Retronom ass e wëchentleche Podcast op Lëtzebuergesch, dee vum Radio 100,7 produzéiert gëtt. D’Historiker Pit Péporté a Vincent Artuso huelen Iech mat op eng Rees duerch d’Lëtzebuerger Geschicht. An all Episod gëtt en Thema aus der Vergangenheet vum Land verständlech an ënnerhalend erkläert. De Podcast richt sech u jiddereen, dee sech fir Geschicht an d’Lëtzebuerg interesséiert.
Épisodes
D’Grofschaft Lëtzebuerg: Firwat de Sigfrid si net gegrënnt huet
Bal jiddereen ass iwwerzeegt, de Grof Sigfrid hätt am Joer 963 Lëtzebuerg gegrënnt. Dës Episod erkläert, firwat d’Historiker dat awer zënter ville Joren anescht gesinn.
Weider Informatiounen zum Theema:
Michel Margue a Michel Pauly, “Saint-Michel et le premier siècle de la ville de Luxembourg. Quelques réflexions sur l'apport de l'histoire religieuse à l'étude des origines de la v
Wat ass eng Stad?
Am Februar 2026 wollt Miersch eng Stad ginn. Mee firwat ass Miersch dat bis elo net? Firwat ass Veianen mat 2.200 Awunner:innen eng Stad a Péiteng mat 21.000 net? Wat ass iwwerhaapt eng Stad zu Lëtzebuerg? D’Geschicht gëtt eis Äntwerten.
Weider Informatiounen zum Theema:
Compte-rendu de séances de la Chambre des Députés du Grand-Duch de Luxembourg. Session ordinaire du 7 novembre 1905 au 24 juill
Guillaume de Machaut: E Star aus dem 14. Joerhonnert
De Guillaume de Machaut war de wichtegste Singer-Songwriter am 14. Joerhonnert. Dobäi hat hien direkt Verbindunge mat Lëtzebuerg. Mee hutt Dir jee vun him héieren?
Weider Informatiounen zum Theema:
Pit Péporté, Constructing the Middle Ages. Historiography, Collective Memory and Nation-Building in Luxembourg. National Cultivation of Culture, 3; CLUDEM 33 (Leiden, 2010), Kapitel 4.
Musikextrait a
Lëtzebuerg: Tëschent Resistenz a Collaboratioun – D'Geschicht vum Charles Ketter
Wärend sech vill Leit ënner der däitscher Occupatioun duerch den Alldag gewurschtelt hunn, waren e puer Lëtzebuerger iwwerzeegten Nazien. Dës Episode weist esou e Fall.
Weider Informatiounen zum Theema:
Vincent Artuso, La collaboration au Luxembourg durant la Seconde Guerre mondiale (1940–1945). Accommodation, adaptation, assimilation. Luxemburg Studien/Études luxembourgeoises, 4 (Frankfurt am M
Lëtzebuerg: Tëschent Resistenz a Collaboratioun – Eng Famill wiesselt d'Säiten
Wie war e Collaborateur a wien e Resistenzler? D’Äntwert war net ëmmer esou einfach, wéi ee mengt – d’Geschicht vun enger Escher Famill weist souguer, dat ee souwuel dat eent, wéi dat anert konnt sinn.
Weider Informatiounen zum Theema:
Vincent Artuso, La collaboration au Luxembourg durant la Seconde Guerre mondiale (1940–1945). Accommodation, adaptation, assimilation. Luxemburg Studien/Études lux
Interview mam Pit Péporté a Vincent Artuso
Déi zwee Historiker erzielen, wat et mam neie Podcast Retronom op sech huet
De Roude Léiw ass e Migrant
En ass zënter bal 800 Joer e Symbol fir Lëtzebuerg. Mee wou kënnt de Roude Léiw hier? Eng Spueresich féiert an d’13. Joerhonnert, bei déi deemoleg Grofefamill, hir Kricher an hir Allianzen.
Weider Informatiounen zum Theema:
Michel Margue, De Roude Léiw, in: Sonja Kmec, Benoît Majerus, Michel Margue, Pit Péporté (Ed.), Lieux de mémoire au Luxembourg (Lëtzebuerg, 2008), S. 261-266.
Mike Richartz, “












