
Méi wéi Sex
De Podcast 'Méi wéi Sex' beschäftegt sech mat Sex, Kierper a Sexualitéit op enger oppener an éierlecher Manéier. E riicht sech un all Mënsch mat engem Kierper, a behandelt Themen déi dacks tabu sinn. Episoden gi vum selwechten Numm (Méi wéi Sex) produzéiert a stinn a Verbindung mat Radio ARA zu Lëtzebuerg.
Épisodes

Aktualitéit: Wéi steet et em d’sexuell an affektiv Gesondheet vu Lëtzebuerg
Déi éischt Ëmfro iwwert sexuell an affektiv Gesondheet zu Lëtzebuerg gëtt eis endlech Zuelen zu wichtegen Theme wéi Queerness, Verhütung, sexuell Bildung, sexualiséiert Gewalt, a nach vill méi. 2.371 Persounen iwwer 18 Joer goufe befrot. D’Studie soll et erméiglechen, d’Problemer a Bedierfnisser an dësem Beräich besser ze verstoen a nei Interventiounen ze entwéckelen déi un d’Realitéit um Terrain

Rubrik – Eng gutt Fro: Masturbéieren ech ze vill?
Ech gi moies wakereg, a muss gläich an d’Schoul oder op d’Schaff. Mee e puer Minutte vir séier nach ze masturbéieren hunn ech vläit nach.
Et ass 10 Auer Paus. Séier op d’Toilette masturbéieren.
Mëttesstonn? Grad eppes giess, a lo nach Zäit vir ee Kaffie? Nee, de skippen ech léiwer a rubbele mer nach een.
Ze vill? Ze oft?
Dorëm geet et an dëser Rubrik.

Come Together (Kapitel 4): Dain Emotional Floorplan notzen
An der läschter Rubrik (Kapitel 3 vum “Come Together") huet Kelly iwwert den Emotional Floorplan geschwat: däin emotionale Grondrëss, deen aus 9 verschiddenen Raim besteet. An dëser Rubrik geet et drëm, wei den Emotional Floorplan dir (an denger Bezéiungspersoun) kann dobai hëllefen erausfanne, wéi's du/dir méi oft an déi Raim kenns/kommt, wou Loscht a Pleséier stattfënnt!
Weiderféierend:
– Be

#147: Wat ass queer? – Community Episod
Fir eisen End of Season Event vun der 6ter Staffel hate mer net nëmmen zwee wonnerbar Workshops an eng Drag Show, mee mäer hunn och mat eiser wonnerbarer Community live eng Episod opgeholl!
Mir hu mat Iech driwwer geschwat, wat "queer" amfong ass, an hunn dobäi villfälteg Aspekter vun deem Thema beliicht (och mat Ärer Participatioun!). Si net-monogam a neurodivergent Mënschen inherently queer?

#146: De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung
Et deet wéi, wa mir net gewollt ginn oder eng Persoun ënnerhalb vun enger Bezéiung eis zeréckweist. Dat Gefill ka mol méi schlëmm, mol manner grouss sinn. An dëser Episoden zielen d*e Robin an de Joël, wéi si domadder ëmginn a wat hir Tipps sinn, fir ze vermeiden, datt dat Gefill iwwerhaapt opkënnt. Mä net nëmme mir selwer kënnen ee Kuerf kréien, heiansdo si mir och an enger Situatioun, wou mir en

#145: Vu Gefiller a Kierperen – Schwangerschaft
Schwangerschaft ass eng aschnéidend Zäit am Liewe vu ville Leit, déi sech fir Eltreschaft a Kanner décidéieren. Gläichzäiteg ranke sech vill Mythen ëm Schwangerschaft an ëm d Kierperen vu Mënsche mat Uterus. An dëser Episod erzielt d Paule dem Robin iwwer seng zwou Schwangerschaften, seng Gefiller rondrëm a wéi säi Kierper sech verännert huet. Och schwätzt hat un wéi seng Schwangerschaft seng Perc

#144: Oneenegkeeten aushalen – Konstruktiv Streiden
Fir déi meescht vun eis ass Sträit direkt mat onangeneeme Gefiller a Situatioune verbonnen: sech ublären, Beleidegungen, geklaakten Dieren a gebrachent Porzeläin. Mä dat muss net sinn, et kann een*t nämlech och konstruktiv streiden. Also esou, datt herno weder Teller nach Häerze gebrach sinn an een an enger Bezéiung weider kënnt. An dëser Episod erklären den Elie a Kelly, wéi si dobäi virginn, wou

#143: Ech wëll eppes vun dir an ech weess genee wat – queer netmonogam Frënd*innenschaften
Frënd*inneschaften si fir déi allermeeschte Mënschen e wichtegen Deel vun hirem (soziale) Liewen. Leider leede verschidde Faktoren an enger hetero- a mononormativer Welt dorun, fir eis Frënd*inneschaften heinsdo ze vernoléissegen. De Joël an d*e Robin schwätzen an eiser Episod doriwwer, wéi si hir Frënd*inneschafte gesinn - a firwat si queer net-monogam Frënd*inneschaften pfleegen, a wéi hir Queer

#142: Keng Persoun déi wëll, kee Bock, an elo? – Kee Sex hunn
Et gi Momenter am Liewen, do huet een*t kee Sex. An dat net ëmmer ganz fräiwëlleg an och net ëmmer ganz glécklech. Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer wat dat mat eis mécht a wat fir Grënn et ginn, kee Sex ze hunn. Si erzielen, wéi eng wichteg Erkenntnis dobäi hëllefe kann, eng Zäit ouni Sex ze akzeptéieren a wat fir Méiglechkeeten et gëtt, vir erëm méi Sex ze hunn – oder a

