
RGL – Radio Gutt Laun ass de Lokalradio vu Schëffleng a spillt Oldien, franséisch Musek, Schlager a Musek aus Lëtzebuerg. Am Owend gëtt et Rock- a Jazs-Emissiounen, dobäi Meteo, Service de Garde, Kachsendungen an den RGL Agenda. D'Equipe produzéiert benevol e Programm ronderëm d'Auer, deelweis och op Franséisch an Italienesch.