
Am Bistro mat der woxx
D'woxx ass eng lëtzebuergesch Zeitung, an an dësem Podcast bitt se all Woch en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Jede Episod beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel a erkläert, wéi d'Recherche an d'Redaktioun vun enger Geschicht ofleeft. D'Moderatioun an d'Gäscht kommen aus der Redaktioun vun der woxx, an et gëtt och iwwer d'politesch an gesellschaftlech Themen diskutéiert, déi d'Zeitung begleeden. Et ass e formaten Interview- an Analysspodcast, deen de Lieser a Lieserinnen en Zousaz zum gedréckten Artikel bitt.
Épisodes

Wéi steet et ëm déi mental Gesondheet zu Lëtzebuerg?
Dëst Joer ass déi fënneft Editioun vun de Woche vun der mentaler Gesondheet. Do sti vill Themen un, engt vun deene wichtegst ass d’Prekaritéit. Et gëtt nämlech ee staarke Lien tëscht Aarmut, Prekaritéit a mentaler Gesondheet. D’Psycholog*innen Hédi Ben Malek an Amélie Zeimet, déi fir d’Unitéit Psy vun Hëllef um Terrain schaffen, sinn Expert*innen op dësem Gebitt. D’woxx-Jou

Den Tabu ëm d’Menopause briechen
D’Menopause ass nach ëmmer een Tabuthema. Net nëmmen, datt vill Fraen net gutt genuch Bescheed wëssen iwwert Symptomer, dacks huet och d’medezinescht Personal net vill Wëssen. Grad bei der Period virun der Menopause, der Perimenopause, ginn et dacks net genuch Informatiounen. Mä et ginn ONGen, déi versichen, den Tabu ze briechen, esou zum Beispill „Lëtz Menopause“. D’woxx-Journal

Wisou musse Leit zu Lëtzebuerg 34 Méint op hir Famill waarden?
34 Méint ass déi duerchschnëttlech Zäit, déi et dauert, bis Leit mat engem Status vum Flüchtling oder der internationaler Protektioun eng Decisioun kréien, ob de Regruppement familial geneemegt gëtt. Dat ass déi eenzeg legal Method, fir datt Famillen erëm zesummegefouert kënne ginn. Dacks waarde Mammen oder Pappen also jorelaang, bis de Lëtzebuerger Staat decidéiert, ob si hir Kanner erëm däerfe g

Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?
Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar Donnéeën iwwer geplangte Projeten, mä déi si geheim fir de Grand Public. Dobäi ginn et vill Grënn, géint Rechenzentren ze sinn: de grousse Stroumve

Wisou d’Inklusioun an der Schoul nach ëmmer schwiereg ass
Deemnächst geet d’Schoul erëm un. Mä net fir all d’Schüler*innen ass et d’selwecht einfach oder schwéier, an der Schoul matzekommen. Et gëtt an de Lëtzebuerger Schoulen ëmmer méi Personal, fir Schüler*innen mat spezielle Besoinen ze ënnerstëtzen. Mä dat eleng geet awer net duer, an nach ëmmer schwätzen Elteren, Léierpersonal a Gewerkschafte vu villen Problemer. Pünktlech zur Rent

Wat d’Scheitere vun der Buedem-COP mam Klima ze dinn huet
Zu Ulaanbaatar, der Haaptstad vun der Mongolei, ass viru kuerzem d’Buedem-COP op een Enn gaangen. Do geet et dorëms, d’Wüstebildung an d’Degradatioun vun de Biedem op der Welt ze stoppen. Leider gouf et net vill Resultater, mä awer ee klenge Liichtbléck. Am Podcast schwätzt d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui iwwert d’Léieren, déi aus dëser COP gezu kënne ginn

Wéi d’Fleegestatioun fir wëll Déiere mat enger Hëtztwell ëmgeet
Wien ee Wëlldéier fënnt, dat verletzt ass, kann dat op verschiddenen Plazen am Land ofginn. Mä um Enn landen déi Déieren all zu Diddeleng. Do gëtt et déi eenzeg Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Lëtzebuerg. Dës huet wärend der Hëtztwell vum Juni besonnesch ze kämpfe gehat. Dat, well besonnesch Vigel an där Zäit hir Kleng kritt hunn. D’woxx-Journalistin Yolène Le Bras war op Diddeleng, fir m

Um Tour mam Dynamobile
Zanter 1995 fuere Leit aus der Belsch ënnert dem Numm Dynamobile zesummen an d’Vakanz – mam Vëlo. Néng Deeg laang si ronn 130 Leit op zwee Rieder ënnerwee, ënnert hinnen och vill Kanner. Dëst Joer fiert hir Expeditioun duerch Lëtzebuerg, an d’woxx-Journalistin Yolène Le Bras huet si getraff. Am Podcast erkläert si, wisou grad déi intergenerationell Approche sou interessant ass, a wisou

