Accueil Podcasts Europa Aktuell
Europa Aktuell

Europa Aktuell

Radio 100,7 50 Épisodes oct. 21, 2026

Europa Aktuell beliicht d'europäesch Aktualitéit an de Hannergrënn. D'Journaliste vun Radio 100,7 an hir Bréissel-Korrespondente analyséieren d'Themen, déi Europa beweegen. D'Emissioun entsteet an Zesummenaarbecht mam Netz Euranet Plus.

Épisodes

Internationaalt Strofgeriicht: Ass d'EU prett, op Konfrontatioun ze goen?
Internationaalt Strofgeriicht: Ass d'EU prett, op Konfrontatioun ze goen? oct. 21, 2026 D’Europäesch Unioun sollt sech méi staark fir dat Internationaalt Strofgeriicht zu Den Haag asetzen. Dofir mécht sech d’Europaparlament staark. Déi rezenten Annoncen aus den USA, weider Sanktioune géint déi international Cour pénale zu Den Haag ze verhänken, dierft d’EU net weider toleréieren, huet et en Dënschdeg an enger Debatt an der Plenière zu Stroossbuerg geheescht. Well déi Sanktiounen och
EU-Budget: Wéi kann de Knuet opgemaach ginn?
EU-Budget: Wéi kann de Knuet opgemaach ginn? oct. 15, 2026 Haut a muer ass EU-Sommet zu Bréissel, mat engem gutt gefëllte Programm: Vun den héichen Energiepräisser, enger adäquater Äntwert op d’Konkurrenz aus China, bis bei d’Migratiounspolitik, nei EU-Memberlänner, de Krich an der Ukrain an net ze vergiessen dem grousse Sträit iwwer den neien europäesche Budget, gëtt op dësem Sommet esou gutt wéi kee vun den aktuelle groussen Dossieren ausgelooss. Wat s
Kritik aus Serbien un der ALIA
Kritik aus Serbien un der ALIA sept. 4, 2026 Een oppene Bréif vum serbeschen Informatiounsminister mat Kritik u Lëtzebuerger Autoritéiten suergt fir vill Reaktiounen. E géing weisen, datt et besser wier, datt déi betraffe Medien net a Serbien kontrolléiert ginn, seet d’Generalsekretärin vum onfofhängegen Journalisteverband. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
António Costa op EU-Tournee: EU-Budgets-Accord bis Enn dës Joers
António Costa op EU-Tournee: EU-Budgets-Accord bis Enn dës Joers août 27, 2026 Zënter dem Ufank vun der Woch ass de Conseilspresident António Costa op engem groussen Tour duerch déi europäesch Haaptstied: Säi Plang ass et, bannent den nächsten dräi Woche bei all de Staats- a Regierungscheffe vun de 27 Memberlänner vun der Unioun ze passéiere fir, wéi hie seet, hinnen nozelauschteren a sech ee Bild ze maachen iwwer hir Positiounen. Ee Sujet stécht dobäi besonnesch eraus: Den
EU-Noutfall-Zentral koordinéiert Hëllef géint Bëschbränn
EU-Noutfall-Zentral koordinéiert Hëllef géint Bëschbränn juil. 30, 2026 Lëtzebuerg schéckt ee Läschfliger genee wéi 15 Pompjeeën a Frankräich, fir ze hëllefen d’Bëschbränn an de Grëff ze kréien. Koordinéiert gëtt deen Asaz zu Bréissel, am Zentrum vum sougenannten EU-Mechanismus fir d’Protection civile, wou d’Fiedem fir déi europäesch Noutfallmesuren zesummelafen. Vun do aus gëtt d’Hëllef op europäeschem Niveau koordinéiert an ofgestëmmt. D’Danièle Weber konnt sech op
Nei Rechter fir Flugpassagéier: Wat ännert?
