
Moiesstudio
Moiesstudio ass e Podcast vum radio 100,7 deen Iech besser informéiert an den Dag bréngt. De Podcast behandelt aktuell Theemen a Sujeten aus dem Alldag, fir d'Lauschterer mat hëllefräichen Informatiounen an Abléck ze versuergen.
Episodes
Gëtt dës WM déi klimaschiedlechst, déi et jee gouf?
De Jo Welfringer ass där Fro fir eis nogaangen.
Eng Cyberattack stoppt Zich vun der CFL - Lëtzebuerg test den Eeschtfall
D'Lëtzebuerger Autoritéiten hu sech an de leschten Deeg un engem groussen europäesche Cybersecurity-Test bedeelegt. Mir kucken, wéi eng Léieren doraus gezu ginn.
Wirtschaft: EZB héicht Zënse fir Inflatioun ze bremsen
Déi Europäesch Zentralbank huet fir d‘éischte Kéier zanter bal dräi Joer hir wichtegst Zënstauxen nees eropgesat. Den Haapttaux fir d‘Banken a Spuerer klëmmt vun 2 Prozent op 2,25 Prozent. De Pierre Reyland huet mam Chef vun der Lëtzebuerger Gaston Reinesch iwwer déi Decisioun geschwat.
Muer an der Coque: Special Olympics fir jiddereen
Muer am Nomëtteg ass eppes méi lass um Kierchbierg: Special Olympics Luxembourg lued de breede Public an zesumme mat Leit déi eng intellektuell Aschränkung hu Sport ze maachen. Vun zwou bis fënnef bidden eng ganz Rei Sportfederatiounen zesumme mat Associatiounen Atelieren un. De Message: jidderee kann op seng Manéier Sport maachen.
Detailer vum Luca Di Santolo
Vun 100 op 99 Gemengen? Bauschelt a Stauséigemeng rapprochéiere sech
Den Interessi bei de Bierger:inne war grouss, wéi déi béid Buergermeeschtere Jeff Gangler a Marco Koeune gëschter, respektiv e Mëttwoch op Informatiounsowender an hir jeeweileg Gemengen invitéiert haten, fir iwwer Chancen a méiglech Bedenken zu enger Fusioun ze diskutéieren. Nach ass näischt decidéiert – d’nächst Joer sollen d’Bierger:innen hir Meenung per Referendum ausdrécken. Mee en éischte Stë
De Stauséi - Affer vun sengem eegenen Erfolleg?
Bei iwwer 30 Grad wiere gäre mol 8.000 Visiteuren um Stauséi am Nordweste vum Land, wuel gemierkt den Dag, esou den Tom Schmit, Ranger vum Naturpark Uewersauer. Mëttlerweil ass vu Massentourismus rieds, dee seng Problemer mat sech bréngt.
Voices International, de Multikulti-Chouer
Méi wéi 150 Sänger:innen aus iwwer 40 Natioune stinn e Samschdeg op der Bün vun der Philharmonie. De Marc Reding, ee vu wéinege Lëtzebuerger, ass zënter 2 Joer derbäi.
Wéi grouss ass Är Virfreed op d'WM?
Déi Fro stelle mir dem techneschen Direkter vun der Fussballfederatioun Manuel Cardoni, 12 Stonne virum Ouverturesmatch tëschent Mexiko a Südafrika.
Divergenzen an der LSAP-Fraktioun
Deen neien LSAP-Deputéierte Ben Streff reagéiert op de Sträit ëm d'Positioun zum Asyl- a Migratiounspak -
ausgerechent op sengem 1. Dag an der Chamber ...
"Net kohärent": D'COPAS kritiséiert d'Qualitéitskontroll fir Altersheemer
De President vum Daachverband vun den Altersheemer, de Pierre Jaeger, erkläert firwat hie sech méi kloer Krittäre bei de Kontrolle wënscht.
Wéi wäit koume Kanada, d'USA a Mexiko bei de Fussball-WMe vun 1930 un?
Ass Mexiko, dat Land vun deenen 3, dat am dackste bei enger WM dobäi war, och dat mam gréisste Succès bis elo? Huet Kanada iwwerhaapt schonn e Goal op enger WM geschoss? A sinn d'USA am mannste wäit komm, am Verglach mat den zwee Noperen?
