Accueil Podcasts Plottwist
Plottwist

Plottwist

Winmi 51 Épisodes juil. 19, 2026

Plottwist ass e Podcast wou zwee Filmnerds iwwert eng vun hire gréissten Leidenschafte schwätzen. Klassiker oder nei Filmer, neicht ass vrun hinne sécher. Si analyséieren Plottwisten, diskutéieren iwwer Regie an Schauspill, a ginn hir perséinlech Meenung zu de Filmer.

Épisodes

Nolan um Héichpunkt, Disney um Déifpunkt?
Nolan um Héichpunkt, Disney um Déifpunkt? juil. 19, 2026 3840 Ass The Odyssey wierklech dem Christopher Nolan säi Meeschterwierk? De Mike kënnt aus dem IMAX a schwätzt vun engem moderne Klassiker, wärend de Yannick bei der Live-Action-Versioun vu Vaiana virun allem eng Fro huet: Firwat gouf dëse Film iwwerhaapt gemaach?Donieft kucke mir op Evil Dead Burn, dee mat staarkem Gore a gudden Iddien ufänkt, mee um Enn als bis elo schwaachsten Deel vun der Rei enttä
Toy Story-Tréinen, Minions-Frust a Widow's Bay
Toy Story-Tréinen, Minions-Frust a Widow's Bay juil. 5, 2026 3537 An dëser Episod vu Plottwist geet et nees quer duerch de Kino- a Streaming-Dschungel: Toy Story 5 iwwerrascht eis mat vill Nostalgie, Emotiounen an aktuelle Sujeten ewéi Social Media, FOMO a Cybermobbing. Donieft froe mir eis, ob Minions and Monsters nach wierklech méi ass wéi just Slapstick a Cashgrab.Mir schwätzen och iwwer Supergirl, déi nei Etapp am DCU vum James Gunn, mat enger staarker Haapt
YouTuber retten de Kino? Backrooms, Obsession & Masters of the Universe
YouTuber retten de Kino? Backrooms, Obsession & Masters of the Universe juin 21, 2026 2915 n dëser Episod schwätze mir iwwer eng spannend Woch am Kino: Scary Movie 6 huet eis bal komplett verluer, Disclosure Day weist nach ëmmer e bëssen Spielberg-Magie, mee bleift um Enn frustréierend oppen, an Backrooms beweist, dass aus engem Reddit-Mythos an YouTube-Kuerzfilmer richteg staarke Kino entstoe kann.Mir schwätze doriwwer, firwat Backrooms an Obsession grad esou vill Opmierksamkeet kréien
Zwësche Star Wars-Frust an totaler Obsession
Zwësche Star Wars-Frust an totaler Obsession mai 24, 2026 3485 An dëser Episod vu Plottwist gëtt et waarm — net nëmme wéinst den Temperaturen, mee och wéinst de Meenungen. Mike an Yannick schwätzen iwwer de grousse Star-Wars-Retour mat The Mandalorian and Grogu, deen éischter no Sidequest wéi no groussem Kino-Event wierkt, an iwwer Passenger, deen esou vill Frust ausléist, dass een de Kino léiwer fréi verléisst.Am Mëttelpunkt steet awer Obsession: e Film, dee
Sequel-Saison & Serien-Drama: Prada 2, Kombat 2 a méi
Sequel-Saison & Serien-Drama: Prada 2, Kombat 2 a méi mai 10, 2026 3594 An dëser frëscher Plottwist-Episod sprange mir duerch déi aktuell Film- a Serien-News, wou et gefillt iwwerall no „2“ richt: The Devil Wears Prada 2 steet am Raum – mir schwätzen doriwwer, wat eng Fortsetzung iwwerhaapt muss kënnen, fir net just Nostalgie ze sinn. Dono geet et mat voller Wucht an d’Arena: Mortal Kombat 2 – méi Fatalities, méi Spektakel, mee och d’Fro, ob et dëst Kéier wierklech e
Zwou Legenden, zwee Filmer: The Mummy & Michael
Zwou Legenden, zwee Filmer: The Mummy & Michael avr. 26, 2026 3598 An dëser Episod vu Plottwist, ärem Filmpodcast op Lëtzebuergesch, schwätze mir iwwer zwee vun de spannendste Releases: Lee Cronins *The Mummy an _Michael_ (2026), de Film iwwert Michael Jackson. Mir kucken, wat The Mummy moderniséiert, wéi gutt d’Atmosphär a Spannung fonctionnéieren, an ob d’Neiinterpretatioun dem Mythos wierklech e frësche Kick gëtt. Duerno gi mir op Michael* an: Wéi wierkt d’Bio
