Accueil Podcasts Wat lauschters du?
Wat lauschters du?

Wat lauschters du?

radio 100,7 50 épisodes nov. 10, 2026

Wat lauschters du? ass e Podcast deen aktuell an nach ëmmer aktuell Podcasten aus Lëtzebuerg an den Nopeschlänner presentéiert. De Podcast gëtt vum radio 100,7 produzéiert a bitt en Iwwerbléck iwwer déi lescht Episoden a Sujete vun anere Podcasten. Et ass eng Plattform fir d'Entdeckung vu lëtzebuergeschen an Nopeschlänner Podcasten.

Épisodes

too many tabs
too many tabs nov. 10, 2026 Am Podcast too many tabs huelen d'Caro Worbs an de Miguel Robitzky hire Publikum mat op eng kuriéis an ënnerhalsam Rees duerch d'Ofgrënn vum Internet an déi verréckt Welt vun der Popkultur. En däitschen ëffentlech rechtleche Podcast, deen all Mëttwoch erauskënnt a schonn iwwert 200 Episoden zielt. De Prinzip ass, dass si sech géigesäiteg hier Tabs virstellen an zesumme probéieren se zouz
Papatriarcat
Papatriarcat nov. 3, 2026 Papatriarcat ass e franséische Podcast vum Cédric Rostein, deen sech zanter 2020 mat Pappe sinn, Elterensinn a Geschlechterrollen auserneesetzt. An Interviewe mat Expert:innen an Elteren, geet et ëm eng respektvoll Erzéiung, d’Rechter vun de Kanner an eng méi gerecht Verdeelung vun der familiärer Aarbecht. Dobäi stellt de Podcast traditionell Virstellungen iwwert Pappsinn a Mammsinn a Fro a sicht
Bourgmeisterin
Bourgmeisterin oct. 27, 2026 Bourgmeisterin ass e Podcastprojet vun der Julia Khalyavko, deen d’Geschicht, d’Kultur an d’Identitéit vu Lëtzebuerg op eng accessibel an ënnerhalsam Manéier an Englescher Sprooch vermëttelt. Mat den dräi Formater History Bites, Legacy Links a Fireside Chats verbënnt de Projet kuerz historesch Geschichten, Portraite vu Perséinlechkeeten a Gespréicher iwwer gesellschaftlech Froen. D’Zil ass et, d’V
Pardon my Lëtzebuergesch
Pardon my Lëtzebuergesch oct. 20, 2026 "Pardon my Lëtzebuergesch" ass e lëtzebuergesche Laberpodcast vum Olivier Bichel an dem Deepak Pant, deen d’Aktualitéit, d’Politik a gesellschaftlech Trends analyséiert. Zenter dem Juli 2025 diskutéieren déi zwee a labberer Atmosphär iwwert déi Themen déi si interesséieren, dëst meeschtens eng gutt Dräivéierelstonn. Den Titel ass eng humorvoll Allusioun op den engleschen Ausdrock „Pardon m
L’amour moi j’en ai pas
L’amour moi j’en ai pas oct. 13, 2026 L’amour moi j’en ai pas ass e franséische Podcast vun der Artistin Alyssia Derly, deen sech mat Léift, Bezéiungen an de gesellschaftlechen Erwaardungen un d'Geschlechter beschäftegt. A Gespréicher mat Invitéen a perséinleche Reflexioune geet et ëm emotional Verletzlechkeet, Männlechkeet, feministesch Perspektiven an d'Fro, wéi mir léieren, eis Gefiller auszedrécken an eis vulnerabel ze w
„Gefühlserben – der Podcast“
„Gefühlserben – der Podcast“ oct. 6, 2026 „Gefühlserben – der Podcast“ vum a mam Sven Rohde, deen analyséiert, wéi Erfarungen, Emotiounen an ongeléiste Konflikter aus eiser Familljegeschicht eist Liewen haut prägen. De Journalist a Coach kombinéiert Psychologie, Trauma- a Familljefuerschung mat perséinleche Geschichten a behandelt Theme wéi d'Bezéiungen zu den Elteren, Partnerschaften, Selbstwäertgefill, Scham a transgenerational Af
