Accueil Podcasts carma club
carma club

carma club

Carole & Marylène 13 Épisodes sept. 2, 2026

De Podcast 'Carma Club' ass fir all déi, déi de Kapp mol ausschalte wëllen. D'Carole an d'Marylène schwätzen iwwer dat richtegt Liewen: Bezéiungen, peinlech Momenter, Frëndschaften, Alldag a Vakanz-Desasteren. Si deelen hire Alldag éierlech, spontan an ouni Filter. D'Lauschterer kënne sech e Café, eng kuscheleg Decken oder e Glas Wäin huelen an an de Carma Club kommen.

Épisodes

#13 Hot for no reason
#13 Hot for no reason sept. 2, 2026 00:37:25 Wéi ass dem Carole säi Verhältnis zu ABBA? Weem seng Anthem ass GIMME GIMME GIMME Your man? Wat maachen d'Hormoner maachen eisem Gehier? 🧠 SPOILER: Villes, a Grausames… D'Carole zielt eppes wat et och villäicht besser fir sech gehalen hätt, oder? 🌴 An wéini gi mir op d'Malediven? A ween geet mat?
#12 Et ass Vakanz
#12 Et ass Vakanz juil. 29, 2026 00:50:48 Eeeendlech ass et souwäit. Do deng Kleeder aus, de Bikini un, lee dech dohin a genéiss d'Rou! Et gëtt gekläert waart déi beschte Glace ass, wou een eigentlech soll oder net soll an d'Vakanz goen a wou et keng Grenze mei gëtt! Ween dreemt nëmmen nuets, a bei waart gëtt et dem Marylène richteg "heiß"? Fann et elo eraus 🫠😘
#11 Et gi keng Problemer,  et gi just Léisungen!
#11 Et gi keng Problemer, et gi just Léisungen! juil. 15, 2026 00:38:34 De Kreeslaaf ass op der Kopp a mir léiere spuenesch. 😵‍💫 Eis beschäftege puer Froen: Ass de Bruce Lee dem Marylène säi Papp? Wéi geet d’Alphabet richteg? D’Carole kläert op! Wat ass dem Carole seng Stäerkt an seng peinlechst Erënnerung? Mat wéi vill km/h d’Marylène duerch d’Everglades gefuer a wat ass him bal wechgeflunn? Dës Froe kläre mir op a gëss du an der 11. Folleg gewuer. Dréin d’Lautstäe
#10 Hat mengt dat wierklech eescht?!
#10 Hat mengt dat wierklech eescht?! juin 29, 2026 00:32:45 An eiser neier Folleg kläre mir, ob d'Marylène elo definitiv zur Autos-Maus ginn ass – an ob et him domat wierklech eescht ass. Mir schwätzen iwwert Pizza a Pasta a Spuenien, verroden, wien dem Carole säi witzegste Frënd oder Frëndin ass, a ginn der Fro no, ob d'Marylène d'Fro no sengem Liblingsgeroch vläicht e bëssen ze eescht hëlt. An zum Schluss stelle mir eis nach vir, wéi et wier, wann d'Mary
#9 Ass eis Frëndschaft eng eenzeg Enttäuschung?
#9 Ass eis Frëndschaft eng eenzeg Enttäuschung? juin 18, 2026 00:43:27 Et sti vill Froen op! Geet d'Carole eleng d'Baach erof? Steet d'Frëndschaft lo um Spill? Sinn mir villäicht guer net de selwechte Mënsch? Mir léieren eis ëmmer méi kennen, mee ob mir eis doduerch iwwerhaapt méi sympathesch ginn, gëss du hei gewuer. Lee d'Been op den Dësch a lauschter ran! 👀🎙️
#8 Haut fléie Leit aus dem Carole sengem Liewen eraus!
#8 Haut fléie Leit aus dem Carole sengem Liewen eraus! juin 3, 2026 00:33:12 Haut gëtt ausgemëscht. Mir schwätzen doriwwer, firwat et heiansdo gesond ass, Leit aus sengem Liewen ze loossen, wéi vill Labelloen ee Mënsch wierklech brauch, wat mir am Réckbléck vill méi fréi hätte solle maachen a firwat d'Sportveräiner eis Frëndschaft op eng haart Prouf stellen. Eng ganz normal Carma-Club-Folleg also. 😅
#7 Carma Exterior
#7 Carma Exterior mai 22, 2026 00:33:48 #7 Carma Exterior Liebe Grüße aus dem Marylène senger Heemecht, wou hat sech endlech richteg verstanen fillt. Firwaat d‘Caro Tiktok gelöscht huet an vun wem hat romatesch iwwerrascht ginn ass! Sinn Carole an Marylène elo offiziell Schwësteren? Lee dech zréck, huel den Fanger aus der Nues an dréck op Play👉▶️ 👃 👆🚫 #ounidechounimech #carmaexterior
#6 De Fiat 500
#6 De Fiat 500 mai 8, 2026 00:32:19 Et geet em Villes… Mir fannen all zesummen eraus wisou d'Marylène esou ass wéi hat ass. Ween de Grond ass dass dem Carole d'Wieder feelen an et gëtt gekuckt ween méi eekelhaft ass wéi deen aneren. Gett déi Kéier d'Geschicht wéi dem Marylène säi Papp fir kuerz Zäit och zum Carole sengem Papp ginn ass endlech gedropped? Schalt de Kapp mat eis zesummen aus. Viiiill Spasssje
#5 R.I.P. Slip
#5 R.I.P. Slip avr. 23, 2026 00:35:38 Firwat muss d'Carole seng Ënnerbox wechgeheien a wat huet dat mat senge Strëmp ze dinn? Kennt dem Marylène säi Papp mat him zesummen an de Prisong a wat der Däiwel ass GLIMMER? Dat kläre mir an der neier Podcast Folleg. Hal op mat scrollen a lauschter eis bëssen no. Cooohool, merciiii an Äddiiii.
#4 Barbie & Ken
#4 Barbie & Ken avr. 9, 2026 00:28:35 Wat ass dem Marylène säin gréissten Turnoff a wa mir eent Geräisch wieren, wéie wier dat? Ob de Sonnde wierklech traureg ass, a wat et Neies vu Marylène sengem Papp gëtt, gëss du an der neier Folleg gewuer!
#3 Ass et e Geheimnis?
#3 Ass et e Geheimnis? mars 28, 2026 00:43:19 Ween ass haut besser drop? Ginn et Geheimnisser zwëschent eis zwee déi musse gelüftet ginn oder ass et souguer méi wéi dat! Et gëtt vill gelabert (alt erëm), et geet vill, oft a séier hin an hier an awer geet et aaalt erëm och ebessen méi deep...naja lauschter selwer! Ahjo, nach eppes: LIKEN, KOMMENTÉIEREN, DEELEN!!!!!! Support ist kein M**d ok? Ok! Mir soe merci aaan... ...Äddiiiiii
#2 Un café con leche avena
#2 Un café con leche avena mars 10, 2026 00:34:35 D'Señoritas si säit 3 Deeg a Spuenien an dreeme quasi schonn op español. Un Café con Leche hei, eng Enseimada do a mir wëllen och am leiwsten ni mei erëmkommen. Op d'Marylène d'Carole iwwerhaapt leide kann, wat seng gréisste Schwächt ass an op et iwwerhaapt nach eng 3te Folleg wäert gi gëss du hei gewuer.  xoxo  Carole & Marylène

Recommandé