#141: Cu oder Byebye? – Verhütung mat der Kofferspiral
D*e Robin huet Angscht viru Kofferdéiwer - wéi dat?! Ganz einfach: d*e Robin benotzt e Koffer IUD zur Empfängnisverhütung, an dat säit 5 Joer. Während d'Thema Kofferspiral vun Zäit zu Zäit opkënnt, wësse vill Mënschen zimmlech wéineg iwwer dat awer scho relativ aalt Verhütungsmëttel - an oft nach manner iwwer seng néi Re-erfindungen! An dëser Episod freet de Joël d*e Robin aus: iwwer déi verschidd

#140: Turnschlappen, Brëscht a Menopause – (kee) Sex am mëttleren Alter?
De mëttleren Alter ass berühmt-berüchtegt - a vill Leit kucken deem Ofschnëtt vum Liewen mat enger gewësser Angscht entgéint. Angscht, dass "déi gutt Zäiten" dann eriwwer sinn, Angscht virun kierperleche Verännerungen, virun engem Verloscht u Sexualitéit. An dëser Episod schwätzt Kelly mat engem ganz besonnesche Gaascht iwwer dëse Liewensofschnëtt: d'Sandra erzielt vu Bestietnisser, Kanner, Brësch

#139: FOMO, Konsum an d’Britney – Toxic Sex Positivity
Influencer*innen, Partien, esouguer Produiten: Et schéngt, wéi wa jiddereen*t a säi Cousin hautdesdaags sexpositiv wéilte sinn. A wärend déi eng vun de wonnerbaren Orgien erzielen, op deenen si waren, kréien déi aner FOMO, d'Fear of Missing Out. Mä wien decidéiert eigentlech, wat mir net „verpassen“ dierfen? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*e Robin iwwert déi toxesch Säit vu Sex Positivity,

#138: Vu Walrecht, Hausbesetzungen an neie Beweegungen – Feminismus zu Lëtzebuerg
Et ass den 8. Mäerz, de feministesche Kampfdag! Passend zu dëser Occasioun schwätze mäer an dëser Episod iwwer d Geschicht a Géigewaart vum feministesche Kampf zu Lëtzebuerg. An d*e Robin ass dobäi net alleng, mee huet Ada vum Kënschtler*inne Kollektiv Richtung22 am Studio. Ada gëtt dann och e klengen Abléck an d Zukunft vun der lutte féministe am Land.
Shownotes:
Megaphone.lu (Website an op I

#137: It’s fucking political – Sex a Politik
Haut gëtt et politesch! De Joël an d*e Robin diskutéieren, firwat a wéi Sex a Sexualitéit politesch si kënnen, an och ob Sex ëmmer politesch ass. Wann s du heiere wëlls, wat Politik mat HIV, Kondomer an Hoer ze dinn huet a firwat dass eist Méi Wéi Sex Team kee Sex mat Nazis huet, da lauschter an dës Episod eran.
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer ADHS a Bezéiungen.
Shownotes:
Kontroversen

#136: Vun Plugs, Pegging an Popos – Analsex
Et ass gläichzäiteg een Tabuthema an ee vun deene meeschtgesichten Termen op Pornositen. Et kann een*t et mat Toys, mat Fanger, mat der Zong, mat engem Penis oder esouguer der ganzer Fauscht maachen. Riets ass vun Analsex. De Joël, den Elie an d*e Robin schwätzen ënnert anerem doriwwer, ob si léiwer Analsex oder Butt Stuff soen, wat een*t drun hënnere, kann et auszeprobéieren, wat fir wichteg Meth

#135: Du Aarsch – Vum Kickes bis zum Po, alles iwwer Hënnere
Firwat fënnt een Hënneren interessant oder attraktiv? Wéi gëtt de Pupes popkulturell präsentéiert? Wéi oft denkt een un den eegene Kickes? Wat formt eis Bezéiung zu eisem Dokes? A wat kann een alles mat Äersch maachen? Doriwwer schwätzen de Joël a Robin an dëser Episode. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer „How to: Complete Your Stress Cycle“.
Links:
- Guardian Artikel
- 1001 Fesses Project

#134: Méi wéi Doftkäerzen an Meditéieren – Self Care
D'Joer 2024 huet ugefaangen, an dat kënnt fir vill Leit mat Neijoersvirsäz anhir! Vu dass Self Care momentan zimmlech e thing ass, ass dëst Konzept eise Podcaster*innen och als Virsaz duerch de Kapp gaang. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat Self Care amfong ass, wéi se ausgesi kann a firwat si et net op hir Lëscht vun de Neijoersvirsäz gepackt huet.

#133: Popcorn, Picknick oder Poppen – Wat ass een (gudden) Date?
Wien kennt et net? Et trëfft een*t sech mat enger Persoun, et ënnerhält een*t sech gutt an um Enn freet een*t sech: War dat elo een Date? De Joël, den Elie an Kelly probéieren an dëser Episod, dem Geheimnis op d'Spuer ze goen an ze klären, wat een Date ass. An well mir net bei de Basics ophalen, erziele mir dann och, wat ee gudden oder esouguer de perfekten Date wier. E puer Tipps fir gutt Locati

#132: Daily Bodyhorrors – Ekel, Schummt a wierd Kierpersachen
Eenzel Hoer, klompeg Flëssegkeeten, interessant Gerösch - den dägleschen Kierper produzéiert sou Eeneges fir dat mer eis intuitiv schummen oder eekelen. An dëser Episode schwätzen de Joël a Kelly driwwer. Mir froen eis: Wat gëtt et esou u weirde Saachen, déi aus eise Kierpern erauskommen oder drop wuessen - a wouhier kommen Ekel a Schummt?