Buvette - De Fussballpodcast
Buvette - De Fussballpodcast sept. 29, 2026 "Buvette – De Fussballpodcast" ass e lëtzebuergesche Podcast, dee vun Eldoradio produzéiert gëtt, an deem de Gilles Immer,Ben Vogel an Dylan Vogel iwwer Foussball zu Lëtzebuerg an doriwwer erausdiskutéieren. Et ginn Diskussiounen iwwer Clibb, Spiller, Competitiounen an aktuell Entwécklungen. EFussball-Laber-Podcast an entspaanter Atmosphär.
All Kéier anescht – De Podcast vum SNEI
All Kéier anescht – De Podcast vum SNEI sept. 22, 2026 "All Kéier Anescht" ass de Podcast vum Service national de l’éducation inclusive (SNEI) fir d‘Enseignanten zu Lëtzebuerg. An der éischter Serie „Schüler am Autismus-Spektrum – Alldag an der Schoul“, realiséiert a Kooperatioun mam Centre pour enfants et jeunes présentant un trouble du spectre de l’autisme (CTSA), ginn déi vill Gesiichter vum Autismus am Bildungskontext beliicht. Et gi 6 Epi
Die Schule brennt - der Bildungspodcast mit Bob Blume
Die Schule brennt - der Bildungspodcast mit Bob Blume sept. 15, 2026 De Bob Blume ass Enseignant a Bildungsinfluencer. Am däitschen SWR-Podcast „Die Schule brennt“ sicht hien zesumme mat Expert:innen no Léisunge fir déi ënnerschiddlech Erausfuerderunge vum Bildungssystem. All zweete Méindeg kënnt e neien Episod eraus. An den éischten 3 Staffele vum Podcast hunn och prominent Perséinlechkeeten iwwert hier Schoulzäit geschwat a wat do gutt a manner gutt gelaf ass
Wirecard: 1,9 Milliarden Lügen
Wirecard: 1,9 Milliarden Lügen juil. 14, 2026 „Wirecard: 1,9 Milliarden Lügen“ erzielt de spektakuläre Fall vum däitsche Bezuelungsdéngscht Wirecard, dee vun engem gefeierten DAXX-Konzern zu engem vun de gréisste Finanzskandaler an Europa ginn ass. D'Investigativjournalisten vun der Süddeutschen Zeitung kombinéieren exklusiv Recherchen, Originaltéin an eng spannend Erzielweis zu engem richtege Wirtschaftskrimi. Am Mëttelpunkt stinn de fr
A History of the United States in 100 Objects
A History of the United States in 100 Objects juil. 7, 2026 D'Geschicht vun den USA un Hand vun honnert Objeten, déi op den éischte Bléck ganz alldeeglech wierken, mee eng aussergewéinlech Geschicht verstoppen. Mat vill Atmosphär, exzellenter Produktioun an engem rouege Storytelling mécht de Roman Mars aus all Géigestand eng Rees duerch déi amerikanesch Vergaangenheet. De Podcast gëtt vun der BBC produzéiert a leeft am Feed vum bekannte Podcast “99% I
Happy Hippo
Happy Hippo juin 30, 2026 Den "Happy Hippo"-Podcast ass e Lëtzebuergeschen Ënnerhalungspodcast, an deem d'Hosts op eng humoristesch Manéier iwwer Alldag an aktuell Theemen, Popkultur an Erfarunge schwätzen. Et ass dee Laberpodcast zu Lëtzebuerg mat neien Episoden zënter 2017, deen am längste leeft. De Podcast huet mëttlerweil iwwer 200 Episoden a gehéiert zu de bekanntste Podcasten zu Lëtzebuerg.

Recommandé