Wann d'Chamber sech muss fläissen
Ëmmer méi dacks gi Gesetzer mat immensem Zäitdrock am Parlament gestëmmt. Woubäi richteg Debatten an Analysen op der Streck bleiwen. Dat ass net nëmme problematesch fir d’Roll vun eisem Parlament, mee och allgemeng fir d’Glafwierdegkeet vun den demokrateschen Instanzen, mengt de Frank Wies a sengem Fräie Mikro.
Mam Cyber-Léonie géint Cyber-Mobbing a Cyber-Kriminalitéit
Leonora ass e Projet, deen zesumme mat Lycée-Schüler:innen entwéckelt gouf. Op eng spilleresch Manéier solle Jonker léieren, wat mat hiren Date geschitt a wéi si sech an hir Privatsphär schützen. Dëst iwwer sougenannte Webtoons – also interaktiv Bande-dessinéeën, Spiller a Quizfroen.
D'Galiounsfigur vum Widderstand géint Rëmerschen
Haut (10.6.) hätt d'Elisabeth Kox-Risch 100 Joer kritt. Hirem Asaz ass et zu engem gudden Deel ze verdanken, datt keen Atomkraaftwierk op d'Musel stoe koum. Den Owend gëtt zu Peppeng eng Strooss no hir benannt. Den Henri Kox, dat 10. vun hiren 11 Kanner, erënnert (sech) u seng Mamm.
Tripartite: Waren de Wirtschafts- an den Energieminister sech ëmmer eens?
De Lex Delles ass fir béid Ressorten zoustänneg. Mee fënnt hien als Energieminister all d'Mesüre gutt, mat deenen d'Inflatioun gebremst soll ginn?
Tramstopp GridX: Firwat soll de Staat alles bezuelen?
Mir froen d'Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun, d'Corinne Cahen (DP), firwat de Marc Giorgetti als Proprietär vum GridX net un de Käschte vum Bau bedeelegt gëtt.
Tripartite: Wéi grouss ass den ekonomeschen Impakt vun de Mesuren?
Mir froen de Statec-Direkter Tom Haas a wéi wäit den Impakt vun de verschiddene Mesuren ausgerechent gouf.
Filmtipp: A bras-le-corps
Deen neie Film vun der Marie-Elsa Sgualdo zeechent de Portrait vun enger staarker Fra an engem Ëmfeld, dat vun Hypokrisie gepräägt ass.
EU-Migratiouns- an Asylpak: D'Deadline leeft dës Woch of
An der Chamber gëtt haut um Dënschdeg iwwer verschidde Gesetzesprojeten ofgestëmmt, déi dofir suergen, datt den europäesche Pakt fir d’Migratioun an den Asyl zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn.
Dee Vott kënnt kuerz éier dee Pak soll den 12. Juni, also dëse Freideg, an alle 27 Länner vun der Europäescher Unioun a Kraaft trieden. Den EU-Kommissär fir d’Migratioun, de Markus Brunner, huet vun där komplexste
Loyer ass net gläich Loyer: Nei Enquête gëtt Detailer zu der Präisstruktur
D’Loyeren hei zu Lëtzebuerg si staark heterogen: et gëtt grouss Ënnerscheeder queesch duerch d’Land, Typ vu Wunneng a Surface. Zu där Conclusioun kënnt den Observatoire de l’habitat an enger neier Analys iwwer d’Loyerspräisser. Den Observatoire hat dofir 2025 eng Ëmfro u ronn 28.000 sougenannte “Multiproprietären” erausgeschéckt, knapp e Fënneftel dovun hate geäntwert. De Julien Licheron, Fuersche
Fall Lyhanna: A Frankräich solle 70.000 Plainten nei gepréift ginn
Nom Doud vum 11 Joer ale Lyhanna gëtt et vill Kritik un der franséischer Justiz. Eise Korrespondent Max Tholl erkläert d'Hannergrënn.
Gratis juristesch Berodung zu Esch
Vun elo u proposéiert de Barreau och zu Esch e Service d’accueil et d’information juridique, wéi et e schonn an der Stad gëtt a geschwënn och nach op 4 anere Plaze gi soll. Explikatioune vum Bâtonnier Albert Moro
Vun Arbitterkamera bis Zäitspill: Wat sinn déi nei Reegelen op der WM?