D’Enn vu Filmland
An enger Woch maachen d‘Filmstudioen „Filmland“ zu Keelen hir Dieren endgülteg zou. Domadder geet no dräizéng Joer eng Ära op een Enn, déi fir déi audiovisuell Produktioun zu Lëtzebuerg ganz wichteg war. D‘Yolène Le Bras war fir eng Reportage an de Studioen an erzielt am Podcast dem María Elorza Saralegui, wéi grouss de Verloscht fir d‘Lëtzebuerger Filmindustrie ass, wisou Filmla

Kuddelmuddel ronderëm de Projet Alpha
Eng Etüd iwwert de Pilotprojet Alpha vun der franséischer Alphabetiséierung an der Grondschoul huet fir vill Debatte gesuergt. Virum allem well de Bildungsministère mat der Publicatioun vun der Etude ee puer méint gewaart huet. D’Resultater vun der Studien hunn iwwerdeems d’Erwaardungen net erfëllt. An dem Educatiounsminister Claude Meisch gëtt e Mangel vun Transparenz virgeworf. Am Po

Wat bedeit d’Urteel géint d’Marine Le Pen?
Dës Woch war den Dag vun der Entscheedung a Frankräich: De Cour d’Appell zu Paräis huet d’Strof fir d’Marine Le Pen zwar konfirméiert, mä an engem wichtegen Detail ofgeännert. Am Podcast diskutéiere mir, wat der rietsextremer Politikerin Marine Le Pen virgeworf ginn ass a wéi sech d’Urteel op déi franséisch Presidentewale wäert auswierken. Dobäi gi mir och op Parallellen zu

Ass Lëtzebuerg wierklech esou gutt bei der internationaler Klimafinanzéierung?
Am Kader vun der internationaler Klimafinanzéierung gi räich Länner Sue vun d’Länner aus dem Globale Süden, fir datt déi d’Klimakris mitigéiere kënnen. An awer och, fir datt si sech un d’Auswierkunge vun der globaler Erwiermung upasse kënnen. Lëtzebuerg steet relativ gutt: Obwuel vill Industrienatiounen hir Gelder gestrach hunn, wëll de Grand-Duché weiderhi vill Sue fir d’K

KI an Aarbecht
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
“KI geet d’Aarbechtswelt revolutionéieren” heescht et dacks wenn et um déi Diskussioun um d’Auswierkunge vu KI op eis Liewe geit. Och de Premier Luc Frieden beschreift Lëtzebuerg als eng Land déi “Pro-Tech” an “Pro-KI” ass. Mee wéi gesäit dat Ganzt wierklech am Aarbe

Wat bedeit den Asyl- a Migratiounspakt fir Lëtzebuerg?
Haut um Freiden ass den Asyl- a Migratiounspakt vun der EU a Kraaft getrueden. Esou just nach mat Zäit goufen déi entspriechend Gesetzer an der Chamber gestëmmt. Op Flüchtlingen, déi zu Lëtzebuerg Asyl ufroen, kommen domadder eng ganz Rëtsch Nodeeler duer, obwuel et och e puer punktuell Verbesserunge gëtt. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui wat sech konkret ännert

Blutspende: Anhaltende Diskriminierung
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
Erst im Mai hat das Luxemburger Rote Kreuz erneut Alarm geschlagen wegen niedriger Blutreserven – und das, obwohl potenzielle Spender hierzulande nach wie vor diskriminiert werden. Schwule und bisexuelle Männer müssen nämlich seither 12 Monate zölibatär leben, um Vollblut spenden zu dürfen – eine Regelung, die sic

KI-Wahn: Wann wird aus einem Etwas ein Jemand?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
Et ginn ëmmer méi Berichter iwwer Leit, déi duerch d’Notzung vu KI-Chatbots a Wahnzoustänn geréie sinn. Mä wéi genau geschitt dat? A firwat versoen d’Sécherheetsmecanisme vun dëse Systemer? D’Melanie Czarnik huet mam Psychiater a Psychotherapeut Marc Augustin geschwat, deen als ee vun den éischte

Frieden à mi-mandat : ensemble, vraiment ?
Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles.
Cette fois-ci, retour sur le discours sur l’état de la nation prononcé par le Premier ministre Luc Frieden le 19 mai. Entre appels répétés à la cohésion et au « vivre-ensemble », annonces sociales et fiscales, et silences éloquents sur les fina

Flexibel Psychiatrie fir schwéier Fäll
Et gëtt een neie Pilotprojet an der Psychiatrie zu Lëtzebuerg. De Konzept kënnt aus Holland, nennt sech „Fact“ a geet bei seng Patient*innen – egal, wou dat grad ass. Domadder sollen déi 20 Prozent vu psychesch kranke Mënsche gehollef kréien, déi an normale Strukturen net eens ginn, oder guer net emol an dëse System kommen, zum Beispill well si sech schummen. Och de Phänomen, datt beispillsweis Le