#131: Méi wéi eng déidlech Infektioun – HIV Témoignage
HIV an AIDS, Begrëffer déi och haut nach a ville Leit Angscht ausleisen. No der furchtbarer Epidemie an den 80er a 90er, déi virun allem queer Mënsche getraff huet, sinn och haut nach vill Stigmaën iwwer HIV an de Kapp vun de Leit ze fannen. Well et am Globale Norden méi roueg ëm d Thema HIV ginn ass, wësse vill Persoune net, dass d Wësseschaft säit de 90er wäit komm ass. De Patrick lieft säit 200

#130: Coming out later in Life – Interview mamm Annette
Vill vun eis, virun allem déi méi jonk ënnert eis, hu sech relativ fréih an hirem Liewen mat Sexualitéit a Geschlecht auseneegesat. Virun allem an de soziale Medien an a ville queere Spaces ass d Perspektiv vu Jonke präsent, oder och nach vu manner Jonken déi vu queeren Erfarungen aus hirer Jugend erzielen. Mee wat ass mat Leit, déi sech réicht méi spéit am Liewe geout hunn? An dëser Episod schwät

#129: Deng Mamm fënnt de Legolas flott – Elteren a Sexualitéit
An dëser Episod gëtt et ganz akward. Oder op mannst schwätze mir iwwert een Thema, dat vir vill Leit bëssi peinlech oder komesch si kann: Déi eegen Elteren a Sexualitéit. D*en Robin an de Joël schwätzen iwwer Opklärung a wéi déi u schlechte Bicher scheitere kann, iwwer Schimmt an d'Eltere beim Sex héieren. Ausserdeem erzielen déi zwee, wisou esou een Outing bei den Elteren heiansdo guer net esou

#128: Méi wéi just eng Course – Drag zu Lëtzebuerg
Wa Leit vun Drag heieren, dann denken se oft mol un Ru Paul's Drag Race - eng weltbekannte Show, déi Kultstatus an der queerer Kultur huet, an déi Drag an de Mainstream bruecht huet. Oder zumindest eng bestëmmte Form vun Drag ...
Den Charlie ass e lëtzeboieschen Drag artist, a schwätzt mamm Robin doriwwer, aweifern Ru Paul's Drag Race d Drag Szen beaflosst huet, a wat den Term Drag amfong ëmfaasst

#127: Pony, Vokuhila oder Brosse – Frisuren a wat se bedeiten
Haut gëtt et mol erëm horeg. Kelly a Joël schwätzen awer net iwwer Intimbehorung, mä iwwer d'Frisuren, déi mir um Kapp droen. Déi soe jo meeschtens eppes iwwert déi Persoun aus, déi se dréit. Mä ginn et wierklech queer Frisuren? An wisou änneren esou vill Leit hir Frisur no engem Break-Up? Nieft deene Mysterien ginn de Joël a Kelly dann awer och der Fro no, wat Frisure mat Sex(appeal) ze dinn hunn

#126: Méi wéi just heiansdo Sex – Demisexualitéit
Demisexualitéit - e Begrëff, dee vill Leit schonn eng Kéier héieren hunn, mee ëm deen et vill Mësskonceptiounen gëtt. Kelly an d*e Robin probéieren an dëser Episod, d'Notioune vun Attraktioun a Sexualitéit opzeschlësselen, erklären den Ënnerscheed tëscht A- an Demisexualitéit an erzielen dovun, wéi ënnerschiddlech si hir Sexualitéit wouerhuelen. Niewebäi geet et och ëm Kuch, Gas a Bremsen, a si gi

#125: Vun Zongen, Spaut an Puzzlestecker – éischt Kussen
An der éischter Episode vun Staffel 6 (yay!) geet et em: éischt Kussen! 😗😘😚😙
Joël, Kelly, Robin an Elie schwätzen iwwer weieng éischt Kussen si haten, wat e gudden éischte Kuss ausmëscht an wei vill Zong gewollt ass.
An der Rubrik erkläert Kelly, firwat een bei Erreegung net nëmmen muss op de Gas drécken, mee och vun der Bremse erofklammen.

#124: Outtakes!
Äert Méi Wéi Sex Team versuergt Iech mat Outtakes aus deene leschte Joren! Mir wënschen Iech vill Spaass mat eise Verspriecher, eisem Gegackers, Gesangs a Geklapps!
An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Summer-Sex.

#123: Sandwichkanner, béis Stéifschwësteren an ee groussen Tabu – Geschwëster
Et ass net ëmmer einfach mat hinnen, mä vill vun eis kënnen sech ee Liewen ouni si guer net virstellen: Riets ass vu Geschwëster. De Joël huet der véier a Kelly ass Eenzelkand mat ville Stéifgeschwëster. Si schwätzen doriwwer, wéi dat esou ass, mat oder ouni Begleedung opzewuessen, wat een*t esou präägt a wéi dat eegent Iessverhalen dovunner beaflosst gëtt. Am Gespréich geet et och ëm d'Fro, ob et

#122: heiansdo horny, dauergäil oder ni Bock ? — Sex Drive
Sex Drive — all Mënsch schwätzt davun, mee wat ass en iwwerhaapt? De Joël an d*e Robin probeieren an dëser Episod, däer Fro op de Grond ze goen. Doriwwer hinaus erzielt d*e Robin vu senger Erfahrung mat Sex Drive op Bezuch op seng Asexualitéit, an de Joël deelt seng Gedanken zu sengem wiesselnde Sex Drive. Och philosophéieren déi zwee iwwer hir Bezéiung zu hirem Sex Drive.
An der Rubrik gëtt Ke

