
Den opus 100,7 ass de Radiossender fir klassesch Musek zu Lëtzebuerg an e Schwësterprogramm vum radio 100,7, vun deem en d'Noriichten iwwerhëlt. Iwwer 20 Prozent vun der Sendezäit si Produktiounen a Museker aus Lëtzebuerg gewidmet, dorënner exklusiv Concertsopnamen, déi den 100,7 fir sech an dee vun der EBU produzéiert. De Sender gëtt vum Média de service public 100,7 bedriwwen, spillt keng Publicitéit a war bis Dezember 2025 rengen Internetradio, zënterhier och iwwer DAB+.