Accueil Podcasts Wat s de net sees!
Wat s de net sees!

Wat s de net sees!

radio 100,7 50 Épisodes oct. 22, 2026

Wat s de net sees! ass eng Emissioun iwwer Sprooch, Méisproochegkeet a Lëtzebuergesch. Se riicht sech u all sproochbegeeschtert Persoun a behandelt Themen ronderëm d'Sprooch a Lëtzebuerg.

Épisodes

Ech gi kuerz bis aus ... bei Webesch Cam.
Ech gi kuerz bis aus ... bei Webesch Cam. oct. 22, 2026 An dëser Episod schwätzt d’Nathalie Entringer iwwer déi verschidden Ausdréck fir eppes, dat dacks bäileefeg a verstoppt, virun allem awer op verschidde Manéieren thematiséiert gëtt: d’Toilette respektiv de Wee dohin.
Eng nei hybrid Ausstellung vum ZLS
Eng nei hybrid Ausstellung vum ZLS oct. 15, 2026 Den ZLS huet seng Ausstellungsoffer ronderëm „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“ mat enger neier, hybrider Ausstellung erweidert. D’Soziolinguistin Sarah Muller gëtt Erklärungen zu der neier Ausstellung, déi aus zwee Deeler besteet: enger physescher Ausstellung an engem digitalen Deel. De Site fënnt een ënner www.sproochen-expo.lu.
Maja! Majo! A wien hätt dat geduecht?
Maja! Majo! A wien hätt dat geduecht? oct. 8, 2026 Se gi vill gebraucht, mee keen denkt bewosst iwwer hir Bedeitung no. Gemengt sinn hei déi kleng Wierder „maja“ a „majo“, déi an allméigleche Situatiounen opdauchen a ganz ënnerschiddlech Emotioune kënnen ausdrécken. Wéi eng dat sinn, erkläert d’Josiane Boever vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch.
D’Famill op Lëtzebuergesch
D’Famill op Lëtzebuergesch oct. 1, 2026 An dëser Episod vu „Wat s de net sees!“ erkläert den Alex Gillander, wéi een op Lëtzebuergesch déi Leit nennt, mat deenen ee meeschtens ganz besonnesch frou ass an en enke Kontakt huet: nämlech d’Famill!
Ass de Kabel an an an der Rei?
Ass de Kabel an an an der Rei? sept. 24, 2026 D’Schreifprogrammer gesi Widderhuelunge vu Wierder an engem Saz heiansdo als méigleche Feeler, obwuel se dacks Sënn maachen. Den Alexandre Ecker beschreift e puer där Fäll méi am Detail.
Schwätz kee Kabes, du domm Noss!
Schwätz kee Kabes, du domm Noss! sept. 17, 2026 An dëser Episod vu „Wat s de net sees!“ mam Sarah Hess a mam Christopher Morse vum ZLS geet et ëm Uebst- a Geméisausdréck, déi benotzt ginn, fir een op eng méi oder manner léif Aart ze beleidegen.
Virwëtz mat Äppelschnëtz
Virwëtz mat Äppelschnëtz juil. 16, 2026 "Virwëtz mat Äppelschnëtz“ a "Véierel op kal Ierbessen“: An dëser Episod mat der Sara Martin vum ZLS geet et ëm Ausdréck, déi een heiansdo ze héiere kritt, wann een ze virwëtzeg ass, oder déi als witzeg Äntwert geduecht sinn, wann een zum Beispill no der Auerzäit freet.
Eppes mat Schweppes
Eppes mat Schweppes juil. 9, 2026 D’Sara Martin schwätzt an dëser Episod iwwer “eppes mat Schweppes“ an déi verschidde Variante vum Sproch, deen een als Kand méi dacks ze héiere krut, wann ee gefrot huet, wat et ze iesse gëtt. Fir déi eng ass de Sproch esou ofgeschloss, fir déi aner kënnt nach eppes hannendrun – an do geet et vu bis: … an Äppelkompott, … a Gebeess, … a Gromperenzalot, … a Méckefett gebroden. Nieft “eppes mat Schwe
Za huet gedanzt wéi d’Fatz um Bengel! E klenge Pronome ganz grouss
Za huet gedanzt wéi d’Fatz um Bengel! E klenge Pronome ganz grouss juil. 2, 2026 Am Fokus vun dëser Episod steet e klengt awer immens interessant Wuert: "za“ oder och "d’Sau“. D’Nathalie an d’Cally ënnerhale sech doriwwer, wat et mat deem Pronomen op sech huet, wou en hierkënnt a wéini e benotzt gëtt.
Wat huet deen eng Nues! Eng sproochlech Wäiprouf
Wat huet deen eng Nues! Eng sproochlech Wäiprouf juin 25, 2026 Dës Kéier sti Wierder am Fokus, mat deenen een op Lëtzebuergesch d’Eegenschafte vun engem Wäin erkläert. Wat schmaacht een, wat richt een? An dësem Episod geet den Armand Becker op vereenzelt Wierder an an erkläert, wat se bedeiten.
Elo nei: Liicht Sprooch op Lëtzebuergesch!
Elo nei: Liicht Sprooch op Lëtzebuergesch! juin 18, 2026 Den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) huet e Buch geschriwwen. Vill Leit hunn dem ZLS gehollef. D’Buch heescht: “Liicht Sprooch Lëtzebuergesch”. D’Josiane Boever vum ZLS erkläert: Wiem hëlleft Liicht Sprooch? Wat ass Liicht Sprooch? An dëser klenger Intro krut Dir en éischten Androck vun der Liichter Sprooch. Lauschtert den Episod, wann Dir nach méi wëllt gewuer ginn! Hei kann de Guide vun d
Ech, de Jëwwi a meng Wéinegkeet
Ech, de Jëwwi a meng Wéinegkeet juin 11, 2026 D’Sara Martin vum ZLS schwätzt iwwer déi verschidde Méiglechkeeten, déi een am Lëtzebuergeschen huet, fir vu sech selwer ze schwätzen, an erzielt, wat et z. B. mat Ausdréck wéi "de Jëwwi“ a "meng Wéinegkeet“ op sech huet.

Recommandé