PROST

PROST

Moskito 22 Épisodes mars 20, 2026

De Lëtzebuerger Wäin, seng Wënzer a seng Regioun.

Épisodes

Ep. 22) Wat wiere mir ouni Cremant? - Mam Lisa Vesque vu Cep d'Or
Ep. 22) Wat wiere mir ouni Cremant? - Mam Lisa Vesque vu Cep d'Or mars 20, 2026 2931 Cremant ass méi wéi just e leckert Gesëffs – en ass Präzisioun, Handwierk a vläicht déi stäerkst Visittekaart vun der lëtzebuergescher Musel. An zanter 1762 steet d’Domaine Cep d’Or fir Wäibau un dëser lëtzebuergescher Musel. Mam  Lisa Vesque ass säit enger gudder Zäit déi nächst Generatioun mat u Bord – ausgebilt zu Geisenheim a Bordeaux, mat engem internationale Bléck, mee déif verwuerzelt zu St
Ep.21) VIGNUM: D’Konscht vum Terroir – mam André Mehlen // Domaine Vinsmoselle
Ep.21) VIGNUM: D’Konscht vum Terroir – mam André Mehlen // Domaine Vinsmoselle déc. 30, 2025 3492 An dëser Episod vu PROST schwätze mir mam André Mehlen vun Domaine Vinsmoselle. Mir tauchen an d’VIGNUM-Gamme eran – déi Premium-Linn vun der Genossenschaft, déi mat Lieu-dits, Vieilles Vignes, Fût-de-Chêne-Wäiner a Stréihwäin eng aussergewéinlech Villfalt weist. Mir ginn der Fro nogoen, wéi eng Genossenschaft mat iwwer 160 Wënzerfamilljen esou präzis den Terroir erausschaffe kann, wéi al Riewen
Ep.20) Vun der Ellenger Gare bis op d'Expovina – mam Guy Krier // Domaine Krier-Welbes
Ep.20) Vun der Ellenger Gare bis op d'Expovina – mam Guy Krier // Domaine Krier-Welbes nov. 27, 2025 3993 Un der Musel trëfft een op Mënschen, déi an der Traditioun opgewuess sinn – an op déi, déi se mat vill Rou, Präzisioun a modernen Iddien an d’Zukunft droen. Ee vun hinnen ass haut bei eis: de Guy Krier. Wënzer vun der Ellenger Gare, Bio-Pionéier a Mann mat enger kloer erkennbarer Handschrëft an all senge Wäiner. Zanter 2023 steet hien och un der Spëtzt vun de Privatwënzer. A wien hie kennt, weess
Ep.19) Vum Schnaps an d’Drauwen – mam Georges Schiltz // FRU
Ep.19) Vum Schnaps an d’Drauwen – mam Georges Schiltz // FRU juin 26, 2025 3444
Ep.18) Vum Zeechebriet an de Wéngert – mam Michèle Mannes // Domaine Viticole Häremillen
Ep.18) Vum Zeechebriet an de Wéngert – mam Michèle Mannes // Domaine Viticole Häremillen mai 28, 2025 3053 Ween mengt, de Wäibau wier nach ëmmer eng Männerwelt, huet nach net d’Michèle Mannes kennegeléiert. Si ass Deel vu villen jonke Wënzerinnen a féiert säit zanter 4 Joer mat vill Elan, neien Iddien an Häerzblutt d’Domaine Viticole Häremillen zu Ehnen – eng Plaz mat ville Geschichten a nach méi Perspektiv. A wéi ëtt a Familljebetriber sou üblech ass, hëlleft och hei de Papp gären nach mat a léist se
Ep.17) Op en Tour laanscht d'Wéngerten - mam Nathalie Besch // Office Régional du Tourisme Musel
Ep.17) Op en Tour laanscht d'Wéngerten - mam Nathalie Besch // Office Régional du Tourisme Musel avr. 30, 2025 3691 Et ass all Dag op en Neits wéi eng Postkaart aus dem Liewen: D’Muselregioun – mat hiren Dierfer, Wäibierger a Kultur – ass vill méi wéi just e Glas Wäin. Et geet ëm en Erliefnis, Entspanung a Natur pur. An an dëser Episod vum Prost schwätzen d’Claire an de Pit genau iwwer dat, wat d’Regioun esou eenzegaarteg mécht – an dat mat enger richteger Expertin um Gebitt. Well d’Nathalie Besch vum „Office
