Accueil Podcasts Coachseet
Coachseet

Coachseet

Maggy an Anne 21 Épisodes sept. 17, 2026

Am Podcast „Coachseet“ huelen d’Maggy an d’Anne Iech mat op hir Rees als Profibasketballspillerinnen. Si deelen hir schéinste Erliefnisser um Terrain, awer schwätzen och éierlech iwwer d’Erausfuerderungen, déi si misse meeschteren. Zousätzlech diskutéieren si iwwer Basket am Allgemengen, d’Entwécklung vum Sport, mental Gesondheet an Training. Si thematiséieren och, wat et heescht, als Fra am Profisport säin Deel bäizedroen.

Épisodes

Episode 22: Eng voll Haal ass net genuch? Frae-Basket-WM
Episode 22: Eng voll Haal ass net genuch? Frae-Basket-WM sept. 17, 2026 00:55:09 An dëser Episod schwätze mir iwwer d’Fraen-WM an d’Entwécklung vum Fraesport. D’Fraen stoungen am Virdergrond, d’Stadien ware gefëllt an d’Interesse vu Fans a Zuschauer war grouss. An awer weisen e puer Kommentarer, datt d’Diskussioun ëm d’Investitiounen an de Fraesport nach laang net eriwwer ass.Firwat gëtt nach ëmmer betount, datt am Dammesport manner investéiert gëtt wéi bei de Männer? A wat se
Episode 21: Fraesport a Gefor? D’Debatt ëm Trans Athletinnen & d’Basket-WM
Episode 21: Fraesport a Gefor? D’Debatt ëm Trans Athletinnen & d’Basket-WM sept. 3, 2026 00:45:45 An dëser Episod schwätze mir iwwer eng aktuell an kontrovers Diskussioun am Fraebasket: Wéi soll de Sport mat transgender Athletinne ëmgoen? Eng transgender Spillerin kéint sech fir den WNBA Draft 2027 umellen – an domat stellt sech d’Fro, ob a wéi si dierf matspillen, wat „fair“ am kompetitive Sport bedeit a wéi de Fraesport geschützt ka ginn.Mir diskutéieren déi verschidde Perspektiven, d’Argume
Episode 20: Arrogant oder just selbstbewosst?
Episode 20: Arrogant oder just selbstbewosst? août 21, 2026 00:49:37 An eiser 20. Episod schwätzen mir iwwert d’Fro: Wéini ass een eigentlech selbstbewosst – a wéini wierkt een einfach arrogant? Mir kucken och, firwat Selbstbewosstsinn bei Männer a Fraen heiansdo ganz anescht ugesi gëtt.Ausserdeem schwätze mir iwwert d’U16-EM bei de Meedercher, déi grad zu Lëtzebuerg gespillt gëtt, a wat do alles lass ass. A well Lëtzebuerg natierlech seng eege speziell Sprooch hue
Episode 19: Ouni Club – Wéi geet een domat ëm?
Episode 19: Ouni Club – Wéi geet een domat ëm? juil. 24, 2026 00:49:21 An dëser Episod schwätzt d'Maggy driwer iwwer eng vun de schwieregste Phasen an hirer Karriär. Nodeems mir an der leschter Episod kuerz ugedeit haten, datt si hire Club verléisst, geet et dës Kéier méi an den Detail.Wéi ass et, ouni Club an eng nei Saison ze goen? Wéi vill Drock mécht esou eng Onsécherheet mental? A wéi bleift een motivéiert, wann d'Zukunft nach net feststeet?D'Maggy erzielt oppen
Episode 18: Keng Off-Season fir de Kapp
Episode 18: Keng Off-Season fir de Kapp juin 11, 2026 00:53:30 An dëser Episod starte mir mat engem Réckbléck op mäi (Anne) Basketstage zu Barcelona. Ech erzielen vu mengen Andréck, den Trainingen, der Atmosphär an allem wat ech aus dëser Erfarung matgeholl hunn. Och wann d'Maggy dës Kéier net mat dobäi war, gouf et genuch Geschichten ze deelen.Duerno schwätze mir iwwert en Thema, dat all Sportler kennt: Drock. Firwat verschwënnt en eigentlech ni? Egal ob an
Episode 17: Lëtzebuerger Basket am Fokus: Gläichberechtegung, nei Reegelen an All-Star Vibes