#121: The One – Gëtt et déi éiwegt Léift?
Säit Joerhonnerte siche Leit net nëmmen no engem*enger Partner*in, mä no der éiweger Léift: Där Persoun, mat där alles perfekt ass, fir déi een*t bestëmmt ass. Eng Erzielung, déi mir net nëmmen aus Märercher kënnen, mä och aus Filmer, Serien an esouguer Reality-TV-Sendungen. An dëser Episode schwätzen de Joël an Kelly driwwer, wouhier déi Erzielung kënnt, wat se mat eis mécht a wat fir ee Bléck op

#120: Dildo, Vibrator, Peitsch – Sextoys
Si si mëttlerweil iwwerall - an Drogerien, Krimskramsbutteker an heinsdo souguer Tankstellen Automaten: Sex Toys. Mee wat ass iwwerhaapt a Sex Toy? Wéi a firwat notze Mënsche Sex Toys? A wéi lageren Leit hir Sex Toys - Ausstellung an der Wunneng oder ganz déif hannen am Tirang?
De Joël an d*e Robin ginn an dëser Episod op all dës Froen an, an diskutéieren och iwwer de Stigma, deen u Sex Toys haft

#119: Virfreed, Angscht a Roserei – Gefiller zur Pride
Geschwënn ass et esou wäit: Am Juni ass erëm Pride Month. Ee Mount laang fierwen Institutiounen a Firmen hir Logoen a Reeboufaarwen an et ginn iwwerall op der Welt Pride Parades. De Joël an d*e Robin hunn dat zum Ulass geholl, iwwert hier Gefiller zu dësem Mount an dësen Events ze schwätzen. An déi si komplex. Engersäits Virfreed op déi grouss Veranstaltungen, anerersäits Angscht virun ze vill Sii

#118: Reiwen, Lutschen, Heemelen – Sex ouni Penetratioun
Sex – fir vill Leit ass dat e Penis, deen an e Genital andréngt, sief et eng Vagina oder en Anus. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer Sex ouni Penetratioun. Si probéieren, endlech déi grouss Fro "Wat ass amfong Sex?" ze beäntweren an zerstéieren dobäi net nëmmen niewebäi d Virspill, mee diskutéieren och méiglech Grënn fir verschidde Perspektive vun de Grenze vu Sex.
An der Rubr

#117: Vu Looks a Codes – queer Schéinheetsidealer
Wéi geseit een*t amfong queer aus? D'Lynn an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer queer Schéinheetsidealer: dës ënnerscheede sech vu Szene zu Szene. Sinn dës Schéinheetsidealer reng probleematesch? Wou kommen déi ganz Codes iwwerhaapt hir a firwat si se entstaan? Dëst a vill méi gëss du haut gewuer!
An der Rubrik gëtt Kelly en How To zum Thema Aftercare.

#116: Feier a Flam – iwwer Verléiftheet, Léift an änlech Gefiller
Wann alles kribbelt a s du Päiperleken am Bauch hues a just nach un eng Persoun denke kanns, bass du warscheinlech verléift. Mä wat ass den Ënnerscheed tëscht Verléift-sinn a Léift? An dëser Episod schwätzen de Joël an d*en Robin doriwwer, wéi sech béid Gefiller bei hinne bemierkbar maachen. Ausserdeem dréint d'Diskussioun ëm déi mysteriéis New Relationsship Energy, déi souwuel fir vill flott Mome

#115: Tëscht Matfreeën a Jalousie – Dating a poly Bezéiungen
Wéi ass et, op een Date ze goen, wann een schon een oder méi Partner*innen huet? An polyamoréisen Bezéiungen ass net esou seelen. Mä dat heescht net, datt et einfach ass. Besonnesch bei där Persoun, déi net op dem Date ass, kann et zu negativen Gefiller wéi Jalousie kommen. Mä och de Géigendeel, Compersion – Matfreeën – ass méiglech. D*e Robin, den Elie an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwe

#114: Méi wéi Gebärmutterhalskriibs – HPV Témoignage
HPV – huet dat net eppes mat Gebärmutterhalskriibs ze dinn a geet dofir nëmme Mënsche mat Uterus eppes un? D'Äntwert ass ganz kloer nee! De Human Papilloma Virus ass e sexuell iwwerdrobare Virus, deen, onofhängeg vum Geschlecht, immens wäit verbreet ass. Dobäi si sech wéineg Leit bewosst, wéi eng Risiken eng HPV Infektioun mat sech bréngt, wéi e sech iwwerdréit a wéi een*t sech schütze kann. An dë

#113: Costum, Minijupe oder Hoodie? – sexy Kleedung
Bal jiddereen*t huet sexy Kleedung am Schaf - wann een déi awer matenee vergläicht, fënnt een*t net onbedéngt ganz vill Gemeinsamkeeten. D Meenungen doriwwer, wat sexy Kleedung (oder wat amfong sexy) ass, sinn sou divers wéi d Leit déi sech dës Fro stellen! De Joël an d*e Robin diskutéieren haut ebe grad dës Differenzen, mee och wee sech iwwerhaapt sexy präsentéieren däerf a wéi staark deen eegene

#112: Kontaktpausen, Parkgespréicher an de leschte Sex – Wei kann een*t sech trennen?
Schlussmaache per SMS? Oder léiwer ee laangt Gespréich an nach eng leschte Kéier Sex mateneen hunn? Wéi sech eng Koppel trennt, hänkt ganz vun den Ëmstänn of. Et ginn awer genuch Grënn, sech Gedanken driwwer ze maachen, wéi dee schwierege Moment gestalt sollt ginn. Nodeems Kelly an de Joël schonn driwwer geschwat hunn, wéini een*t sech trenne sollt, geet et dës Kéier doriwwer, wéi dat geet. Si sch

#111: Méi wéi just eng Zuel – Altersënnerscheeder a Bezéiungen
Wat huet de Leonardo Di Caprio mat Équatiounen ze dinn?
De Joël, d'Lynn an d*e Robin diskutéieren an dëser Episod iwwer hir Erfarungen mat Age Gaps. Wat hunn Age Gaps mat Queerness ze dinn, wat sinn d Risiken vun Age Gaps a wéi kann een*t mat dëse Risiken ëmgoen a sech selwer an aner Leit schützen?

