de Lëtzebuerger Schrëftsteller Robert Weis bezeie kann. Mat "Retour à Kyoto" an "Yamabushi - la sagesse des mon
35. De BicherLies-Interview: D'Amélie Nothomb am Gespréich, 28/09/2025
35. De BicherLies-Interview: D'Amélie Nothomb am Gespréich, 28/09/2025 sept. 28, 2025 1066 De Jérome an d'Bea ënnerhalen sech mat der Amélie Nothomb iwwer hir Bicher, hir Passioun fir Japan an hir Verbindung zu Lëtzebuerg 34 Bicher huet déi belsch Schrëftstellerin zënter 1992 erausbruecht. Hire vir-virleschte Roman mam Titel "Psychopompe" ass elo op Däitsch beim Schwäizer Diogenes Verlag erauskomm. Am Interview erzielt si ënner anerem vun engem traumateschen Erliefniss dat si an dësem
34. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Antoine Pohu, 22/07/2025
34. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Antoine Pohu, 22/07/2025 juil. 22, 2025 2396 Mat grad emol 26 Joer zielt den Antoine Pohu zu de groussen Hoffnungen vun der Lëtzebuerger Literatur. "Après nos désirs" ass säin aktuelle Roman Am neisten Episod vum Podcast "RTL BicherLies" froen de Jérôme an d'Bea dem Antoine Pohu e Lach an de Bauch. Si wëllen alles wëssen iwwer seng Theaterprojeten, d'Konzept hannert sengem neie Roman, d'Roll vun der Musek a sengem Schreiwen, Genderen oder n
33. Weltbibliothéik: Zäitgenëssesch eedgenëssesch, 01/05/2025
33. Weltbibliothéik: Zäitgenëssesch eedgenëssesch, 01/05/2025 mai 1, 2025 2754 Nei Literatur aus der Schwäiz Max Frisch, Friedrich Dürrenmatt, Jean-Jacques Rousseau oder Madame de Staël, dat sinn déi Klassiker déi engem direkt an de Sënn kommen wann een un d'Schwäiz denkt. Mä et ginn och eng ganz Rëtsch zäitgenëssesch Auteuren déi een op kee Fall verpasse sollt! E Christian Kracht oder e Joël Dicker gehéiere ganz sécher dozou, de Jérôme an d'Bea hunn awer nach e puer aner e
32. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Tullio Forgiarini, 04/04/2025
32. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Tullio Forgiarini, 04/04/2025 avr. 4, 2025 2318 Vernoléissegt Jugendlecher, Mëssbrauch a Gewalt: Den Tullio Forgiarini schreift iwwer onkamout Themen Säin Theaterstéck "Vandalium" a säin nei opgeluechte Roman "Miss Mona" si keng Feelgood-Lecture, mä dofir absolut liesenswäert! Mat sengem Roman "Amok-Eng Lëtzebuerger Liebeschronik" (2011) huet den Tullio Forgiarini sech en Numm gemaach an ënner anerem och den Europäesche Literaturpräis gewonne
Am Kräizverhéier: D'Schrëftstellerin Kerstin Medinger, 10/02/2025
Am Kräizverhéier: D'Schrëftstellerin Kerstin Medinger, 10/02/2025 févr. 10, 2025 2287 An hirem neie Roman "Le Secret de Tadi" geet et op eng abenteuerlech Rees duerch d'USA op der Spuer vun engem Geheimnis Am neisten Episod vun der RTL BicherLies huelen de Jérôme an d'Bea nees eng Autorin an d'Kräizverhéier. Mat hirem éischte Roman "Le départ" hat d'Kerstin Medinger et direkt op d'Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis gepackt. Déi fënnef ongläich Personnagen déi sech deemools op en
Weltbibliothéik: Italien, Gaaschtland vun der Frankfurter Buchmesse 2024, 04/01/2025
Weltbibliothéik: Italien, Gaaschtland vun der Frankfurter Buchmesse 2024, 04/01/2025 janv. 4, 2025 2393 Vum Italo Calvino bis bei d'Elena Ferrante, déi italieenesch Literatur huet villes ze bidden! Am 30sten Episod vun der RTL BicherLies maachen de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip sech op de Wee a Bella Italia! Si stellen Iech aktuell Publikatioune vir déi op der Frankfurter Buchmesse am Fokus stoungen a kucken zeréck op d'Entwécklung vun der italieenescher Literatur am 20ste Jorhonnert. Dobäi ginn oc
29. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Tomas Bjørnstad (Nico Helminger), 13/11/2024
29. Am Kräizverhéier: De Schrëftsteller Tomas Bjørnstad (Nico Helminger), 13/11/2024 nov. 13, 2024 2359 An dëser Episode vun der RTL BicherLies hunn d'Bea Kneip an de Jérôme Jaminet eigentlech 2 Invitéeën: Den Nico Helminger a säin Heteronym Tomas Bjørnstad 2018 ass de Gedichtband "Fjorde" erauskomm, geschriwwen vun engem gewëssen Tomas Bjørnstad, engem bis dato onbekannten Auteur mat norwegesche Wuerzelen. Eréischt no 4 Joer an zwee weidere Bicher gouf bekannt dass den Tomas Bjørnstad en Heteronym
28. Schrëftsteller am "Kräizverhéier": De Jean Schoos, 26/06/2024
28. Schrëftsteller am "Kräizverhéier": De Jean Schoos, 26/06/2024 juin 26, 2024 "Gudde Gendaarm - béise Gendaarm" Mat "Attentat", dem 5ten a leschte Fall fir de Sûreté-Offizéier René Fischbach, geet déi beléifte Krimi-Serie op en Enn. 1983. De Fischbach ass zënter 20 Joer am Déngscht an huet de Rang vum Majouer erreecht. Säin Idealismus ass am Laf vun de Joren allerdengs op der Streck bliwwen. En Attentat, eng Erpressung, an, net zulescht, eng Läich am Stauséi, stëppelen awe

Recommandé