Klimagipfel zu Santa Marta
Am Bistro mat der Woxx
Klimagipfel zu Santa Marta
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
Russland war virum Irankrich wirtschaftlech ënner Drock: niddreg Uelegpräisser, ee Wuelfaartsfong, deen ëmmer méi kleng ginn ass a strukturell Problemer duerch d’Krichswirtschaft. Mee zënter den Ugrëffer vun den USA an Israel op den Iran an der Eskalatioun vun d

Wéi Russland vum Irankrich profitéiert
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
Russland war virum Irankrich wirtschaftlech ënner Drock: niddreg Uelegpräisser, ee Wuelfaartsfong, deen ëmmer méi kleng ginn ass a strukturell Problemer duerch d’Krichswirtschaft. Mee zënter den Ugrëffer vun den USA an Israel op den Iran an der Eskalatioun vun dem Konflikt huet sech d’Lag verännert. Am Podcast

Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd
Am Bistro mat der Woxx
Kënschtlech Intelligenz: Falsche Frënd
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
Vill Jonker benotze kënschtlech Intelligenz net nëmme fir d’Schoul oder Informatiounen, mee och als Gespréichspartner – heiansdo souguer als Ersatz fir Frëndschaften. Mat der Campagne „AI ≠ Human“ wëll d’Regierung Jugendlecher dozou bréngen, k

Der Lëtzebuerger Wirtschaft geet et net esou schlecht, wéi d’Patronat seet
All Joer mécht d‘Fondatioun Idea, déi vun der Chambre de Commerce finanzéiert ass, ee Rapport iwwert déi wirtschaftlech Lag vum Land. Si gesäit éischter schwaarz fir d‘Lëtzebuerger Ekonomie: Net genuch Wuesstem, net genuch Produktivitéit – an iwwerhaapt géif et ze vill Paperassen a Prozedure ginn. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wéi vill vum dem Rapport fir bor Mënz ze huelen as

Ungarn vor dem Systemwechsel?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
De Sonnde sinn an Ungarn Parlamentswale: No 16 Joer Fidesz-Herrschaft vum Viktor Orbán gëtt et eng reell Chance op e Regierungswiessel. De Géigekandidat Péter Magyar an seng Tisza-Partei leien a ville Ëmfroe vir. Mä och wann den Orbán verléiert: Säi System verschwënnt net einfach, well en sech déif an der ungaresc

Loftqualitéit: Op Käschte vun der Gesondheet
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
Zu Lëtzebuerg ass d’Loftqualitéit gutt. Op mannst steet dat meeschtens esou an der offizieller App an op offizielle Websäiten. Just ganz seele gëtt viru schlechter Loft gewarnt. Mä dat läit virun allem dorun, datt sech dobäi op al Grenzwäerter vun der EU bezu gëtt. Déi leien awer wäit iwwer de Recommandatiou

Pestiziden: Geféierleche Fréijoerscocktail?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.
Pestizidréckstänn bei Lëtzebuerger Äppel hu viru kuerzem fir hefteg Diskussioune gesuergt, mä de Problem limitéiert sech net just op Äppel. Och wann d’Réckstänn ënner de gesetzleche Grenzwäerter vun der EU leien, stellt sech d’Fro, wéi Pestiziden an der Kombinatioun wierken: Wat mécht de „Cocktail“ aus ver

Wéi d’Asylpolitik zu Lëtzebuerg ëmmer méi onmënschlech gëtt
Den Toun iwwert Asylpolitik gëtt ëmmer méi schaarf. Flüchtlinge ginn als potenziell Krimineller oder als Belaaschtung ugesinn, wéi zwou rezent Aussoe vu Ministere weisen. Mä déi Stëmmung schléit sech och a Gesetz ëm. Ee Beispill dofir ass de regroupement familial, bei dem d‘Regierung elo vill méi streng Reegele wëll ëmsetzen. An dëser Episod vum woxx–Podcast diskutéieren d‘María

Directive de la vigilance
Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles.
Cette semaine-ci, les journalistes Fabien Grasser et María Elorza Saralegui se centrent sur une directive européene concernant le devoir de vigilance. Considérablement affaiblie lors des négotiations au niveau européen et dorénavant adoptée, au Luxem

Wéi hëtze mir an der Zukunft?
Gas a Masutt ginn de Moment erëm méi deier, well Krich am noen Osten ass. Dat wier nieft dem Klimaschutz e weidere Grond, fir esou séier wéi méiglech op aner Methode fir ze Hëtzen ëmzeklammen. Bis 2050 wëll Lëtzebuerg klimaneutral sinn, da sollt et souwisou keng Gas– oder Masuttsheizunge méi ginn. Mä dat ass net esou einfach. De Mouvement écologique huet een 11–Punkte–Plang virge

Social-Media-Verbuet: Sécherheet oder Iwwerwaachung?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Soll Social Media fir Jugendlecher ënner 16 Joer verbuede ginn? An ëmmer méi europäesche Länner gëtt dat diskutéiert – och zu Lëtzebuerg. Als Argument gëllt de Schutz vun der mentaler Gesondheet. Mä d’wëssenschaftlech Evidenz ass méi nuancéiert wéi d’politesch Debatt et v