#110: Dump them? Wéini trennen ech mech (net)
An dëser Folge beschwätzen de Joël an Kelly wéini een sech trennen sollt, wéini een net Schlussmachen sollt - an alles do datescht. Et geet em Kodépendenz, Zukunftsvirstellungen, Sech-net-méi-richen-kennen, Bindungsmusteren an nach vill méi.
Liesetipps
- “Polysecure” vum Jessica Fern (Sëcher Bezéiungen zu Aaneren an zu sech Selwer opbauen)
- “Attached” (Bindungstheorie, Bindung

#109: Wann et einfach net geet – Vaginismus
Content Note: An dëser Episod ginn Trauma an Erfarunge mat sexueller Gewalt ugeschwat. Wann s du Probleemer mat dësen Themen hues, da lauschter dës Episod w.g.l. net eleng.
Vaginismus – vill Leit wäerten nach ni eppes dovun héieren hunn. Dobäi si vill méi Leit vu Vaginismus betraff, wéi een*t denkt, an si sinn oft mat ville Virurteeler an Onverständnis konfrontéiert. Eis Illustratorin Lynn

#108: Ech si Schalter, an du? – Top/Switch/Bottom
Bottom, top, up, down, charm oder strange? Wat huet Quantephysik mat Sex ze dinn? A wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëscht Top/Switch/Bottom an Dom/Switch/Sub? Haut geet et ëm genau dës Kategoriséierungen a wat eent amfong mat deenen ufänke kann. De Joël an de Robin schwätzen ausserdeem iwwer typesch Virurteeler a laachen iwwer Autoswäschen.
An der Rubrik kläert den Elie iwwer gender affirmi

#107: Vu Superhelden a Liebesgeschichten – Aromantik
Wat hu Superhelden mat Verléiftheet ze dinn? Dëst a nach vill méi verzielt eis d Beatà aus eiser Community. Hat ass aromantesch an asexuell a gëtt eis en Abléck a säi Liewen.
Kelly schwätzt an der Rubrik iwwer nëtzlech Life Hacks an Selfcare Strategien ronderëm Menstruatioun

#106: Nom Sex ass virum Sex – Kommunikatioun virum, während a nom Sex
Just go with the flow – oder awer besser virbeschwätzen, wat geschéie soll? Doriwwer diskutéieren de Joël an d*e Robin an dëser Episod. An deene nächsten 48 Minutten gëss du gewuer, wat si gäre virum Sex ofklären, firwat Sex och philosophesch si kann an dass nom Sex virum Sex ass.
Rubrik vum Kelly:
How To: Kommunikatioun mat Sexpartner*innen

#105: Vu Krauselen, Häerzer an horegen Hënnere – Intimfrisuren
Raséiert, eng witzeg Form, getrimmt oder einfach wëll wuesse gelooss? Et gi vill Méiglechkeeten, fir mat intimen Hoer ëmzegoen. Mä wat fir Hoer sinn eigentlech intim, a wisou friséiere mir se? Och beim Oralsex mécht dat alles een Ënnerscheed. Kelly an de Joël schwätzen haut doriwwer – an iwwert d'Vir- a Nodeeler vun de verschiddene Méiglechkeeten.
Kelly schwätzt an der Rubrik iwwer 5 ënnerschid

#104: Sex verschäissen – Sex an der Jugend
Aller Anfang ist schwer! Vill Leit hunn eng ambivalent Astellung zu hire sexuellen Erfarungen an hirer Jugend, an domat si si net eleng . Vu dass et dem Kelly an dem Robin änlech geet, schwätze si an dëser Episod iwwer hir eegen Erfarungen mat Jugendsexualitéit, a wourun et leie kéint, dass vill Leit vill schlechte Sex an hirer Jugend haten. Donieft diskutéieren si och, wéi sech dës Erfarungen op

#103: Verschidde Vibes a Vibratoren – Sexshops
Déi fënneft Staffel ass do! A mat hir eng nei Persoun an eisem Team: no 4 Staffelen mamm Mila hu mir lo eng néi Illustratorin: d'Lynn! Zu fënnef schwätze mir iwwer eis Erfarunge mat an a Sexshops, wat fir eis e gudde Sexshop ausmëscht a wat mir do am léifste kafen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Mythen zum Thema "Fiicht ginn".
Hei ass eis Selectioun vu queerfeministesche Sexshops am däitsch

#102: Community – mam Publikum um sexpositiven Event
Fir d'Staffelfinale vun der 4. Staffel hate mer déi besonnesch Freed mat Publikum dierfen opzehuelen – an zwar um sexpositiven Dag! Een Dag voller Workshops, Gespréicher, Snacks, Beréierungen a Begéinungen. Dofir hunn mer natierlech an dëser Opnam iwwer 💫 Community 💫 geschwat.
Mir froen eis (an iech): Wei kann eent zu Lëtzebuerg sexpositiv, feministesch a queer Communities opbauen? Wei kritt ee

#101: Mai Kierper seet jo, mai Kapp seet nee – Vu Sexualiteit an mentaler Gesondheet
Mental Health ass stigmatiséiert, Sexualitéit och. Wann d' Sexualitéit dann och nach vun der mentaler Gesondheet beaflosst gëtt, ass d' Kommunikatioun duebel erschwéiert.
Den Elie an d*e Robin probéieren an dëser Episod mat dëse Stigmen ze briechen a schwätzen doriwwer, wéi déi mental Gesondheet d'Sexualitéit an déi sexuell Gesondheet beaflosse kann - an ëmgedréint.
An der Rubrik "Sexmythos" s

