Accueil Podcasts RTL - Lecture vun heiheem
RTL - Lecture vun heiheem

RTL - Lecture vun heiheem

RTL Radio Lëtzebuerg 100 Épisodes oct. 21, 2026

Nei Lëtzebuerger Bicher, am Gespréich mam Auteur virgestallt.

Épisodes

Ado Rinnen: E Liewe fir d'Fräiheet 1924-1944, 21/10/2026
Ado Rinnen: E Liewe fir d'Fräiheet 1924-1944, 21/10/2026 oct. 21, 2026 1317 Mat dësem Buch éiert d'Gemeng Beetebuerg de Resistenzler Ado Rinnen deen 1944 vun den Nazien higeriicht gouf Eng ganz idyllesch Zeen mécht den Ufank vun dëser Episod vun eiser Lecture vun heiheem. De Pit Hoerold liest en Text deen hie fir d’Buch Ado Rinnen: E Liewe fire d’Fräiheet geschriwwen huet. E Jong dee fësche geet, sech op d’grouss Vakanz freet an dobäi vu senger Zukunft dreemt. Wat kéint
A wann ee seng Problemer einfach ëmtausche kéint?, 22/09/2026
A wann ee seng Problemer einfach ëmtausche kéint?, 22/09/2026 sept. 22, 2026 "D'Problemsbourse" vum Lynn Berchem "Mir versuergen Är Suergen", dat ass d'Verspriechen vun der Problemsbourse, bei der Kanner, souzesoen am Schlof, hir Problemer kënnen ofginn. Den Hoke bei der Saach? Fir all Problem deen een ofgëtt, kritt een en Neien aplaz. An et weess ee wat een ofgëtt, mä et weess een ni wat ee kritt... Dat ass d'Ausgangssituatioun vun der Lynn Berchem hirem éischte Kannerb
Alldag zu Lëtzebuerg: net alldeeglech!, 09/09/2026
Alldag zu Lëtzebuerg: net alldeeglech!, 09/09/2026 sept. 9, 2026 1213 "Das Leben zwischen Arbeit und Leidenschaft" vum Jean-Marie Backes De Jean-Marie Backes seet vu sech selwer dass e virwëtzeg ass. Hie reest- meeschtens mam ëffentlechen Transport - duerch ganz Lëtzebuerg, schwätzt mat de Leit an interesséiert sech fir déi Geschichten déi en anere géif als banal ugesinn. Mä hannert dem Alldeegleche verstoppt sech dacks dat Ongewéinlecht, Spannend oder souguer Skur
Jemp Schuster, Michèle Turpel: Spawecken als Verbindung zur Vergaangenheet, 12/07/2026
Jemp Schuster, Michèle Turpel: Spawecken als Verbindung zur Vergaangenheet, 12/07/2026 juil. 12, 2026 De Jemp Schuster schwätzt iwwer säin neie Roman "Spawecken" Mat "Bluttsëffer" huet de Jemp Schuster 2020 säin éischte Roman virgeluecht , deen em net nëmmen de Lëtzebuerger Buchpräis, mä och en enorme Succès bei de Lieser bruecht huet. Och an dem neie Roman "Spawecken" dréint sech nees alles ëm eng Famill, dës Kéier d'Schmaddsfamill aus dem fiktiven Dierfche Schëldref. An natierlech ëm den Ampelj
Vu Katastroph(en) an Happy End(s): De Schrëftsteller Roland Meyer am Interview, 21/06/2026
Vu Katastroph(en) an Happy End(s): De Schrëftsteller Roland Meyer am Interview, 21/06/2026 juin 21, 2026 2610 Am Interview schwätzt de Roland Meyer iwwer seng zwee nei Bicher: "Um Horizont" a "Betty- Die Geschichte eines jüdischen Mädchens" Mat iwwer 400 Säiten ass "Um Horizont" dat déckste Buch dat de Roland Meyer bis elo geschriwwen huet. Am Interview verréit hien, firwat et nach vill méi déck hätt kéinte ginn! Wann an dësem Roman d'Grenzen tëscht Wouerecht a Fantasie verschwammen, dann huet een am Ka
Eng historesch Recherche iwwer jiddescht Liewen zu Lëtzebuerg, 26/05/2026
Eng historesch Recherche iwwer jiddescht Liewen zu Lëtzebuerg, 26/05/2026 mai 26, 2026 2691 Den Denis Scuto an de Ben Fayot am Interview iwwer d'Buch "Parcours de vie: Les Juifs du Luxembourg et la Shoah" an dee grousse Recherche-Projet dohanner Wéi en Afloss hat en Hollywood-Film op d'Recherche iwwer d'Shoah zu Lëtzebuerg? Wie war d'Pianistin Dina Grossvogel a wat huet si mat eisem Land verbonnen? A wourop mussen Historiker bei hire Recherchen oppassen? Dat si just e puer vun de Froen