Geschlechtersensibel behandelen
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Laang Zäit gëllt de männleche Kierper als medezinesche Standard – an dat mat konkrete Konsequenzen. Frae ginn heefeg méi spéit diagnostizéiert, leiden dacks ënner méi staarken Niewewierkunge vu Medikamenter a weisen heiansdo aner Symptomer wéi Männer, déi net ëmmer erkann

Wat Wirtschaft a Biodiversitéit mateneen ze dinn hunn
De Weltbiodiversitéitsrot IPBES ass fir d’Biodiversitéit dat, wat de Weltklimarot IPCC fir d’Klima ass. Een neie Rapport vun dësem Expert*innengremium beschäftegt sech mat der Relatioun tëscht Ekonomie an Ökologie. Wien elo mengt, datt et jo souwisou kloer ass, datt d’Wirtschaft d’Ëmwelt zerstéiert, läit zwar net ganz falsch, mä ganz korrekt ass et och net: Vill Beräicher v

Wisou et fir LGBTIQA-Persoune wichteg ass, Virbiller ze hunn
Wärend op sozialen Netzwierker d’Diskussiounen ëm genderneutral Toiletten a Schoule gefouert goufen, huet de leschte Freiden d’LGBTIQA-Gemeinschaft zu Lëtzebuerg sech selwer gefeiert. Am Rainbow Center goufen d’LGBTQIA+ Role Model Awards verginn. D’Melanie Czarnik war fir d’woxx op der Plaz an erzielt am Podcast, wat hir Andréck waren, wisou et wichteg ass, gutt Virbi

Wéi Fraen am Prisong duebel bestrooft ginn
Een neie Rapport vum Ombudsman wéist op een néits, datt Fraen zu Lëtzebuerg am Prisong weiderhin ongläich behandelt ginn. Dat läit engersäits dorunner, datt d’Untersuchungshaft an déi Verurteelt net getrennt sinn, mä och u generell méi schlechten Haftkonditiounen, méi schlechter medezinescher Versuergung a stereotyppen Atelieren. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin Melanie Czarnik,

Kënschtlech Intelligenz a Musek: Wien spillt hei eigentlech?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Musek, déi net méi vu Mënschen, mee vun Algorithme komponéiert gëtt, ass längst am Alldag ukomm. Op Streaming-Plattformen zirkuléieren ëmmer méi Lidder, déi ganz oder deels vu kënschtlecher Intelligenz generéiert sinn – dacks ouni datt d’Lauschterer*innen dat iwwerhaapt m

Umgehungsstrooss Niederkerschen
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Zanter Jorzéngten gëtt zu Niederkerschen iwwer eng Umgehungsstrooss diskutéiert. Elo hält d’Regierung trotz staarker Kritik un de Pläng fest: D’Bauaarbechte sollen ufänken, nach éier e Geriicht iwwer eng ageleet Klo entscheet huet. D’Trass géif duerch geschützte Bësch- a

EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
No Joerzéngte vu Verhandlungen kéint d’EU-Mercosur-Abkommen elo séier Realitéit ginn. An enger geopolitësch ugespaanter Situatioun huet Italien seng Blockade opginn – domat ass eng qualifizéiert Majoritéit am EU-Rot erreechbar, an eng Ënnerschrëft kéint schonn an de komme

Wunderwaffe CO2-Speicher?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
CO₂ ofschäiden, späicheren oder notzen – dës Technologien ginn zanter Joren als méigleche Wee aus der Klimakris gehandelt. Kritiker*innen gesinn doranner awer virun allem eng Strategie, fir strukturell Verännerungen ze vermeiden. Elo wëll och d’CSV-DP-Regierung op dëse We

Bodenschutz: Op wackelegem Buedem
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Gesond Biedem si fundamental fir d’Biodiversitéit, d’Liewensmëttelsécherheet an de Klimaschutz – a stinn dach laang am Schiet vun aneren Ëmweltthemen. Mat enger neier EU-Direktiv soll sech dat änneren: Zanter dem 16. Dezember ass fir d’éischt e gemeinsaame Kader fir d’Iww

De laange Wee zur barrièrefräier Kultur
Vill ëffentlech Kulturhaiser kënne mat engem Rollstull besicht ginn, well si esou ëmgebaut goufen, datt dat méiglech ass. Mä iwwerall do, wou d’Kultur méi am Ënnergrond ass – zum Deel wuertwiertlech, nämlech am Keller – ass dat schwéier bis onméiglech. An dëser Episod vum Podcast erkläert d’Melanie Czarnik, wisou grad dacks déi klengste Kultur-Veranstalter*innen net barrièrefräi sinn.