Nei Rechter fir Flugpassagéier: Wat ännert? juil. 8, 2026 Sielen ass sech d’Parlament esou eens - déi nei Reegele gi vun enger ganz breeder Majoritéit gedroen. Déi gutt Nouvelle ass: D’Rechter vun de Passagéier ginn net beschnidden. Dofir hat sech d’Europaparlament an de Verhandlunge mat de Memberlänner agesat. D’EU-Länner haten nämlech laang drop bestanen, datt d’Airlinen an Zukunft hire Clienten eréischt bei gréissere Retarden eng Kompensatioun ausbez
EU-Mamme-Partei vun der AfD kéint EU-Fongen a Rechter verléieren
EU-Mamme-Partei vun der AfD kéint EU-Fongen a Rechter verléieren juil. 7, 2026 An der EU kéint fir d’éischte Kéier eng europäesch Partei EU-Fonge gestrach kréien. Am Europaparlament gëtt doriwwer ofgestëmmt, ob eng Prozedur géint d’Partei “Europa vun de Souveränen Natiounen” - kuerz ESN soll lancéiert ginn. Et wier déi éischte Kéier, datt dem neien europäesche Parteiegesetz no esou eppes gemaach géif. D’ESN ass op europäeschem Niveau d’Doheem vun der däitscher “Alternative
Taliban-Meeting zu Bréissel: War Lëtzebuerg derbäi?
Taliban-Meeting zu Bréissel: War Lëtzebuerg derbäi? juil. 2, 2026 Déi lescht Woch koum et um Lëtzebuerger Nationalfeierdag zu Bréissel zu enger Reunioun, déi fir vill Diskussioune suergt. En Dënschdeg hate sech Vertrieder:innen aus der EU mat enger Delegatioun vun den Taliban aus Afghanistan an der belscher Haaptstad gesinn, fir iwwer d’Retoure vun afghanesche Migranten, déi keng Openthaltsgeneemegung an der EU hunn, ze schwätzen. Wou dee Meeting statt fonnt hu
Trotz Hëtzwell: Verschidde Länner fuerdere weider méi labber Klimaziler
Trotz Hëtzwell: Verschidde Länner fuerdere weider méi labber Klimaziler juin 26, 2026 Bei de weiderhi ganz héijen Temperaturen dobausse souze gëschter um Kierchbierg d’EU-Ëmwelt-Ministere beieneen - fir op en Neits iwwer d’EU-Klimaziler ze diskutéieren. Virun allem Däitschland, mee och verschidden osteuropäesch Länner stellen dat bis 2035 geplangten Enn vum Verbrenner-Motor weider a Fro. D’Europäesch Kommissioun hat bekanntlech am Dezember noginn an eng ofgeschwächte Versioun vun
Diskussioun ronderëm d'Centre-de-retouren
Diskussioun ronderëm d'Centre-de-retouren juin 24, 2026 19 Länner haten um Bord vum Sommet gefuerdert, datt den Opbau vun de Return Hubs sollt mat EU-Sue finanzéiert ginn. Domat ass awer net jiddereen averstanen. Detailer vum Danièle Weber
EU-Budget: Wäit ewech vun engem Accord
EU-Budget: Wäit ewech vun engem Accord juin 19, 2026 Den europäesche Budget suergt all siwe Joer fir Sträit ënner de Memberlänner: Traditionell sti sech zwee Campe géintiwwer: déi, déi méi, an déi déi manner Sue wëllen ausginn. Wat steet dës Kéier um Spill a wou steet Lëtzebuerg? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
EU - US Deal: Wéi eng Konditioune stellt d'EU?
EU - US Deal: Wéi eng Konditioune stellt d'EU? mai 21, 2026 Den ëmstriddenen Deal tëscht den USA an der EU iwwert Douanestaxen ass eng Etapp weider - nodeems d’Europaparlament an d’Memberlänner an der Nuecht vun e Denschdeg op e Mëttwoch ee politeschen Accord fonnt hunn. D’Parlament hat insistéiert, datt beim Accord, deen d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen am Summer zejoert a Schottland mam amerikanesche President Donald Trump ofgemaach huet, miss

Recommandé