#100: Fir déi honnerste Kéier – Iwwer Sex schwätzen
Wow, schonn 100 Episoden! De Joël, d*e Robin a Kelly huelen dat zum Ulass, fir emol bëssen driwwer ze schwätzen, wéi dat esou ass, an engem Podcast an um Radio iwwer Sex ze schwätzen. Nieft der Fro vun der Anonymitéit vun eise Sexpartner*innen a Fanfiction-Fantasië geet et awer och dorëms, mat wiem et méi einfach oder manner einfach ass, iwwer Sexualitéit a Gefiller ze schwätzen. Mir kucken eis aw

#99: Vu Pandabieren an Skin Hunger – Beréierungen a professionellt Kuschelen
Beréierungen am Alldag si wichteg. Dat hunn déi meescht vun eis spéitstens am éischte Lockdown geléiert, wou ob de Phänomen vum "Skin Hunger" fir vill vun eis spierbar ginn ass. Mä net nëmme Beréierungen, och Kuschelen, Kraulen oder Heemele si wichteg fir eist Wuelbefannen. An dëser Episod schwätzt de Joël mam Elisa doriwwer. D'Elisa kuschelt net nëmme gären, hat ass och professionell Kuschlerin.

#98: Méi wéi Léift a Partnerschaft – Opklärung am Radio fréier an haut
Et gouf zu Lëtzebuerg schonn ee Sexpodcast, do gouf et nach guer keng Podcasts. Riets ass vun de Radiossendunge vun der Marie-Paule Molitor-Peffer. Si huet op RTL Opklärung bedriwwen, an dat op eng Manéier, déi méi progressiv war, wéi een*t sech dat mol direkt géif virstellen. Fir eis ze zielen, wéi Opklärung am Radio an den 1980er Jore geklongen huet, ass eis Liblingshistorikerin a fréier Moderat

#97: Tëschen Thirst Trap, Sexvideoen a Bauch eranzéie – Selbstduerstellung a Sex
Wat ass eist Bild vun eis selwer, wa mir Sex hunn? Wéi verännere Fotoen a Videoe – vun eis, a vun anere – eist Selbstbild a Selbstwäertgefill? A wéi fillt et sech un, ee Sexvideo ze maachen? De Joël an Kelly ginn dëse Froen no an diskutéieren iwwert d'Vir- a Nodeeler vu Selfien, iwwer Thirst Traps, den Drang an de Bauch eranzezéien an awer och doriwwer, wat een*t ka maachen, fir sech beim Sex méi

#96: D’Jalousien erop maachen – een gesonden Ëmgang mat Eifersucht
Wéi geet een am beschte mat senger eegener Jalousie ëm? An wat ass, wann d*e Partner*in jalous gëtt?
De Joël an d*e Robin beschwätzen an dëser Episod, wéi sech e gesonden Ëmgang mat deem Gefill fanne léisst. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer dem Rihanna seng Schwangerschaft an dee politesche Statement, deen hat mat sengem Ëmgang domat setzt.
An der Episod erwähnen de Joël an d*e Robin versc

#95: Nohaltegkeet – Bezéiungen kultivéieren
Wat sinn „nohalteg Bezéiungen“? Kann een sech nohalteg Trennen? Wat ass den Ënnerscheed (oder och net) tëscht green dating, mindful dating an slow dating? Dëst beschwätzen Kelly an d’Selma an dëser Episode - lauschtert eran fir vill flott gardening Metapheren a fun facts. Dei läscht 10 Minutte gëtt et eng klengen Exkurs iwwert d’ökosexuellt Manifest an iwwer fairen/etheschen Porno. An der Rubrik s

#94: E Lauter Steng am Wee – Trans* sinn zu Lëtzebuerg
Lëtzebuerg geseit sech selwer gäer als ganz fortschrëttlech a punkto queer rights. Tatsächlech ass déi lëtzeboiesch Legislatioun net schlecht, an och laut ILGA ass Lëtzebuerg ganz gutt mat dabei. Dobäi ginn et och hei am Land vill Probleemer fir queer Mënschen, an trans* Leit gehéieren zu deene vulnerabelsten. D*e Robin huet mat senge Gäscht Miles an Tony iwwer hir Perspektiv an Erliefnisser als j

#93: Feelt do net eppes? – Beschnidde Penissen
Medizinesch, kulturell oder reliéis – et ginn vill Grënn, wisou een Penis beschnidde ka sinn. Ass een*t mat engem beschniddenen Penis méi oder manner sensibel an kënnt een*t méi oder manner fréi zum Orgasmus? De Joël an den Elie schwätzen an dëser Episod doriwwer, wat et heescht, beschnidden ze sinn an wéi si domadder eenz ginn, datt hinnen Virhaut feelt. Ausserdem ginn si der Fro no, wat mam Jes

#92: Méi wéi eng Banan an ee Kondom – Sex Education zu Lëtzebuerg
Den 10.07.2020 huet an de Rotondes d'Ofschlossevent vun der zweeter Staffel vum Podcast stattfonnt. Do konnt ee net nëmmen seng perséinlech Définitioun vu Sex mat de Leit deelen, mee och e Froebou zur eegener Sexualerzéiung an der Schoul ausfëllen a souguer en Orgasmus molen.
D'Anne an d*e Robin schwätzen an dëser Episod iwwer deen Event a ginn en Iwwerbléck iwwer d'Resultater. Och kommen d'En

