Accueil Podcasts Gepëspers um Späicher (Podcast)
Gepëspers um Späicher (Podcast)

Gepëspers um Späicher (Podcast)

RTL Télé Lëtzebuerg 17 Épisodes déc. 15, 2025

An dësem Podcast dréine mer d’Auer zeréck a kucke mat eisen Invitéen an hir Vergaangenheet. De Podcast gëtt vum RTL Télé Lëtzebuerg produzéiert a bitt perséinleche Geschichten an Erënnerungen.

Épisodes

Episod 17 - Tommy Schlesser
Episod 17 - Tommy Schlesser déc. 15, 2025 1512 Schon als Kand stoung hien virun der Kamera vu sengem Brudder, mee sollt eigentlech Jurist ginn. Duerch eng Rei glécklech Zoufäll a vill Talent, fänkt hie Fouss op der däitscher Télé. Wat war seng grouss Passioun als Kand? A wat ass säin Wonsch fir d’Zukunft?
Episod 16 - Paule Kremer
Episod 16 - Paule Kremer déc. 8, 2025 Als Extreem-Schwëmmerin 14 Stonnen duerch d'Mier schwammen: Wat geet engem do duerch de Kapp? Wat ass dat komeschst wat si wärenddeems erlieft huet? A firwat dierf di ni méi Ronnen duerch de Stauséi dréien?
Episod 15 - Anne Brasseur
Episod 15 - Anne Brasseur déc. 7, 2025 Deputéiert, Ministesch, Schäffen, Gemengeconseillère an der Stad Lëtzebuerg a Member vun der Assemblée parlementaire vum Europarot.
Episod 14 - Gérard Lopez
Episod 14 - Gérard Lopez déc. 1, 2025 Entrepreneur an Investisseur. Wat wollt den “self-made man” am Alter vun 10 Joer ginn? Wat ass seng Liewensphilosophie? An gëtt et eppes wat hien bedauert?
Episod 13 - Mandy Graff
Episod 13 - Mandy Graff nov. 24, 2025 Bekannt ginn duerch Germany’s Next Top Model. D’Mandy Graff erkläert eis, dass si eigentlech am Léifsten Déierendoktesch ginn wier.
Episod 12 - Gast Gibéryen
Episod 12 - Gast Gibéryen nov. 23, 2025 An engem Schlass gebuer, ouni Prënz ze sinn. De Gewerkschaftler an duerno Politiker erkläert eis wéi d’ADR entstanen ass an firwat hien an der Zäit sou gär Gigi l’Amoroso gelauschtert huet.
Episod 11 - Astrid Lulling
Episod 11 - Astrid Lulling nov. 17, 2025 1055 D’Astrid Lulling ass déi 2. Fra an der Lëtzebuerger Geschicht déi an d’Chamber gewielt gouf. Wéi huet si deemols dësen Männer-Domaine erlieft? A wéi kënnt et, dass si aus der LSAP erausgehäit, a schlussendlech bei der CSV gelant ass? D’Politikerin erkläert och, firwat si sech ni bestuede wollt.
Episod 10 - Bob Bertemes
Episod 10 - Bob Bertemes nov. 10, 2025 1123 Een exzeptionelle Sportler mat demm mir iwwer “d’Déckt” vun sengem Häerz geschwat hunn. Mir wollten wëssen firwat hie senger Mamm als Jugendlechen nawell ferm op de Geescht gaangen ass a wat hien elo stiicht, wou hie keng “Bomme méi stéisst”.
Episod 9 - Désirée Nosbusch
Episod 9 - Désirée Nosbusch nov. 3, 2025 Mat 12 Joer ass hir Karriär ugaangen: Schauspillerin, Actrice, Regisseurin a Moderatrice. “Eist Désirée” ass een Ausnametalent an hat ni een einfache Wee. Iwwer Réckschléi, hir italieenesch Originnen an hir Zäit an den USA schwätz mer um Späicher.
Episod 8 - Andy Bausch
Episod 8 - Andy Bausch juin 17, 2025 787 Selwer Filmer dréinen, dorop ass de Realisateur schonn am jonken Alter gestouss, duerch säi Papp. Seng grouss Passioun ass d’Musek.
Episod 7 - Bob Jungels
Episod 7 - Bob Jungels juin 10, 2025 791 De Vëlosprofi ass schon mat 3 Joer ouni Riedercher gerull an huet trotz dem ville Training och an der Schoul ni e laangen Owend luppe gelooss.
Episod 6 - Betty Fontaine
Episod 6 - Betty Fontaine juin 3, 2025 789 Mat der Generaldirektesch vun der Weeltzer Brasserie Simon hu mer iwwer Béier , iwwer Kampffligeren, iwwer de grousse Brudder an hiren Doudou geschwat.

Recommandé