Antirassismus: E Plang ouni Bëss?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.D’Regierung huet de laang erwaarten nationalen Aktiounsplang géint Rassismus virgestallt – e Plang, deen no bal 50 Joer ICERD-Ratifikatioun endlech konkret Politik versprach hätt. Mä d’Reaktioune ware séier kloer: ze wéineg Verbindlechkeet, ze vill Lück, a kee kloert Verst

D’COP30 ass eriwwer – eis Bilanz
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Bei der 30. Klimakonferenz am brasilianesche Belém gouf vill erwaart – an d’Enttäuschung war um Enn entspriechend grouss. Chaotesch Verhandlungen, eng ëmmer méi dominant Fossillobby an en Ofschlusstext, deen sech op dat absolut Minimum beschränkt. Dobäi war et grad eng CO

Wisou ginn et esou vill aarm Leit zu Lëtzebuerg?
Ronn ee Fënneftel vun der Bevëlkerung ass dem Risiko vun Aarmut ausgesat – an dat am räiche Lëtzebuerg. D’Melanie Czarnik huet méi genee zu dem Thema recherchéiert an erkläert am Podcast, wisou elengerzéiend Eltere besonnesch betraff sinn, a wisou de Phänomen vun den “working poor” ëmmer méi grouss gëtt. Et geet awer net just ëm eng Bestandsopnam, mä och ëm d’Scheier tëscht

Deux ans de gouvernement CSV-DP : Dialogue en panne
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Deux ans après l’arrivée au pouvoir du gouvernement Frieden, le dialogue social semble au point mort. Ministres critiqué·es, tensions avec les syndicats, rumeurs de remaniement…Le journaliste Joël Adami revient avec Fabien Grasser sur un article qui dresse le bilan d’un e

Vum Kyoto-Protokoll bis COP30
Am Bistro mat der Woxx
Episod 358 – Vum Kyoto-Protokoll bis COP30
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Am Dezember 2015 gouf zu Paräis e Klimaaccord beschloss, dee weltwäit Hoffnungen ausgeléist huet. Zéng Joer méi spéit ass vun där Euphorie wéineg iwwreg – d’Klimaziler ginn ëmmer nach verfeelt, an och L

D’Robotaxi-Illusioun
Episod 358 – D’Robotaxi-Illusioun
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
An dëser Episod geet et ëm eng Zukunftsvisioun, déi ëmmer méi no kënnt: automatiséiert Fueren. D’Regierung huet d’Strategie „Automatiséiert Fueren 2028“ presentéiert an domat grouss Pläng ugekënnegt – bis hin zu Robotaxien op eise Str

Iwwert Suizid schwätzen léieren
Episod 357 – Iwwert Suizid schwätzen léieren
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
An dëser Episod geet et ëm e schwéiert, mä wichtegt Thema: Suizidpräventioun. D’Ligue luxembourgeoise d’hygiène mentale huet eng nei Formatioun gestart, déi dozou bäidroe soll, datt méi Mënschen léieren, wéi ee mat Persounen an

D’Moossname fir d’CNS si just eng Plooschter
D‘Quadripartite huet d‘Gesondheetskeess CNS net gerett, mä just dofir gesuergt, datt de System elo weider zwee Joer ka lafen. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser wat decidéiert ginn ass a wisou déi Mesuren awer warscheinlech just zwee Joer laang dofir suerge wäerten, datt sech d‘finanziell Lag vun der CNS verbessert. Mir schwätzen och iwwert Revendicatioune vun der AMMD, déi zu

Kënschtlech Intelligenz: D’Folgen fir d’Ëmwelt
Kënschtlech Intelligenz: D’Folgen fir d’Ëmwelt
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Wéi vill Energie verbraucht Kënschtlech Intelligenz a firwat gëtt doriwwer esou wéineg geschwat?Et geet ëm gigantesch Rechenzentren, risege Stroumverbrauch an e Klimafoussofdrock, deen dacks verschleiert gëtt. De Joël Ada

Marschmusek amplaz Techno-Beat? Wisou d’Arméi ee Stand um LOA hat
Bei der leschter Editioun vum Lëtzebuerger Technofestival „Luxembourg Open Air“ hat d’Arméi ee Stand fir jonk Leit ze rekrutéieren. Wéi dat bei „Peace Love Unity Respect“, de Motto vun der Technozeen, passe sollt, wollt eng Lieserin vun der woxx wëssen. De Fabien Grasser huet probéiert, dat erauszefannen – an huet fir d’woxx analyséiert, wéi d’Recrutementsstrategie vun der Lëtzeb

Lipödem: Beine wie Blei
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Dës Woch geet et ëm d’Krankheet Lipödem, eng Fettverdeelungsstéierung, déi bal ausschliisslech Fraen a Persoune betrëfft, déi „assigned female at birth“ waren. Vill Betraffen leiden ënner schwierege Schmäerzen an enger schlechter Liewensqualitéit – dacks ouni datt d’Geson

Wasserstoff made in Luxembourg: Das Pilotprojekt Echo-Wave
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Dës Woch geet et ëm e wichtege Schrëtt an der Energiewend zu Lëtzebuerg: Mat „Echo-Wave“ soll tëscht Kehlen a Keispelt déi éischt lokal Produktiounsanlag fir nohaltege Waasserstoff entstoen. Ab 2027 kéint do gréngen Energiecarrier hiergestallt ginn, virun allem fir