Episode 17: Lëtzebuerger Basket am Fokus: Gläichberechtegung, nei Reegelen an All-Star Vibes mai 30, 2026 00:53:28 An dëser Episod setze mir de Fokus op de Lëtzebuerger Basket. Mir diskutéieren iwwer d'Iwwerdroung vum Häre-Match op RTL an d'Fro, firwat de Basket vun den Dammen net déi selwecht Visibilitéit krut. Eng Diskussioun iwwer Gläichberechtegung, Mediepräsenz an d'Entwécklung vum Basket zu Lëtzebuerg.Donieft schwätze mir iwwer eng nei Regel, déi rezent decidéiert gouf, a wat si fir d'Spiller, Veräiner a
Episode 16: Update eis Season ass eriwer
Episode 16: Update eis Season ass eriwer avr. 24, 2026 00:47:18 An dëser Episod schwätzen d’Maggy an ech, d’Anne, iwwert d’Enn vun eiser aktueller Saison. Mir kucken zeréck op déi lescht Méint, deelen eis Erfarungen, Highlighten an och d’Erausfuerderungen, déi mir erlieft hunn.Ausserdeem schwätze mir driwwer, wat fir eis an der nächster Saison usteet – eis Ziler, Motivatioun an op wat mir eis am meeschte freeën.Natierlech geet et och ëm de Summer: wéi mir eis
Episode 15: Mir sin zeréck: 2 Méint Paus & alles wat geschitt ass...
Episode 15: Mir sin zeréck: 2 Méint Paus & alles wat geschitt ass... avr. 9, 2026 00:50:59 No enger Paus vu ronn 2 Méint si mir endlech zeréck 🎙️ An dëser Episod huele mir eis Zäit fir alles nozeschaffen, wat an där Zäit geschitt ass.Mir schwätzen iwwert eis eege Basketball-Saison, déi elo fir d'Anne eriwwer ass, zéien e klore Fazit a deelen eis Erfarungen während eiser National Ekipp Paus mat Iech mat. Donieft kucke mir och op d’Playoffs, wou d’Maggy nach voll am Rennen ass, a ginn eis
Episode 14: Vun der Virbereedung bis zur Victoire - mam Cathrin Wolff
Episode 14: Vun der Virbereedung bis zur Victoire - mam Cathrin Wolff févr. 12, 2026 00:42:04 An dëser Episod schwätze mir mat der Cathrin Wolf iwwert d’Final vun der Coupe du Luxembourg am Fraenbasket. Mir kucken zeréck op d’Virbereedung, d’Emotiounen nom Ofpiff an d’Feierlechkeeten – an natierlech och op dat nächst grousst Zil: den Doublé
Episode 13: Gestresst, benodeelegt – an d'Reegel mécht et net besser
Episode 13: Gestresst, benodeelegt – an d'Reegel mécht et net besser janv. 29, 2026 00:50:35 Am Podcast vum Maggy an Anne schwätze mir oppen iwwert dat, wat vill betrëfft mee nach ze dacks ënner den Dësch gefall gëtt: Stress am Alldag, Ongläichheet tëscht Fraen a Männer, an och iwwert e Sujet, deen nach ëmmer tabuiséiert gëtt – d’Reegel.Mat Éierlechkeet, Humor an perséinlechen Erfarunge hannerfroe mir gesellschaftlech Normen, de Mental Load, an firwat Frae sou dacks „méi matdroen“. En Pod
Episode 12: No der Néierlag: D’Stëmmung an der Ekipp
Episode 12: No der Néierlag: D’Stëmmung an der Ekipp janv. 8, 2026 00:38:08 An dëser Episod schwätze mir, d’Anne an d’Maggy, iwwert déi Momenter, déi net ëmmer einfach sinn: wann d’Ekipp verléiert. Mir deelen eis Erfarungen a schwätzen doriwwer, wéi Traineren an esou Situatioune reagéieren, wéi sech den Toun an d’Atmosphär änneren, a wéi dat d’Ekipp als Ganzt beaflosst.Et geet ëm Frustratioun, Drock, Kommunikatioun – mee och ëm Zesummenhalt, Léieren a Respekt. Eng éierlec
Episode 11: En anert Joer hannert eis – 2026 virun eis
Episode 11: En anert Joer hannert eis – 2026 virun eis déc. 18, 2025 00:49:05 An dëser Episod schwätze mir kuerz iwwert dem Anne säi Match am Eurocup, ier mir zesummen e Réckbléck op eist Joer 2025 maachen. Wat ass gutt gaangen? Wat war méi schwéier? A wat hu mir doraus geléiert? Zum Schluss kucke mir no vir a schwätzen iwwert eis Ziler, Erwaardungen a Pläng fir 2026. Éierlech, reflektiv a mat enger Portioun Humor.

Recommandé