Accueil Podcasts Kultur
Kultur

Kultur

Radio 100,7 50 Épisodes oct. 22, 2026

D'Podcast Kultur vum Radio 100,7 bitt Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zur kultureller Aktualitéit. Et gëtt iwwer aktuell kulturell Themaen an Aktivitéiten diskutéiert. D'Formate verbannen Interviewen mat Analysen a Bewäertungen. De Podcast richt sech u Leit, déi sech fir Kultur an déi reegelméisseg Debatte interesséieren.

Épisodes

South Park
South Park oct. 22, 2026 Déi legendär Serie geet elo schonn an déi 29. Staffel. De Simon Larosche huet sech déi éischt Episoden ugekuckt an erzielt eis, ob de legendären Humor an d'Gesellschaftskritik nach ëmmer do ass.
No 3.000 Autoportraite konnt d’Véronique Kolber nees schlofen
No 3.000 Autoportraite konnt d’Véronique Kolber nees schlofen oct. 22, 2026 Virun engem Mount hate mir iech mat an der Véronique Kolber hier nei Foto-Expo am Konschtzentrum Dominique Lang zu Diddeléng geholl. Ënnert dem Titel “Deceptively quiet - d’Rou täuscht” thematiséiert d’Fotografin hier posttraumatesch Erfarung: 1 Joer nodeems hier Duechter ganz uerg blesséiert gi war, konnt si 6 Méint laang net méi schlofen. Fir sech ofzelenken, huet si Selfië gemaach; um Enn hat
CinEast-Festival Kompetitioun (4)
CinEast-Festival Kompetitioun (4) oct. 22, 2026 Zwou Schwësteren zerstreiden sech ëm d'Ierfschaft an der kroatescher Drama-Komedie "Honey Bunny". An der georgescher Tragi-Komedie "Guria", eng Lëtzebuerger Co-Produktioun, geet et ëm déi chaotesch Sich vun engem Witmann no eng neier Fra. Kriticke vum Michel Delage a Valerija Berdi.
Franziska Gänsler - ORCA
Franziska Gänsler - ORCA oct. 22, 2026 Wéi wäit geet een fir engem anere Mënsch ze gefalen a fir en net ze verléieren? E Coming-of-age Roman iwwer toxesch Frëndschaft an onbegrenzt Bereetschaft zu Gewalt ass der Franziska Gänsler hire Roman „Orca“, deen am Verlag Kein & Aber erauskomm an och op der Shortlëscht fir den däitsche Buchpräis stoung. D‘Valerija Berdi huet d‘Buch gelies.
CinEast-Festival Kompetitioun (3)
CinEast-Festival Kompetitioun (3) oct. 21, 2026 D'Zwangssteriliséierunge vu Roma-Fraen an der deemooleger Tschechoslowakei ass de Sujet vun "Only beautiful things to look at". Aus der Perspektiv vun engem jonke Meedchen erzielt "Dua" déi politesch Kris Enn den 90er Joren an der fréierer südserbescher Provënz Kosovo.
Prix Goncourt: "Le fabuleux piano" vun der Sonia Devillers
Prix Goncourt: "Le fabuleux piano" vun der Sonia Devillers oct. 21, 2026 Déi zweet Selektioun vum Prix Goncourt ass eraus, an et bleiwen aacht Bicher op der Lëscht. “De l’autre côté du lac” vum Sylvain Prudhomme, “Minotaure” vum Boris Bergmann a “Choses que je croyais perdues” vun der Clémentine Mélois huet de Jeff Schinker scho rezenséiert, an haut ass hie beim Marc Clement am Studio, fir Le fabuleux piano vun der Sonia Devillers ze beschwätzen.
Festival du Film Italien zu Villerupt - Mon père, le héros...?
Festival du Film Italien zu Villerupt - Mon père, le héros...? oct. 21, 2026 Iwwermuer Freideg, den 23. Oktober fänkt an eiser franséischer Nopeschstad Villerupt den 49. Festival du Film Italien un. A Kinossäll zu Villerupt, mee och zu Diddeleng an Esch gëtt d’Crème de la Crème vum neien - a vum alen - italienesche film gewisen, gefeiert, an natierlech a Competitioun gesat – well Festivalauszeechnungen décidéieren och, wéi eng Filmer um Enn distribuéiert ginn. Ee vun deene
“Shapes”: Dialog tëscht Konscht a Wëssenschaft
“Shapes”: Dialog tëscht Konscht a Wëssenschaft oct. 20, 2026 Dräiecker, Quadrater, Linnen...fënnt een iwwerall, sief et an der Natur, de Wëssenschaften oder der Konscht. Mee wat soen all di Formen iwwert d’Liewen, di Welt ronderëm eis aus? “Shapes – Beyond Geometry” ass eng nei Expo am Ratskeller vum Cercle Cité, an däer Wëssenschaft a Konscht matenee dialogéieren, fir de Visiteuren di subtil Logiken an Transformatiounsprozesser hannert de Forme méi gräifba
CinEast-Festival Kompetitioun (2)
CinEast-Festival Kompetitioun (2) oct. 20, 2026 Onsécherheeten an der Koppel, dat ass de Sujet, deen déi zwee Filmer vun haut verbënnt. De Michel Delage schwätzt iwwer den tschechesche Film "Everything as it should be" an de rumänesche Bäitrag "A Safe Place".
Nei am Kino
Nei am Kino oct. 20, 2026 De Michel Delage mat den neie Filmer déi dës Woch ulafené
Open Air Belval
Open Air Belval oct. 19, 2026 D'Rockhal huet op enger Pressekonferenz hiren Open-Air-Programm fir de Summer 2027 virgestallt. Dorënner de brittesche Museker Sting deen de 15. Juni op de Belval kënnt. Déi belsch Popsängerin Angèle steet den 20. Juni op der Bün, an de 25. Juni suergen déi däitsch Hip-Hop-Legenden Die Fantastischen Vier fir Stëmmung Op der grousser Plaz virun der Rockhal. Nächste Méindeg gëtt dann nach e wei
CinEast-Festival Kompetitioun (1)
CinEast-Festival Kompetitioun (1) oct. 19, 2026 Am Sozialdrama "Shame and money" kritt eng Koppel vu Baueren an der kosovarescher Haaptstad Pristina déi sozial Klassenënnerscheeder voll ze spieren. De polneschen Drama "Tell me what you feel" kombinéiert eng "boy meets girl"-Geschicht mat engem sozial-therapeuteschen Usaz. Zwou Film-Kriticke vum Michel Delage.

Recommandé