Ep.16) Aus Passioun an der Freed um Probéieren – mam Paul Zahlen // Pauls Winery
Ep.16) Aus Passioun an der Freed um Probéieren – mam Paul Zahlen // Pauls Winery mars 12, 2025 3337 Wien dem Paul Zahlen vu "Pauls Winery" scho mol nogelauschtert huet, mierkt séier, mat wéi vill Passioun a Freed hien de Beruff vum Wënzer ausübt. Awer nach vill méi – well hien huet e groussen Drang, nei Saachen ze probéieren. Mat der Produktioun vun engem "PetNat" – kuerz fir "Pétillant Naturel" – bis hin zum uviséierte Ubauen vun pilzwidderstännege Wäiner ("PiWi’en") hält den jonken Gréiweldén
15) Ouni Hangover a schlecht Gewësse mam Jean-Marc Schlink // Domaine Viticole Schlink
15) Ouni Hangover a schlecht Gewësse mam Jean-Marc Schlink // Domaine Viticole Schlink févr. 5, 2025 3325 „Dry January“ – wat fir déi eng d’Onwuert vum Joer ass, ass e fir déi aner eng Chance dem Kierper an der Liewer ee Mount Paus ze gënnen. Sou fänkt 2025 bei eis relativ alkoholfräi un. Dann ass et alt gutt datt een do net ganz op Wäi verzichte muss! Dofir suergt ënner anerem de Jean-Marc Schlink vum Domaine Viticole Schlink. Well als éischte Wënzer zu Lëtzebuerg alkoholfräie Wäin a Cremant produz
14) Busy busy times mam Antoine Clasen // Bernard-Massard
14) Busy busy times mam Antoine Clasen // Bernard-Massard nov. 12, 2024 3024
13) Morgens halb 10 zu Wuermer beim Ern Schumacher // Domaine Viticole Schumacher-Lethal
13) Morgens halb 10 zu Wuermer beim Ern Schumacher // Domaine Viticole Schumacher-Lethal sept. 25, 2024 2913 Eigentlech ass den Ern Schumacher an der Pensioun an awer och net sou richteg. Zesumme mat sengem Bouf a senger Fra bilden déi 3 dat staarkt Réckrad vum Familljebetrib. Ëmmer um Dill, ëmmer eppes ze soen, ëmmer um schaffen. Mä wéini a wou mécht e Wënzer eigentlech Vakanz? De fréiere President vun de Privatwënzer iwwert (net) lassloossen, Schmaachstuffen a beschter Lag an d'Konkurrenz tëscht de Bet
12) Op de Riesling Open mam Luc Duhr // Clos Mon Vieux Moulin
12) Op de Riesling Open mam Luc Duhr // Clos Mon Vieux Moulin août 28, 2024 2598 De Riesling ass eng vun den edelsten Drëpsen déi op der Lëtzebuerger Musel gelies ginn. A wéi sech dat fir Lëtzebuerg gehéiert, gëtt et och dofir dat passend Fest: De Riesling Open (dëst Joer um Weekend vum 13. - 15. September. Doriwwer freet sech och rëm de Luc Duhr, deen zesumme mat sengem Cousin Frank, de Familljebetrib Clos Mon Vieux Moulin an der 11. Generatioun zu Ohn féiert. Vu Familljegesc
11) E Clown am Wéngert mam Laurence Duhr // Château Pauqué
11) E Clown am Wéngert mam Laurence Duhr // Château Pauqué juil. 31, 2024 2764 Déi eng nenne se “d’Enfants terribles” aus der Szene, déi aner soen ouni Problem dass et mat déi beschte Wäiner sinn déi ee laanscht d’Musel fënnt. D’Claire an de Ben wollte méi rausfannen iwwert d’Wäiner an d’Wënzer hannendrun, wéi de Familljebetrib et fäerdegbréngt Joer fir Joer excellent Wäiner ze produzéieren, wéi schwéier et ass géint de Stroum ze schwammen, a wéi seng Ausbildung zum Clown de

Recommandé