#91: Gender ass e Spektrum – Non-binary
"Non-binary" - en Term, deen ëmmer méi oft an der Gesellschaft opkënnt, ënnert anerem well ëmmer méi ëffentlech Perséinlechkeeten sech sou identifizéieren. Mee wat ass Net-Binaritéit amfong? Wéieen Ëmgang wënsche sech net-binär Mënschen vun der Gesellschaft? A wéi gesinn hir Liewensrealitéiten aus?
Doriwwer schwätzen de Joël an d*e Robin an dëser Episod. An der Rubrik erkläert d'Kelly, wat Binding

#90: GefillsGespréicher: Iwwer schwiereg Gefiller an enke Bezéiunge schwätzen
Inhalt vun der Episode 90:
Ängschten, Roserei, Trauregkeet, Enttäuschung, Jalousie oder och eng onbestëmmt Zopp aus ënnerschiddleche Gefiller: Mir hunn se all. De Joël a Kelly diskutéieren doriwwer, wei ee mat Bezéiungspersoune kann iwwer schwiereg Gefiller schwätzen.
Mir froen eis: Wat ass de richtege Moment, fir e Gespréich anzeleeden? Wéi kann ech iwwer meng eege Gefiller nodenken a

#89: Vun Dieren, déi opginn – Neiufäng
Mir sinn erëm do, an et ass ganz vill nei bei eis: Een neit Joer, eng nei Staffel, eng nei Stëmm! Passend dozou schwätze mir iwwer Neiufäng. Wat heescht et, eng nei Bezéiung, sief se frëndschaftlech, sexuell oder romantesch, anzegoen? De Joël, d'Kelly an d*e Robin diskutéieren doriwwer, schwätzen iwwer déi magesch New Relationship Energy an denken doriwwer no, op een neit Kachbuch een klengen oder

#88: Ouergasmus live – Staffelfinal
Et ass souwäit. D’Staffelfinal, déi mir live mat Publikum op eisem Event de 26. Juni opgeholl hunn, ass elo online. Et gëtt e Bilan vum vergaangene Joer gezunn, vill gelaacht a bal gekrasch. Mir hätte gär och iwwer d’Zukunft geschwat, mä déi kenne mir leider selwer nach net. Soubal mir méi wëssen, soe mer iech Bescheed. An Tëschenzäit wënsche mir iech vill Spaass mat dëser extended version, an där

#87: Ende gut, alles gut? – Vu Schlussstrécher an aneren Enner
An der 87. Folleg schwätzen de Joël an d‘Anne iwwer Schlussstrécher an aaner Enner. Wéi schléisst een:t säin Dag sënnvoll of? Firwat ass et gesond, heiansdo mat sech selwer respektiv bestëmmte Verhalensweise Schluss ze maachen? An wéi kann een:t Sex schéin ofronne? Dorobber sichen déi zwee Äntwerten.

#86: Ech kann dech gutt riche – Wéi Geroch eis Sexualitéit a Gefiller beaflosst
Schweess, Duschgel, Intimberäich, Hoer, d‘Bomi – alles huet säin eegenen, spezielle Geroch. Dëse Sënn ass immens staark mat Gefiller an Erënnerunge verknäppt. Dat mierkt een*t spéitstens dann, dann et no der Trennung iwwerall nom Wäschmëttel vun der Ex richt oder een*t sech beim Aschmiere mat Sonnecrème un d‘Vakanz erënnert. D‘Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert Schweess, iwwert Deo,

#85: Klassismus – de Mythos vum sozialen Opstig an Ofstig
Wat huet Klassismus mat Sproochen, Stereotyppen an Sexy-ness ze sinn? Wéi beaflossen Klassenverhältnisser eis Kierperen, Bezéiungen an Dating? Kelly an Gabi schwätzen iwwer Definitiounen vu Klassismus, dem Mythos vum sougenannten sozialen Opstig, hier eegen Positiounen a Strategien géint klassistesch Diskriminéierungen an Strukturen.
Quellen
(op Däitsch)
- bell hooks

#84: Lies de nach oder fummels de schonn? – Sex(ualitéit) a Medien
An dëser Folleg kuckt d’Team vu Méi wéi Sex, wat sech an der Mediewelt gedoen huet, säit de Joël déi éischt "Fraenzäitschrëft" am Grapp hat an d’Anne Nackedeien an der Bravo studéiert huet. Wéini gëtt vum wiem op wéi eng Aart a Weis a lëtzebuergescher Zeitungen, um Radio, a Podcasten an op der Telée iwwer Sex(ualitéit) geschwat? Doriwwer diskutéieren déi zwee an der 84. Episod. An der Rubrik schwä

#83: Méi wéi Solosex?!
Firwat, mat wat a wéi kann ee Sex mat sech selwer hunn (also Solosex, Selbstbefriddegung, Masturbatioun)? Wat huet Solosex mat Stress ze dinn? An déi wichtegst (oder villäicht och nëmmen déi witzegst) Fro: Wat ass ee “Pandemiewichser”? Dëst a villes Weideres gëss du an dësem Gespréich vum Joel a Kelly gewuer. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Testosterone.

#82: Wéi aus dem Kierperbillerbuch – Sport & LGBTQI+
Passt e Reebou an eng Sportshal? Wéi kann ee Schoulsport méi inklusiv gestalten a wat geschitt, wa Léierpersonal d’Schüler:innen no hirer Meenung freet? Dës Froen huet d’Anne mat de wibbelegen an engagéierte Proffe Sybille a Mandy (iron sparks crossfit) diskutéiert.