Flüchtlinge maachen op onhaltbar Zoustänn an ONA-Strukturen opmierksam
Dës Woch hu Flüchtlinge mat engem oppenen Bréif an enger Pressekonferenz op déi onmënschlech Liewensbedingungen an de Strukture vum ONA, wou si ënnerkomm sinn, opmierksam gemaach. Si hu keng Privatsphär, dacks ass d‘Hygiène schlecht an d‘Sécherheet, besonnesch vu Fraen, net garantéiert. Am Podcast erkläert d‘woxx–Journalistin María Elorza Saralegui, wéi si déi Kritik anuerd

Wirtschaftlech Interessen a Protester – D’Verbindungen tëscht Lëtzebuerg an Südafrika zur Zäit vun der Apartheid
Den 10. September ass et 40 Joer hir, datt op engem Treffe vun den EG-Ausseminister*innen iwwert Sanktioune géint Südafrika geschwat ginn ass. Mir hunn dat als Ulass geholl, fir zeréckzekucken op déi wirtschaftlech Verflechtungen tëscht Lëtzebuerg a Südafrika wärend der Zäit vun der Apartheid. Et gouf awer net just eng Fluchlinn a vill Relatioune mat der Finanzplaz, mä och Protest do dogéint. D

D’Enn vu Windows 10: Wat elo?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Den 14. Oktober 2025 stellt Microsoft de Support fir säi Betribssystem „Windows 10“ an. Weltwäit kéinten da Millioune funktionéierend Computeren zu Elektroschrott ginn – och hei zu Lëtzebuerg. An dëser Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami iwwert d’Konsequ

Eliteschule für Massenmörder: Die ehemalige NS-„Ordensburg“ Vogelsang
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Zwou Stonnen vun der Stad ewech, an der idyllescher Eifel, steet eng imposant NS-Hinterloossenschaft: d’„Ordensburg Vogelsang“. Wat wéi e Monument ausgesäit, war tatsächlech eng Eliteschoul fir déi nationalsozialistesch Administratioun. An dëser Episod vun Am Bistr

Agriculture biologique : Résistance préventive à Arlon
Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles.
Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles.
Cette fois-ci, direction Arlon, où un collectif citoyen tente de sauver un champ cultivé en b

PFAS: Geféierlech Verbindungen an héich Interessen
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Am Reemantel, am Krunnewaasser – an an de Comitéen zu Bréissel. D’PFAS-Chemikalien, och „Ewigkeitschemikalien“ genannt, sinn net nëmmen iwwerall an eiser Ëmwelt, mee och an de Netzer vun der Industriepolitik vertratt. An dëser neier Episode vun Am Bistro mat der wox

Wat heescht d’Klimaschutz-Gutachte vum IGH fir Lëtzebuerg?
De leschte Mëttwoch huet den Internationale Geriichtshaf (IGH) zu Den Haag een historescht Gutachte verëffentlecht. Et geet dobäi ëm d‘Verantwortung zum Klimaschutz vun alle Staaten, an ëm d‘Fro, ob Schuedenersatzfuerderunge méiglech sinn. A béide Froe war d‘Äntwert vum IGH jo. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wéi dëst Urteel bewäert gëtt a wat et fir Lëtzebuerg heesche kéint. K

Was ist toxische Männlichkeit?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Toxesch Männerbilder sinn net just eng Saach vu Social Media. Wat Influencer op TikTok verbreeden oder Parteien a Walcampagnen zementéieren, huet och en Impakt op jonk Männer hei am Land – op hiert Selbstbild, hiert Verhalen an hir Gesondheet. D’Melanie Czarnik ass der Fr

Wou sinn iwwerall Ewigkeitschemikalien zu Lëtzebuerg?
Am Reemantel, an der Pan, am Läschschaum vun de Pompjee an an dausend anere Saachen. Déi sougenannt Ewigkeitschemikalien, och als PFAS bekannt, sinn iwwerall. Dat heescht awer och, datt sech hir Ofbauprodukter mëttlerweil iwwerall erëmfannen, besonnesch am Waasser: An eise Flëss a Bachen, am Grondwaasser an och am Krunnewaasser. Eng méintlaang Recherche vun der woxx wéisst, wou d‘PFASen iwwe

Psychische Gesundheit und LGBTQIA+
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
D’mentalt Wuelbefanne vu queere Persounen ass net nëmmen eng Fro vun Therapieplazen. Wat a Budapest oder Washington geschitt, huet och en Impakt op Lëtzebuerg – op d’Liewensqualitéit, op d’Sécherheetsgefill, op d’Gesondheet. D’Melanie Czarnik huet mat Fachleit, Aktivist*i

Wéi ka Sport fir jiddereen*t sinn?
„Design for all“ heescht eng Philosophie, mat där Barrierefräiheet net just nodréiglech agebaut, mä vun Ufank u matgeduecht soll ginn. Och am Sport kann een*t dat ëmsetzen – wann een*t just wëll. D’Melanie Czarnik wat sech de Gym „Iron Sparks“ ukucken, deen dat zu Esch op enger neier Plaz ëmsetzt. Nieft deene praktesche Saache ginn et awer och an der Virgoensweis vill Saachen, déi ee beuechte muss