U wat denkt Dir als éischt, wann Dir un de leschte grousse Fussball-Tournoi, nämlech d’EM virun 2 Joer an Däitschland, zeréckdenkt? D’Chancë si grouss, datt et dem Spuenier Cucurella säin “Hands” an der Véierelsfinall géint Däitschland war. E perfekt Beispill dofir, wéi Arbitterdecisiounen an d’Reegele selwer an de sportleche Mëttelpunkt réckelen. Wéi eng Reegelen dëst Joer bei der WM dobäikommen,
WM 2026: Rekord mat 48 Länner - a schonn déi nächst Expansioun am Bléck
Geschwë geet an Nordamerika d'Fussball-Weltmeeschterschaft 2026 vun de Männer un - mat engem neie Rekord vun 48 Ekippen. Mee d'FIFA denkt scho weider. Fir 2030 kéinten et esouguer 64 Natioune ginn. Eng Kéier am Bléck: D'Geschicht vun der WM an hir kontinuéierlech Erweiderung.
D'Landwirtschaft steet ënner Drock - wéi sollt drop reagéiert ginn?
No der Tripartite an dem Landwirtschaftsdësch de leschte Freideg an der Annonce, datt d’EKABE keng Mëllech méi vu Lëtzebuerger Bauere wäert unhuelen, maache mir de Point mam President vun der Landwirtschaftskammer, dem Christian Hahn.
"Die Landpartie": d'Geschicht vun engem Bild
Et ass d’Geschicht vun engem Bild, dat an den 1930er Joere vun den Nazie geklaut gouf, deem säi rechtméissege Proprietär nom Krich net direkt konnt identifizéiert ginn, dat du wärend laange Jore verschwonne war, éier et nees opgetaucht ass, dat awer ëmmer nach a friemen Hänn ass. Eng verwuerelt Geschicht, déi och e Lien mat Lëtzebuerg huet, well d’Bild dem Grousspapp vum Gerd Klestadt gehéiert hue
Reebësch Fong TFFF
De Fong mam Numm Tropical Forest Forever Facility, kuerz TFFF, wäert zu Lëtzebuerg ugesidelt sinn. Dat huet de brasilianeschen Ausseminister d’lescht Woch op de sougenannte Klima-Finanz-Deeg an der Philharmonie um Kierchbierg annoncéiert. Den internationale Fong huet zum Zil Länner, déi hire Reebësch erhalen, dofir ze remuneréieren. Wéi dat genee fonctionéiere soll, erkläert den CSV-Ëmweltminister
António José Seguro sicht de Kontakt mat de Portugisen zu Lëtzebuerg
Dräi Deeg laang war de portugisesche President António José Seguro fir eng offiziell Visitt zu Lëtzebuerg, wou hien op gläich 3 Plazen d’Geleeënheet hat a Kontakt ze komme mat der portugisescher Communautéit. Ee Samschdeg gouf et zu Diddeleng een Empfang, an der Philharmonie stoung e Concert a Presenz vun der groussherzoglecher Koppel um Programm an am Artikuss zu Zolwer gouf et méi eng waarmhäerz
Premièresexamen am Lëtzebuergeschen
Am Lycée Michel Rodange an der Stad gouf gëschter deen éischte Premièresexamen am Lëtzebuergesche geschriwwen. 150 Minutten haten d’Schüler:innen Zäit fir eng literaresch Dissertatioun ze schreiwen. Um Programm stoungen dat ganzt Joer iwwer zwee Theaterstécker an e Buch. Wéi et de Schüler:innen nom Exame gaangen ass a wéi et mam Pilotprojet weidergeet huet d’Sté Bisenius am Lycée um Geesseknäppche
Jugendwunnen: Croix Rouge hëlleft Jonke fir net op der Strooss ze landen
Mam Programm "Jugendwunnen“ zu Uewerglabech stellt d'Croix Rouge Jonken a prekäre Situatioune Wunnengen zu abordabele Präisser zur Verfügung.
Tripartite: d'Reaktioun vun der Union syndicale
Am Numm vun der Gewerkschafts-Unioun kommentéiert d'OGBL-Presidentin Nora Back den Accord, op deen d'Sozialpartner sech gëschter mat der Regierung gëeenegt hunn.
Gëtt de séieren Tram ze lues?
An der Mobilitéitskommissioun vun der Chamber gouf z. B. vum LSAP-Deputéierten Yves Cruchten kritiséiert, datt speziell den Arrêt beim GridX d'Dauer vum Trajet onnëtz verlängert.
Tripartite: d'Reaktioun vum Regierungschef
De Premier Luc Frieden kommentéiert den Accord, op deen d'Regierung sech gëschter zu Senneng mat de Sozialpartner gëeenegt huet.
