Accueil Podcasts Poterkëscht vum INLL
Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht vum INLL

Poterkëscht 193 Épisodes oct. 8, 2026

Den offizielle Podcast vum Institut national des langues Luxembourg. All Woch publizéiere mir nei interessant Episdoen, fir Lëtzebuergesch ze léieren.

Épisodes

Um Knuedler & Memberskaart fir d'Bibliothéik (A2)
Um Knuedler & Memberskaart fir d'Bibliothéik (A2) oct. 8, 2026 00:07:24 Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir fir d'éischt, wéi zwou Persoune sech iwwer déi verschidde Plazen um Knuedler ënnerhalen. Duerno héiere mir, wéi eng Fra eng Memberskaart fir d'Bibliothéik maache wëll.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Weebeschreiwung Gare & Am Guichet (A2)
Weebeschreiwung Gare & Am Guichet (A2) oct. 6, 2026 00:04:29 Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut héiere mir, wéi eng Persoun Hëllef brauch, dee richtege Bus fir op d'Gare ze fannen. Duerno héiere mir, wéi d'Persoun op der Gare e Billjee fir op Amsterdam kafe wëll.Vill Spaass beim Nolauschteren!-TranskriptWeebeschreiwung op d’Gare A: Entschëllegt, kënnt Dir mir hëllefen? B: Jo, natierlech. Wat sicht Dir? A: Ech sichen de Busarrêt fir de Bus Numme
Eng 32-Stonne-Schaffwoch? (B1)
Eng 32-Stonne-Schaffwoch? (B1) oct. 1, 2026 00:07:34 Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir e puer Argumenter vir a géint eng 32-Stonne-Schaffwoch. Ausserdeem héiere mir, wéi eng Persoun vun hirer Erfarung domat erzielt.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
E Kannerzëmmer ariichten (B1)
E Kannerzëmmer ariichten (B1) sept. 29, 2026 00:04:43 Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwee Elteren iwwer d'Kannerzëmmer vun hirem Puppelche schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-E Kannerzëmmer ariichten (B1)Mamm: Ech freeë mech scho richteg op eise klenge Butz. Papp: Jo, ech freeë mech och. Mee mir mussen endlech d'Kannerzëmmer ariichten. Mamm: Komm mir kucken eis Lëscht, déi mir gemaach hunn. Da vergiesse mir näisc
Vun enger Summervakanz erzielen (A2) & Akafe goen (A1)
Vun enger Summervakanz erzielen (A2) & Akafe goen (A1) sept. 24, 2026 00:05:49 Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir zwee Dialoger. Fir d'éischt héiere mir, wéi zwou Persoune vun hirer Summervakanz erzielen. Duerno lauschtere mir, wéi zwou Persounen zesummen akafe ginn.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (⁠klick⁠!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Den Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch
Den Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch sept. 22, 2026 00:11:07 Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vum haut héiere mir en Interview mat dem Directeur adjoint vum INLL, dem Luc Schmitz, an dem Kulturminister, dem Eric Thill, am Kader vum Dag vun der Lëtzebuergescher Sprooch.Vill Spaass beim Nolauschteren!Link: www.dag.letzebuergesch.lu
De Biergerpakt (B1-B2)
De Biergerpakt (B1-B2) sept. 16, 2026 00:11:40 Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut schwätze mir mam Anne Franziskus vum Biergerpakt. Hei fannt dir méi Informatiounen zum Biergerpakt: https://biergerpakt.zesummeliewen.luVill Spaass beim Nolauschteren!
MOVLA-Coursen am INLL
MOVLA-Coursen am INLL sept. 14, 2026 00:12:40 Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut erziele mir iech vun de MOVLA-Coursen am INLL.Vill Spaass beim Nolauschteren!
Tipps fir eng nei Sprooch ze léieren (A2)
Tipps fir eng nei Sprooch ze léieren (A2) août 26, 2026 00:06:07 Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer Tipps a Strategië schwätzen, fir eng nei Sprooch ze léieren.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Dem Chloe seng Liewensgeschicht (B1)
Dem Chloe seng Liewensgeschicht (B1) août 12, 2026 00:05:49 Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir en Interview mam Chloe. Hatt erzielt eis vu senger Liewensgeschicht.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Den Transkript fir dësen Episod fannt dir hei (klick!). Dir braucht kee Kont klickt einfach op ''access as guest''.
Tipps an der Hëtztwell (A2)
Tipps an der Hëtztwell (A2) juil. 29, 2026 00:04:53 Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! Haut schwätze mir mat iech iwwert de Phenomen vun der Hëtztwell. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Tipps an der Hëtztwell A: Salut Pol, du bass awer scho fréi ënnerwee ! B : Moien Aurélie ! Jo, ech gi séier e puer Saachen akafen, éier déi déck Hëtzt kënnt. A: Dat ass gutt! Et sinn elo scho bal 30 Grad, an et ass eréischt 9 Auer! B: Du hues Recht. D’Hëtzt
Nohalteg Reesen (A2-B1)
Nohalteg Reesen (A2-B1) juil. 15, 2026 00:05:53 Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!-Transkript:A: Hues du scho Pläng fir de Summer? B: Jo, ech fuere mam Zuch an Italien. A: Mam Zuch? Dat dauert dach éiweg! B: Jo, du hues Recht, et dauert natierlech méi laang wéi ze fléien. Mee ech wollt dëse Summer méi nohalteg reesen. A: Dat héiert een an der leschter Zäit méi oft. Wat heescht dat da genee fir dech, nohalteg ze reesen? B: Fir mech ass et wichte

Recommandé