Bal 105 Joer an nach laang net midd!, 21/02/2026
Bal 105 Joer an nach laang net midd!, 21/02/2026 févr. 21, 2026 485 De Pe'l Schlechter iwwer säin neit Buch "Fabelen vum Jean de la Fontaine, nei verzielt vum Pe'l Schlechter" De Pe’l Schlechter, bekannt als Auteur, Grafiker an Zeechner, huet sech mat de Fabelen vum Jean de la Fontaine befaasst an der eng ganz Rëtsch op Lëtzebuergesch iwwersat. Mat vill Sensibilitéit an Humor huet en de Protagonisten vun deene kuerze Parabelen aus der Déierewelt eis Sprooch an de
Vum Vulleparlament am Gréngewald bis bei d'Maus Ketti, 18/02/2026
Vum Vulleparlament am Gréngewald bis bei d'Maus Ketti, 18/02/2026 févr. 18, 2026 "Déierefabelen" aus der Serie "Allerhand" vum SCRIPT De literaresche Genre vun der Déierefabel ass iwwer 2000 Joer al. Och an der Lëtzebuerger Literatur spillt en eng wichteg Roll. D'Elise Schmit kennt een als Autorin vu Kuerzgeschichten an Theaterstécker. An dëser Episod vum Podcast Lecture vun heiheem geet et awer net ëm hir eege Bicher, mä villméi ëm e Recueil vu Fabelen un dem si matgeschaff
"Boy Overboard" vun der Isabelle Marinov, 18/01/2026
"Boy Overboard" vun der Isabelle Marinov, 18/01/2026 janv. 18, 2026 1420 Dräi Frënn op der Sich nom Schatz vum réimesche Keeser Diokletian An "Boy Underground" (2023) hunn den Hugo, den Alex an d'Julie an de Katakombe vu Paräis eng ënnerierdesch Welt entdeckt. Wat si do zesummen erlieft hunn, huet déi dräi Frënn zesummegeschweesst. Wéi elo an dem neie Roman "Boy Overboard" d'Iddi opkënnt, fir an engem Tauchcamp un der Küst vu Kroatien d'Vakanz ze verbréngen, sinn si d
Wat ka kënschtlech Intelligenz wierklech? (A wat net), 10/01/2026
Wat ka kënschtlech Intelligenz wierklech? (A wat net), 10/01/2026 janv. 10, 2026 "Weiß die KI, dass sie nichts weiß?" Interview mat der Informatik-Professorin a Bestseller-Autorin Prof.Dr. Katharina Zweig D'Katharina Zweig ass KI-Expertin an Informatik-Professorin un der RTPU Kaiserslautern-Landau wou si och d'Fach "Sozioinformatik" an d'Liewe geruff huet. Fir hir Aarbecht huet si schonn e sëllege Präisser gewonnen, a gouf rezent mam Bundesverdienstkreuz ausgezeechent. Zum Th
"Vum Buedem ofhiewen a fléien, fir vum Bësch z'erzielen", 27/12/2025
"Vum Buedem ofhiewen a fléien, fir vum Bësch z'erzielen", 27/12/2025 déc. 27, 2025 Interview mat der prominenter spuenescher Schrëftstellerin Rosa Montero D'Rosa Montero, 1951 zu Madrid gebuer, huet als Journalistin eng 2000 bekannt Perséinlechkeeten interviewt, si ass awer och als Schrëftstellerin bekannt. No engem Studium an de Beräicher Psychologie a Journalismus huet d'Rosa Montero 1976 hir Aarbecht bei der grousser spuenescher Dageszeitung El País opgeholl, wou si eng Zä
Do rëselt eist Wopendéier de Kapp: "De Léiw gëtt rout" vum Jean-Paul Maes, 26/12/2025
Do rëselt eist Wopendéier de Kapp: "De Léiw gëtt rout" vum Jean-Paul Maes, 26/12/2025 déc. 26, 2025 7 Personnagen a 7 Kuerzgeschichten De Charel, d'Bianca, d'Madamm Wilmes, de Wangerts, d'Michèle, d'Madamm Kugeler oder de Jean-Luc: hannert all deenen Nimm verstoppt sech net just eng Persoun, mä och eng Liewes -Realitéit déi heiansdo méi duerch Illusioune verdeckt gëtt wéi et de Protagoniste bewosst ass. D'Geschichte sinn traureg, tragesch, hoffnungsvoll a virun allem: aus dem Liewe gegraff. An

Recommandé