Am Bistro mat der woxx #339 – Zebrastreifen-Affäre: Der lange Weg zur Transparenz
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Was mit einem Projekt zur Verkehrssicherheit begann, wurde zum Symbolfall für Intransparenz und Machtspiele in der Kommunalpolitik. In dieser Episode sprechen wir über die sogenannte Zebrastreifen-Affäre. Jahrelang weigerte sich die Stadt Luxemburg, dem Zentrum fir urban

Mam Platzverweis renforcé an den autoritäre Staat?
An dëser Episod schwätze mir iwwert de Gesetzesprojet vum Platzverweis renforcé, dee vill Kritik krut. Dat Thema steet awer net eleng fir sech, mä wéisst op eng gréisser Entwécklung hin, déi ganz besuergneserreegend ass. Et gëtt net nëmmen ëmmer méi schwiereg, als aarm Persoun am ëffentleche Raum ze existéieren, mä och fir Aktivist*innen a Journalist*innen kéint et séier geféierlech ginn. D’

Onhygieenesch Zoustänn a Lëtzebuerger Flüchtlingsstrukturen
Ee Bericht vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot wéist op schlëmm Conditiounen an de Strukturen, déi Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ophuelen, hin. D’woxx-Journalistin María Elorza konnt de Bericht liesen, an och aner Dokumenter, wéi zum Beispill Fotoen, gesinn. Do ass ze gesinn, datt d’Liewenskonditiounen an deene Strukture schlëmm sinn, sou ginn et ganz onhygieenesch Sanitäranlagen, mä awer och Problemer m

Wéi vill Klimaschutz wëll d’Lëtzebuerger Bevëlkerung?
Eng rezent Etüd vum Observatoire de la politique climatique huet d’Leit zu Lëtzebuerg gefrot, wéi si zur Klimapolitik stinn. An d’Majoritéit vun der Bevëlkerung ass fir méi Klimaschutz. D’María Elorza huet sech d’Etüd ugekuckt a schwätzt am Podcast iwwert d’Detailer vun de Resultater. Sou gëtt et net nëmmen Ënnerscheeder tëscht jonk an al, mä och tëscht aarm a räich.

Frae-Selbstschutz
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Dës Woch geet et ëm Frae-Selbstschutz: Tëscht Krav Maga, Orange Week a politescher Verantwortung stellt sech d’Fro, wat esou Coursë wierklech bréngen – a wat se net kënnen. Melanie Czarnik huet mat Trainer*innen an Expert*innen geschwat, an erzielt, firwat et heiansdo e G

Eng lëtzebuergesch Delegatioun an der Ukrain
D’lescht Woch waren d’Arméisministesch Yuriko Backes an de Bausseminister Xavier Bettel vir een Dag an der Ukrain. Mat dobäi war och ee Grupp Journalist*innen, ënnert hinnen och den Thorsten Fuchshuber vun der woxx. Hien erkläert am Podcast, wisou dës Rees stattfonnt huet, wisou d’DP-Minister*innen dës Kéier och d’Press invitéiert haten a wéi déi lëtzebuergesch Delegatioun

Am Bistro mat der woxx #332 – Schlaganfall in jungen Jahren
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
E Schlaganfall kënnt dacks aus dem Näischt – a fir vill Betraffener schléit en tatsächlech aus heiterem Himmel. An dëser Episod schwätze mir iwwert e wichtegt awer nach ëmmer ënnerschatte Gesondheetsthema: Firwat gëtt et ëmmer méi jonk Mënschen, déi en Schlaganfall

Am Bistro mat der woxx #330 – Digitale Abhängigkeit
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Déi meescht Software, déi zu Lëtzebuerg an der Verwaltung benotzt gëtt, kënnt vu grousse US-Techkonzernen – Microsoft, Google, Amazon a Co. A mat engem Trump, dee rem an der Regierung ass, stellt sech d’Fro: Wat passéiert, wann dës Konzerner op eemol net méi wëllen oder d

Online-Psychotherapie ass nëtzlech, mä wisou gëtt se net rembourséiert?
Et gi vill Grënn, fir eng Psychotherapie-Sëtzung per Videokonferenz ofhalen ze wëllen: Et ass een*t a senger Mobilitéit ageschränkt, et huet een*t eng ustiechend Krankheet oder sëtzt esou déif an enger Depressioun oder Angschtstéierung, datt een*t grad net virun d’Dier kann. Egal wéi: Dacks sinn et déi Krisemomenter, wou et besonnesch wichteg wier, fir Therapie kënnen an Usproch ze huelen. M

