
80 Joer Battle of the Bulge - Lëtzebuerg wärend der Ardennenoffensiv
Den Podcast behandelt d'Erliewungen zu Lëtzebuerg während dem Zweete Weltkrich, besonnesch wärend der Ardennenoffensiv. Den 10. Mee 1940 gouf Lëtzebuerg vun Nazi-Däitschland iwwerfall an bis September 1944 besat. Nom Enn vun der Besatzung koum et den 10. September 1944 zum Aanzuch vun US-Zaldoten, mee schonn de 16. Dezember 1944 sinn däitsch Truppen am Éislek nees anmarschéiert. De Marc Hoscheid kuckt mat Gäscht op d'Evenementer vun deemools zeréck, bis zur Befreiung vun der leschter Uertschaft de 12. Februar 1945.
Épisodes

12. Februar 1945, 12/02/2025
Veianen gëtt als lescht Lëtzebuerger Uertschaft befreit (Minnen als Gefoer nom Krich an den Neesopbau)

25. Januar 1945, 25/01/2025
Clierf gëtt befreit (Roll vun der Fra)

21. Januar 1945, 21/01/2025
Wolz gëtt befreit (Roll vun den Zwangsrekrutéierten)

12. Januar 1945, 12/01/2025
Zerstéierung vun der belscher Grenzuertschaft Bras (D'Roll vun der Sprooch wärend der Offensiv)

6. Januar 1945, 06/01/2025
Den US-Zaldot mat Lëtzebuerger Originne Philip Weis stierft am Kampf (Lëtzebuerger an Amerikaner mat Lëtzebuerger Originnen an der Offensiv)

25. Dezember 1944, 25/12/2024
D'Zerstéierung vun Eschduerf an d'Kommunikatioun mat Doheem
Op Chrëschtdag 1944 war d'Ardennenoffensiv matzen amgaang. Besonnesch brutal waren d'Kämpf an der Géigend ronderëm Eschduerf. Wärend esouwuel op däitscher wéi och op alliéierter Säit vill Zaldoten hiert Liewe verluer hunn, huet d'Zivilpopulatioun musse flüchten an nokucken, wéi hier Haiser a Flamen opgaange sinn. Ma an der Zäit ronderëm

19. Dezember 1944, 19/12/2024
Wolz gëtt ageholl (Krichsgefaangener op béide Säiten)

16. Dezember 1944, 16/12/2024
Ufank vun der Ardennenoffensiv, Clierf gëtt ageholl (Zäit virun an Ufank vun der Offensiv)

Den RTL Podcast: 80 Joer Battle of the Bulge, 12/12/2024
D'Éislek am Wanter 1944/45. Dräi Méint nodeems déi Alliéiert Lëtzebuerg vun den Nazie befreit hunn, kommen déi Däitsch rëm zeréck.
Ee Mount laang gëtt am Norde vum Land bluddeg gekämpft, Uertschaften zerstéiert an d'Zivilpopulatioun steet tëscht de Fronten.