The Drama ronderëm Mario, eng zweet Ronn Hide-and-Seek an d'Serie Rooster
The Drama ronderëm Mario, eng zweet Ronn Hide-and-Seek an d'Serie Rooster avr. 12, 2026 3594 Wat hu Super Mario, d'Zendaya, eng brutal Ronn Hide-and-Seek an de Steve Carell gemeinsam?Si sinn alleguer Deel vun eiser neier Episod hei bei Plottwist! Dës Woch hu mir nees e richtege Mix aus Animatioun, psycheschem Thrill, Horror an HBO-Comedy fir iech zesummegesicht. Hei ass eise Programm fir dës Episod: The Super Mario Galaxy Movie: Mir huelen iech mat an de Weltraum a kucken, ob den Nintend
Vun den Oscars bis an de Weltraum mat Project Hail Mary
Vun den Oscars bis an de Weltraum mat Project Hail Mary mars 29, 2026 3715 Wëllkomm zréck bei enger neier Plottwist Episod! Dës Kéier huele mir déi aktuell Filmwelt komplett auseneen an diskutéieren iwwer dat, wat am Moment jidderee beweegt.Mir schwätzen iwwer d'Oscars, dozou gëtt et all d'Infos an eis Meenung zum mega Sci-Fi-Projet Project Hail Mary. Fir d'Horror-Fans hu mir They Will Kill You am Gepäck, an et gëtt richteg emotional mat der Verfilmung vu Reminders of Hi
E Roadtrip duerch d'Emotiounen – De Lukas Grevis an "Apples & Pears"
E Roadtrip duerch d'Emotiounen – De Lukas Grevis an "Apples & Pears" mars 22, 2026 1716 Dës Kéier ass et eppes ganz Besonnesches: Den talentéierte lëtzebuergesche Regisseur Lukas Grevis ass zu Gaascht a stellt eis säin neiste Wierk vir – de Coming-of-Age Roadmovie "Apples & Pears".Am Film begleede mir d'Sofia, eng 18-järeg jonk Fra, op engem emotionalen an onberechenbaren Trip duerch Europa. Mat nëmmen engem Rucksak am Gepäck fänkt eng ongewëss Rees un, déi si op d'Sich no sech s
Vun Indie-Hype bis Horror-Ikonen: Marty Supreme & The Bride
Vun Indie-Hype bis Horror-Ikonen: Marty Supreme & The Bride mars 15, 2026 3248 An dëser neier Episod vu Plottwist tauche mir nees déif an d'Welt vum Kino an! Mir kucken eis d'News an d'Erwaardungen zu deene neiste Projeten un, déi d'Filmwelt grad bewegen.Haut um Programm: Marty Supreme: Wat kënne mir vum Josh Safdie sengem neie Film mam Timothée Chalamet erwaarden? The Testament of Anne Lee: Mir analyséieren d'Hannergrënn vun dësem mysteriéise Projet. The Bride: Eng frësc
Vun der grousser Léift bis zum puren Horror
Vun der grousser Léift bis zum puren Horror févr. 15, 2026 3602 Wëllkomm bei enger neier Episod vum Plottwist! Haut hu mir e programmatesche Mix preparéiert, dee vun emotionalen Abgrënn bis hin zu purem Horror geet. Mir huelen dës dräi Filmer genee ënner d'Lupp: Wuthering Heights: Mir kucken eis dës nei Adaptatioun vum Emily Brontë sengem Klassiker un. Ass d'Atmosphär esou düster wéi am Buch? Rental Family: E faszinéierenden Abléck an d'Welt vun de geléinte
Tëscht emotionaler Déiftheet a purem Chaos
Tëscht emotionaler Déiftheet a purem Chaos févr. 1, 2026 3434 An dëser neier Episod vum Plottwist gëtt et eng bunt Mëschung aus emotionalen Highlights a spannenden Neiegkeeten. Mir huelen dës Kéier véier ganz ënnerschiddlech Projete méi genee ënner d'Lupp: Hamnet: Mir dauchen an d'Welt vum Shakespeare sengem Jong an diskutéieren déi déifgräifend Storytelling-Elementer. Nuremberg: E Bléck op d'historesch Dramatik an d'Ëmsetzung vun dësem gewaltege Sujet. P

Recommandé