Am Bistro mat der woxx #328 – Kein Begehren? Kein Problem! Asexualität und Aromantik
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Asexualitéit – e Wuert, dat fir vill Leit nach onbekannt ass. Awer fir aner ass et eng wichteg Identitéit, déi se endlech beschreift. Am Podcast vun haut schwätze mir doriwwer, wat et heescht, keen sexuellt Verlaangen ze spieren, firwat dat näischt mat Krankheet ze dinn h

Wéi Senior*innen sech an d’Klimabeweegung abréngen
Bei der Klimabeweegung denkt een*t vläicht als éischt u jonk Leit, déi Freides op d’Strooss ginn oder sech op d’Strooss pecht. Zu Lëtzebuerg waren dës zwou Aktiounsformen zwar ni immens staark, mä trotzdeem dominéieren esou Biller den ëffentlechen Discours. Mä et ginn och ganz aner Klimaaktivist*innen, déi och mat anere Methode schaffen. Esou zum Beispill d’Klimasenior*innen, ëm

Wann den Dierwiechter an d’Flüchtlingsheem kënnt …
Zu Lëtzebuerg gëtt et ee Mangel u Plazen a Strukture fir Leit, déi geflücht sinn. Zesumme mat dem extrem iwwerlaaschte Wunnengsmaart feiert dat zu Situatiounen, datt Leit aus de staatleche Strukturen expulséiert ginn. Hir eenzeg ëffentlech Alternativ ass dann déi sougenannt Maison de retour – oder d’Wanteraktioun. Am Podcast erkläert d’María Elorza, wéi et zu dëser Situatioun komm ass

D’Situatioun vun de Roma zu Lëtzebuerg
Et gi vill Virdeeler iwwert Roma, an zu Lëtzebuerg sinn dës besonnesch staark, wéi déi rezent Diskussiounen iwwert Heescheverbuet gewisen hunn. De Fabien Grasser huet fir d’woxx mat zwou Associatiounen, déi sech d’Roma zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun asetzen, geschwat. Hien erkläert am Podcast, wat Problemer a Virurteeler sinn a wat fir Widderstänn et an der Lëtzebuerger Politik g

Wisou Logement ee feministescht Thema ass
De Wunnengsproblem zu Lëtzebuerg ass grouss – eng Tatsaach, där sech déi meescht Leit wuel bewosst sinn. Wéineger bekannt ass awer, datt de Logement och ee feministescht Thema ass. Wisou dat esou ass, erkläert d’Tatiana Salvan an dëser Episod vum woxx-Podcast. Et geet ëm Diskriminéierung, Lounënnerscheeder an d’Fro, wat d’Politik ënnerhëlt. Ausserdeem stelle mir d’Fuerderun

Méi a méi séier bauen: Op Käschte vun der Natur?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
An dëser Episod schwätzt de Joël Adami mat der Melanie Czarnik iwwer d’Reform vum Naturschutzgesetz an d’Kritik, déi dës mat sech bréngt. Wéi kann d’Regierung d’Natur schützen a gläichzäiteg méi Wunnraum schafen? A geet et hei wierklech ëm eng equilibréiert L

Wat Schwerhörigkeit mat psychescher Gesondheet ze dinn huet
An dëser Episod vum Podcast schwätzen d’Melanie Czarnik an de Joël Adami doriwwer, wéi et ass, net gutt ze héieren. Mir gi gewuer, wat d’Ursaache fir Schwerhörigkeit kënne sinn, an diskutéieren, wéi dat och erëm op op d’Psych schloe kann. Mir beliichten d’Situatioun zu Lëtzebuerg, déi duerch d’Méisproochegkeet net grad einfach ass, an dofir och héich Ufuerderungen un

Klimakrise: Pläne der Regierung, Forderungen der CSL
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.
Haut schwätze mir iwwert d’Klimakris an hir Auswierkungen op Lëtzebuerg. Wéi hu sech d’Temperature bei eis verännert, a wat sinn déi konkret Konsequenzen fir d’Natur an d’Aarbechtswelt? De Joël Adami erkläert, wéi d’Regierung mam neie Klimaup

Wisou ass et wichteg, iwwer Suizid ze schwätzen?
Haut schwätze mir iwwert ee komplext an onangeneemt Thema, nämlech Suizid. Wisou ass et wichteg, iwwert Suizid ze schwätzen an och dat Wuert ze benotzen? Wat kann ee*nt maachen, wann ee*nt mat enger Persoun konfrontéiert ass, déi suizidär Gedanken äussert? D’Melanie Czarnik an de Joël Adami diskutéieren net just iwwert déi Froen, mä schwätzen och doriwwer, wat fir gesellschaftlech Gruppe bes
Recommandé

Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani

Ëmgefall an Ausgelaf

RTL Infos - La Route des Vins du Luxembourg - Domaines viticoles, conseils oenologiques et joyaux à déguster

Automag

DNA: Luxembourg Crime Podcast

Vu Gemeng zu Gemeng

Status 5 - De CGDIS Podcast

Song 2

🌱 From the Ground to the Growth – Luxembourg

Gréng op den Oueren

35M Elevator Pitch

Kamel Sans Filtre