
flux
Flux ass e Podcast vum Lëtzebuerger Journal, deen d'Wirtschaftsgeschicht vu Lëtzebuerg exploréiert. Vun der Stolindustrie iwwer d'Finanzplaz bis zu Tech a Weltraum ginn d'Entwécklungen duerch Gespréicher mat Zäitzeien an Expert*innen beliicht. D'Journalist*inne Sherley De Deurwaerder, Camille Frati, Melody Hansen a Pascal Steinwachs schwätze mat Perséinlechkeete wéi de Jean-Claude Juncker an d'Colette Flesch. De Podcast zielt, d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Wirtschaft fir jiddereen gräifbar ze maachen.
Épisodes

S02E05 - Den Eurominister
De Moie vum 1. Januar 2002 ass op de Banken a bei de Bankomater zu Lëtzebuerg gutt eng lass. Den Euro ass endlech um Marché.
Eis Spueresich fänkt an enger Keess am Auchan un, an zwar beim Hélène Meurisse. D'Caissière ass am Kontakt mat enger Clientèle, déi lo net méi mat belschen, franséischen a lëtzebuergesche Frangen – oder souguer mat der Deutsche Mark – probéiert ze bezuelen, mee mat enger ga

S02E04 - Géi dohinner, wou de Kabes wiisst
Et ass 1962. Um Kierchbierg ginn e puer Bauere mat hiren Trakteren op d'Barrikaden. De Staat huet decidéiert, de Fonds Kierchbierg kéint Terrainen opkafen, fir dass do de neien Centre Européen gebaut ka ginn.
An dat op de Felder, déi iwwer Generatiounen d'Existenz vun hire Famillje geséchert hunn.
Eis Spueresich fänkt beim Fays Djoher, Associé gérant vum Shamrock Luxembourg, un. Wa Feierowend a

S02E03 - Hin-an-Hier-Gependels
Et ass de 15. Juni 1985, an et ass fir déi éischte Kéier méiglech, iwwer déi lëtzebuergesch Grenz ze fueren, ouni dem Douanier e Pass ze weisen.
Dat war méiglech dank dem Schengener Ofkommes, dat pünktlech fir d'Summervakanz ënnerschriwwe ginn ass. D'Opmaache vun de Grenzen huet d'Liewe vun der éischter Well u Grenzgänger*innen vereinfacht, déi bis op Lëtzebuerg schaffe komm sinn.
Eis Spueresich

S02E02 - Dieu n'est-il pas luxembourgeois ?
Et ass Mëtt der 80er, an an engem Sëtzungssall strecken sech d'Käpp iwwer engem Gesetzestext zesummen. Am Raum: Bankepatronat, Notairen, Affekoten. Vill Erfarung a vill Krawatten.
Eng Persoun passt net an d'Bild: D'Marie-Jeanne Chèvremont (deemols Coopers & Lybrand). Dëst Gesetz, un deem si grad matschafft – d'UCITS-Directive – wäert Lëtzebuerg zum Gateway vun Europa fir Investmentfonge maachen.

S02E01 - D'Wëllef vum Boulevard Royal
Et ass d'Joer 1987 – a bei der KBL rabbelt den Telefon.
Ee jonken, nervösen Trader hieft op a lauschtert no, wärend um aneren Enn eng däitsch Bank hie fälschlecherweis accuséiert, falsch Präisser genannt ze hunn. Eng typesch Zeen fir déi jonk Wëllef vum Boulevard Royal.
No der Stolkris war et Usus fir déi nei Generatioun, am Finanzsecteur séier Aarbecht ze fannen.
Eis Spueresich fänkt dowéinst

flux 2 - Trailer
Ab dem 14. Juli 2026.

S01E06 - Ménage à trois
Et ass d'Joer 1975. Vun elo un a fir op mannst déi nächst 10 Joren heescht de Probleem Nummer 1 zu Lëtzebuerg Stolkris.
De Lëtzebuerger Tripartite-Modell faasst ënnert der DP-LSAP-Koalitioun Fouss. Regierung, Gewerkschaften, a Patronat mussen zesummen no Léisunge sichen – a léieren, sech géigesäiteg ze verstoen a Kompromisser anzegoen.
Am Spill steet nämlech d'Existenz vun der Stolindustrie, d

S01E05 - Oppen Dieren
Et ass de 24. Abrëll 1951. Zu Colmar-Bierg versammele sech e gudde Koup dichteg a wichteg Leit aus Lëtzebuerg, den USA, England an Holland.
Hei gëtt nämlech d'Produktioun vun der éischter US-amerikanescher Firma lancéiert, déi hire Wee op Lëtzebuerg fonnt huet: d'Goodyear. Dowéinst fänkt eis Spueresich des Kéier beim Miguel Simon un, deen haut Manager bei Goodyear Mounting Solutions ass.
D'Indus

S01E04 - Vun de Bouwen, déi gefeelt hunn
Et ass den 31. August 1942. Bei der Post trëppelen se vun engem Fouss op den aneren. D'Aarbecht schleeft. Et gëtt gepëspert: Stëmmt et, dass se zu Wooltz grad um Streike sinn? An zu Schëffleng? Souguer zu Ettelbréck?
Den Dag virdrunner gouf ugekënnegt, dass och d'Lëtzebuerger Bouwen elo virun der Wehrpflicht stinn. Uechter d'Ländchen ass iwwer zwee Deeg e Generalstreik ausgebrach. E Moment vun de

S01E03 - D'Fauscht op den Dësch
Et ass 1917 – kuerz virum Enn vum éischte Weltkrich.
D'Leit zu Lëtzebuerg ginn net anstänneg bezuelt an d'Iesse kënnt net méi op den Dësch. Uechter de Minett organiséieren d'Gewerkschaften ëmmer méi heefeg Streiker an Demonstratiounen.
Et sinn déi éischt vun enger ganzer Serie, déi d'Tëschekrichszäit prägen. Demonstratiounen, déi sou wuel vun Erfolleg wéi och vu Scheitere gezeechent waren.
Trot

S01E02 - A man's world
Et ass de 14. September 1910 – an zu Esch ass fatzeg eng lass.
Am Quartier Grenz gouf eng Koppel, déi mat Kuel handelt, brutal ermort. D'Police hadert domat, erauszefannen, ween den Täter ass. An dat iwwer Joren: Gesicht gëtt bei den Aarbechter*innen, mee de Mäerder ass een eemolege Polizist.
E Mord, deen net vum Wuesstum vun der Stolindustrie an dem verännerte soziale Klima ze trennen ass, wéi

S01E01 - Prolog
Eis Geschicht fänkt am Joer 1882 un.
Den Norbert Metz a Victor Tesch decidéieren: Zu Diddeleng gehéiert eng Schmelz hin. Dorauser entstanen ass e bléiende Stolkomplex, deen sech ëmmer rëm weiderentwéckele misst.
Haut ass d'Schmelz ausser Betrib. Schlofe mécht se awer net. Wat elo do geschitt, ass sech d’Sherley am VeWa ukucke gaangen. De Kënschtler Thomas Steinmann a de Serge Ecker vun DKollekti

flux - Trailer
Ab dem 25. November 2025.
Recommandé

Noutepult-Cast

Zwëschegas

Schwätz du IA?

Perspectives - Analyse financière et économique

Contresens Luxembourg by Nessim Medjoub

Hors d’Œuvre

Mäin Element

Gëlle Fro

Grenzgeschichten I Grenzgänger Podcast - Leben & Arbeiten zwischen Deutschland und Luxemburg

PROST

All About Your Money

Philo am Gespréich