Tripartite: d'Reaktioun vum Patronat
De Michel Reckinger, President vum Patronatsverband UEL, kommentéiert den Accord, op deen d'Sozialpartner sech gëschter mat der Regierung gëeenegt hunn.
Enn vum Verlag op der Lay: kee Symptom fir Kris am Buchsecteur
De President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteure Roland Kayser reagéiert op d'Nouvelle, datt de Verlag op der Lay decidéiert huet, opzehalen.
Opstänn no Mordfall a Groussbritannien: Wat stécht dohannert?
Eis Korrespondentin Claire Barthelemy mat Erklärungen
Eemol Minett, ëmmer Minett
D'Leit, déi am Süde vum Land liewe, sinn enk mat der Regioun verwuerzelt. Dat weist e Sondage, deen de Syndikat Pro-Sud an Optrag ginn huet. Säi President Christian Weis reagéiert.
El Niño: Wat bedeit de Klima-Phenomeen fir Lëtzebuerg?
Nächst Joer kéint wéinst dem El Niño ronderëm d'Welt dat wäermst jee ginn, warnt d'Weltmeteo-Organisatioun. Explikatioune vum Meteorolog Luca Mathias.
Zu Cattenom gëtt den Eeschtfall geüübt
All 5 Joer gëtt op dësem Wee getest, op déi verschidde Krisenakteure preparéiert sinn an déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht gutt funktionéiert - fir de Fall wou. An aus dësen Übunge sollen duerchaus och Léiere gezu ginn.
Lëtzebuerg-Italien: d'Analys vum Roland Schaack
Den 100,7-Consultant analyséiert de Frëndschaftslännermatch vu gëschter Owend am Stade de Luxembourg.
Wéi den Aschoulungsalter déi ganz schoulesch Karriär ka beaflossen
Am August oder am September gebuer sinn: Dat ass jo eigentlech kee risegen Ënnerscheed. Géif ee mengen. Wat déi schoulesch Leeschtung ubelaangt, kann et awer en enormen Impakt hunn. Den 1. September, dat ass hei am Land de Stéchdatum fir d’Aschoulung: Wien duerno gebuer ass, wäert e Joer verspillen - an ass a senger Entwécklung deemno e ganzt Joer méi wäit, wéi en anert Kand, dat den 31. August da
Fiert geschwënn erëm en ICE iwwer Tréier?
Dat ass eng vun de Froen, déi mir dem Gordon Schnieder gestallt hunn. Den CDU-Politiker ass neie Ministerpresident vu Rheinland-Pfalz.
Nei Return Hubs: D'EU verschäerft hir Migratiounspolitik weider
Eis Korrespondentin Agathe Cherki erkläert, wat geplangt ass.
Muselregioun: Kulturhaaptstad 2035?
De Schengener (Oppositiouns-)Conseiller Tom Bellion huet d'Iddi gëschter am Schengener Gemengerot thematiséiert. Wéi war den Echo?
Wéi een ekonomeschen Impakt huet de Blocage vun der Strooss vun Hormus?
Zenarien dozou hat de STATEC der Regierung an de Sozialpartner scho virun dräi Woche presentéiert. Prezisioune goufen et gëschter, um Dag vun der éischter Tripartite-Verhandlungsronn. De STATEC huet op Esch-Belval seng éischt Note de Conjoncture fir dëst Joer virgestallt.
Lactalis vs. EKABE: de leschte Stand
Am 100,7-Interview kommentéiert d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen déi neisten Entwécklungen am Dossier.
Fräiwëlleger gesicht! Wéi schwéier ass et fir der ze fannen?
D'Anne Hoffmann erkläert, wéi et ëm de Benevolat zu Lëtzebuerg bestallt ass. Si ass Chargée de Direction vun der Agence du Bénévolat.
Tripartite: De Fuerderungskatalog vun der Union syndicale
D'Gewerkschaftsunioun vun OGBL an LCGB geet haut mat zolitte Fuerderungen an d'Tripartite. D'Regierung krut de Katalog vu Revendicatiounen d'lescht Woch zougestallt.
Firwat huet d'Uni Lëtzebuerg nach kee Master am Droit Luxembourgeois?
D'Associatioun vun de Lëtzebuerger Droitsstudenten, d'ANELD, hält esou eng Formatioun fir néideg. Hire President Charel Bollig erkläert eis wisou.
Lactalis vs. EKABE: De leschte Stand
Am 100,7-Interview kommentéiert d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen déi neisten Entwécklungen am Dossier.











