Accueil Podcasts Erklär&Laach
Erklär&Laach

Erklär&Laach

Baschti, Philippe a Joe 147 Épisodes oct. 19, 2026

Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt. Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.

Épisodes

Ep.142: Duck Féiss Revival mam Argent Difficile
Ep.142: Duck Féiss Revival mam Argent Difficile oct. 19, 2026 01:04:52 De bis elo réischt 3. Gaascht an der joerdausenden aler Geschicht vun eisem Podcast ass e Mann wéi e Molotov-Cocktail - den Argent Difficile. Bekannt als Tiktok-Geess huet hie mat sengem Stream viru kuerzem ugefaang, Duck-Féiss-Watchparties ze feieren an sou dat aalt Comedy-Wëssen un déi kommend Generatioune virunzeginn. Bei deem Bildungsoptrag hëllefe mir natierlech gär aus a qualifizéieren eis a
Ep.141: Methadon fir RTL-Kommentarer
Ep.141: Methadon fir RTL-Kommentarer oct. 5, 2026 01:04:20 Wien den däischtere Sumpf vun den RTL-Kommentarer vermësst, deen ass hei op der richteger Plaz: Mat populistesche Schenkelklopfer wéi "Souguer dat huelen se eis fort!", oder dee beim Kolleg Max Feller beléifte Sproch "Dat war bestëmmt e Franzous!" (Quell vun dëser Info: D'Zeitung "Land", mir iwwerhuele keng Responsabilitéit) kritt hei de rosenen an/oder verzweifel
Ep.140: Vum falsche Wee ofkomm
Ep.140: Vum falsche Wee ofkomm sept. 21, 2026 01:10:19 Et ass Erklär&Rentrée. Mir hunn eis am Fong bedeckt gehalen, fir net mat de PISA-Resultater a Verbindung bruecht ze ginn, mee lo si mir wéi e schwéire Fall vun Herpes awer nees ongewollt zréckkomm. Kommt mir maachen dat bescht draus...
Ep.139: End of Season Party
Ep.139: End of Season Party juil. 27, 2026 00:51:03 Fir den Ofschloss vun der Saison an den Ofschoss vum Summer ze feieren, stierze mir eis an d'Vakanzentipps, déi dir onbedéngt nach fir déi kommend Woche braucht.An no der Fold stierze mir eis direkt an de Summerschlof, dee mat Dom Pérignon a Wachteleeër standesgemäss erbäigefouert gëtt. Vill Spaass, a bis am Hierscht!DK HMDL, är 3 Idiote vun der Tankstell
Ep.138: Schwaarzt Summerlach
Ep.138: Schwaarzt Summerlach juil. 13, 2026 01:04:32 Canicule? Technesch Problemer? Politesch sensibel Themen?Ass eis alles egal. Mir maachen et sou, wéi eisen Här, den T the Boss, et schonn ëmmer gepriedegt huet: Mir bleiwe staark, mir ginn eise Wee.Mat Themen vun A wéi Fifa-Skandal bis Z wéi Zäppchen ass nees fir vill onnëtzt Hallewwësse gesuergt. Dofir sti mir mat eisem Numm.
Ep.137: Noutfallbetrib wéinst Iwwerhëtzung
Ep.137: Noutfallbetrib wéinst Iwwerhëtzung juin 26, 2026 01:02:55 Lëtzebuerg schweesst sech duerch d'Hëtzt, a mir leeën nach e puer déck Stécker Holz op d'Feier: De Pippo zielt vu sengem Aura Farming um Nationalfeierdag, de Joe seet der ganzer Welt Merci (?!) an de Baschti ass weiderhinn keen nationale Fussballheld. Dozou geselle sech weider Themen, déi fir en Hëtzschlag suerge kënnen.
Ep.136: Weltmeeschterschaft vun den Abseitsfalen
Ep.136: Weltmeeschterschaft vun den Abseitsfalen juin 8, 2026 00:58:30 Zu Éiere vun der Fussballweltmeeschterschaft gëtt iech d'Erklär&Orakel eng 100% zouverlässeg Ausso, wien d'Coupe gewënnt. Genee sou héich ginn och dem Baschti seng Chancen ageschat, fir sech um Gala-Derby mat de Lëtzebuerger Allstars ze blaméieren. De Pippo setzt sech vehement fir eng permanent Abseitsfal an & versuergt eis mat enger Prise Informatioun. An de Joe ass wéi gewinnt oc
Ep.135: Blanne Jang Grindset
Ep.135: Blanne Jang Grindset mai 25, 2026 00:47:27 Eng Péngschtmass to go - mat Grillrankings, Muskbashing an dem Joe senger vertrauter "Jérémy!"-Routine. De Summer kënnt mat Vollgas op de Grand-Duché duer a mir probéieren nach emol all déi wichteg Saachen unzeschwätzen, déi ee wësse muss, befier et lassgeet mat den Open-Air-Festivals, Grillfester a Bukkakeorgien.
Ep.134: Kollektiv kulturelle Komedyworkshop
Ep.134: Kollektiv kulturelle Komedyworkshop mai 12, 2026 01:10:38 Direkt no engem sportlechen Exploit (en Tournage, de vollen Ausmooss vun dëser Peinlechkeet gesitt dir geschwënn) setze mir eis zesummen, fir Drock ofzeloossen. Tëscht Robofësch a Summerpläng fanne mir net esou richteg e Ventil - bis sech déi wuel bescht Plattform fir Diskussiounen opmécht: modern Konscht. Mir vertrieden all Meenungen, vum Konschthistoriker bis bei een, dee Konscht héchstens aus P
Ep.133: Hamster am Goldfëschglas
Ep.133: Hamster am Goldfëschglas avr. 28, 2026 01:06:15 An enger Welt, déi ze vill Tempo huet, suerge mir mat Léift fir Entschleunegung.De Joe weist seng Allüren als Schauspiller, déi hie konsequent duerchgezunn huet.Mir droppen eng wëssenschaftlech Etude iwwer Begrëffer fir de Genoss vun alkoholesche Liewensmëttes. An de Pippo test seng nei Rubrik an hëlt eis bei der Hand, fir den alldeegleche Wahnsinn ze verschaffen. 
Ep.132: Tankstellen-Talk op der Récksäit vum Mound
Ep.132: Tankstellen-Talk op der Récksäit vum Mound avr. 13, 2026 00:56:29 Léif Fësch, iech erwaart nees eng gutt gemengten, awer schlecht ëmgesate Mëschung aus lokale Kuriositéiten an internationale Geschichten:Wéi eng Uertschaft zu Lëtzebuerg bitt déi beschte Liewensqualitéit – a wéi eng kann een an d'Poubelle trëppelen? Dat suergt bei eis 3 Lokalmatadoren fir hëtzeg Diskussiounen...Donieft geet et ëm eng zimlech absurd Affär: ronn 12 Tonne KitKat, déi op eemol ver
Ep.131: Domm gelaf
Ep.131: Domm gelaf mars 23, 2026 00:57:49 Eng Podcastfolg wi e Marathon fir d'Oueren: Et geet motivéiert un, mee et mierkt ee séier, dass et sech an d'Längt zitt. An de Schluss ass richteg haart (Insert Joe Joke here).Mir schwéngen eis wi den Tarzan mat eise rethoresche Lianen duerch den Themen-Dschungel, vun der geopolitescher Weltlag, iwwer Laf-Kontroversen rondrëm de Bobfit, bis bei - jo tatsächlech - e puer faktesch korrekt Fu

Recommandé