#81: Kleng a grouss gemeinsam Nenner – interkulturell Bezéiungen
Aner Gewunnechten, friem Astellunge – an trotzdeem eng Bezéiung? Mir schwätzen dës Kéier iwwer interkulturell Bezéiungen. No engem klengem Exkurs iwwert de Kultur-Begrëff schwätzen d‘Anne an de Joël iwwert verschidde Kulturen am Bezuch op Iessen, Schaffen, Léieren an Diskutéieren. Ausserdeem beäntwerten si déi brennend Fro, wéi wichteg et ass, de selwechten Humor wéi seng Sexpartner

#80: Outtaspace Loverboy – Den Edsun am Gespréich
Hien ass net nëmmen en danzende Sänger a e sangenden Dänzer. Den Edsun ass e kreative Mënsch, deen seng Gedanken op eng spannend Aart a Weis a senger ganz eegener Konscht ëmsetzt a sengem Public doduerch vill Kraaft weidervermëttelt. Mir hu mat him iwwer Kultur am Zesummenhang mat sexuellen Identitéiten, Empowerment a Kritikfäegkeet geschwat. An der Rubrik geet den Elie op sexuell Fantasien an.

#79: Keepin’ it Casual – Casual Sex
Wat ass Casual Sex? Ass et nach “casual” wann (mindestens) een sech verléift? Mat wiem huet een casual sex - an wéi léiert een sech kennen? Wéi fillt sech de Sex un? An wéi kann een gutt op sech oppassen? Dat beschwätzen Kelly an de Joël.

#78: Zesumme wuesse – Laangzäitbezéiungen zanter dem Lycée
Et gi Bezéiungen, déi hale just eng Vakanz oder een Summer – an anerer schonn zanter dem Lycée. Wéi ass d’Liewen als Koppel, wann een*t scho sou laang zesummen ass? D’Liz an d’Geraldine zielen dem Joël, wéi si an hiren jeeweilege Bezéiungen geléiert hunn, mat Konflikter ëmzegoen an wéi (on)komplizéiert d’Relatioun zur Famill vun dem*der Partner*in si kann. Nieft der Fro, ob een iergendwann just na

#77: Krampf, Kampf, Kloertext – Weiblechkeet(en)
Wat heescht "Weiblechkeet"? An wien bestëmmt dat? D’Anne an d’Kelly schwätzen iwwer (eegen) Virbiller, widderspréchlech Weiblechkeetsufuerderungen, sexuell Unzéiung an iwwer Homarden. Jo, richteg, déi kleng rout Déieren mat der haarder Schuel. Wat et domat op sech huet, lauschtert der hei. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwert déi sougenannten "relationship anarchy".

#76: Trauer – Jiddereen:t dierf säin eegene Wee goen
Onofhängeg dovun, ob elo e Familljemember, en Hausdéier oder en:g Koleeg:in stierft: De Verloscht kann sou wéi doen, dass engem d’Wierder feelen an een:t net weess, wéi een:t dat packe soll. Dat Gefill ass fierchterlech, mä normal. An der Folleg Nr.76 schwätzen den Elie an d’Anne iwwer verschidde Formen a Phase vun der Trauer, ginn op Traditiounen an a plädéieren dofir, dass jiddereen:t säin eegen

#75: Sprint oder Marathon? – D’Dauer vum Sex
Ass laange Sex besser wéi kuerzen? D’Kelly an de Joël schwätzen an dëser Episod iwwert d’Verhältnis vu Qualitéit an Dauer, iwwert laang Sex-Nomëtteger an opreegend Quickien an d’Fro, wéi een*t d’Längt vum Sex iwwerhaapt ka moossen. E puer Tipps, wéi een Sex an d’Längt zéie kann, gi mir och. An der Rubrik schwätzt den Elie doriwwer, wisou verschidde Leit gären ugepisst ginn.

#74: Méi wéi Drogen, Sex a Party – Safer Use & Safer Sex (Specialedition)
D’Nuetsliewe bitt dem Mënsch Fräiraim fir am Schutz vun der Däischtert neien Terrain ze exploréieren a sech a seng Ëmwelt nei kennen ze léieren. Ausseralldeeglesch Erfahrunge mat Sex an Droge spillen heibäi dacks eng wichteg Roll a sinn ëmmer mat engem gewësse Risiko verbonnen. Mee wéi kann een wärend dem Feieren iwwerhaapt bewosst Entscheedungen treffen? Wéi huet Corona eist Verhale verännert a w

#73: Pijen, Porno a Pannen – Sexting 2.0
Proximitéit tëscht Koppelen oder bei Dates war 2020 just ënnert erschwéierte Konditioune méiglech. Mä am digitalen Zäitalter gëtt et jo glécklecherweis nach aner Méiglechkeeten, enger Persoun seng Loscht ze weisen, se mat hir ze deelen an zesummen ze genéissen. D’Kelly an de Joël hunn sech offline doriwwer ënnerhalen, wéi een online Spaass kann hunn ouni dobäi de Schutz ze vergiessen. D’Rubrik häl

#72: Know Your Status – Mir testen eis op HIV
Wou kann een:t sech zu Lëtzebuerg teste loossen, brauch een:t fir en Auto-Test e Führerschäin a wat wierkt géint Opreegung beim Waarden op d’Resultat? D’Team vu Méi wéi Sex huet sech zesummegesat fir genee dat ze bespriechen. De Elie schwätzt an där neier Rubrik iwwer "Skin hunger".

#71: De Wee ass d’Zil – wat et bedeit, trans ze sinn (auf Deutsch)
„Transitioun“ ass e Wuert dat alles anescht wéi Stëllstand suggeréiert. Wann et am Kontext vun Transgeschlechtlechkeet verwennt gëtt, kënnen d’Verännerungen, déi stattfannen, ganz villfälteg sinn. An zwar net nëmme fir d’trans Persoun selwer, mä och fir hiert Ëmfeld. Wat alles zu dësem extrem individuelle Prozess gehéiert a wat fir Méiglechkeeten et ginn, doriwwer schwätzt de Joël mat sengem Gaasc











