
Ongefiltert Podcast
Mir, de Chris an de Pier, maache Podcast. Et ginn der einfach nach net genuch. 100% ongefilterte Chaos Podcast mat Humor, Real Talk an de beschte Gäscht. Nei Episod all 1. Méinden am Mount. Vill Spaass beim Lauschteren!
Épisodes

Eis Trilogie-Finall: déi grouss Fail Review, eng wichteg Reklamm an e bësse méi - Summer Sessions 2026 (3/3)
Den éischte Fail vun dëser Episod: se kënnt net den 19/08, mee den 21/08 raus. Soss gouf et nach aner Fails am Laf vun der Zäit iwwert déi mir an dëser Episod schwätzen. Fir de Rescht weidert Gelabberts iwwert déi verlueren Epsiod, Sport,... an eng Reklamm fir eisen allerbeschter Summer Sessions Support, Ortea!

Vum Éierefan zum spontane Gaascht an säin Afloss wisou et eise Podcast iwwerhaapt gëtt - mam Anne Hierzig
Hat war dat Éischt wat sech op eise spontanen Opruff gemellt huet a mir si frou doriwwer: d'Anne ass net just ee grousse Fan, mee och iergendwou schold, dass mir iech mat dësem Podcast nerven. Doriwwer a villes méi, kanns du hei lauschteren. Ass och vill besser ewéi all Héierbuch. Merci Anne an och un all aner Persoun, déi dobäi wollt sinn. Bis ganz geschwënn!

Ee Special am Special: live vum Beautiful Decay mat siwe fantastesche Gäscht - Summer Sessions 2026 (2/3)
Déi zweet Summer Session hu mir eis et net konnten huele loossen awer déi eng oder aner Persoun un de Mikro ze huelen. Den drëtten Dag um Beautiful Decay gouf et einfach ze vill ze zielen an ze froen. Siwe Gäscht - dat hannerteneen. Mam Alain Welter hu mir eise léifste Kënschtler vum Festival kuerz zu Wuert komme gelooss. D'Laure Cales an den Alain Scheuer, déi sech ëm de Samschdes- a Sonndes-Moie

Vill Geschichten, ee super Programm an herrlech Leit um Rudder vun engem geniale Festival - mat der Beautiful Decay Crew
Véier Gäscht op ee Coup - dat war nei a brauche mir all net all Kéiers. Maach dech op vill Chaos gefaasst! Et war awer definitiv derwäert a mir haten esou vill Spaass! Mam Thierry, Marc, Damien a Max schwätze mir iwwert de Beautiful Decay, ee Festival den een dierf erlieft hunn. Vum 10. bis den 12. Juli zu Käerch am Schlass ass the place to be. Eis fënns du och do - Sonndes, den 12/07 - a wann's d

Wat ee Start an eis Rees: mir feieren sechs Méint Podcast a kucken zeréck - Summer Sessions 2026 (1/3)
Yuhu, sechs Méint Ongefilterte Chaos! Dat muss gefeiert ginn – a wéi geet dat besser wéi mat der éischter vun eisen dräi Summer Sessions? Zu zwee kucke mir op eis éischt Podcast-Méint zeréck, gi Feedback zu ärem Feedback a verdeele Gréiss a Mercien. Kindly supported by Ortea

Alles iwwert eisen neie Lieblingstéi an eng besonnesch Zesummenaarbecht - mam Stephan Kneip
An sengem Büro an/oder Doheem, hu mir de Grënner vun Ortea - de Stephan - vum schaffen ofgehalen. Selten hu mir esou eng motivéiert an éiergäizeg Persoun kennegeléiert! Mee mir ginn net just inspiréiert heem: mir wëssen elo alles iwwert säin Téi, ewéi wichteg him säi Laptop ass, d'Virdeeler vun engem Gilet,... a mir hunn eis éischt Collab an der Täsch. Jo, richteg gelies. Du wëlls méi wëssen? Dann

Onpreparéiert am Schluechthaus mat Picon Béier an Anekdote vu fréier - mam Vic Bové
Okay vläicht hu mir awer net alles krass anescht gemaach: mir waren nees net wierklech preparéiert a mir haten erëm ee super sympathesche Gaascht. Mam anscheinend eenzege Vic hu mir eis iwwert seng Musek an déi gutt al Zäite verlabert - Jo, mir hu schonn erëm eng nei längsten Episod. Dëst am Hollerecher Schluechthaus ëmgi vu Konscht a Kultur. An dat mat Waasser, ahh nee Kaffi, oder awer Picon Béie

Vun der Long op Zong mam Diddelenger Jong iwwert esou vill dass mir vergiess hunn iwwert wat - mam Yannick Schumacher
Zeréck zu Diddeleng an dat mam Yaya. Gutt, dass hien eis spontan gerett huet, soss wiere mir ouni Gaascht an ouni Location gewiescht. Dorunner huet d'Qualitéit vun der Episod awer guer net gelidden. Eis nei Rekord-Episod ass net just déi längsten, mee warscheinlech huet och nach ni een esou séier esou vill gezielt ewéi hien. Wann dat keng Loscht mëscht ze lauschteren oder d'Wierder ze zielen, wëss

Am Beet iwwert Content Creation, Reklammen fir eemol alles, Déieren op Inselen a ganz vill méi - mam Cecilia Said Vieira
Dat huet Spaass gemaach! Eng Episod iwwert Podcast a Social Media, Reklammen ënnert anerem fir Capri Sonne, ewéi een sech am Beschte Moie seet, dem Ceci seng rosa Switch a wat hat am Léifste spillt, wien am Meeschten "absolut" gesot huet,… Gars, hei gëss du vill gewuer! Merci un dech fir d’Lauschteren an un de Restaurant Beet fir de super Accueil.

Bei lafendem Betrib mat Iessen a Wäin, iwwert d'Boxen, staark Argumenter a ganz perséinlech Ablécker - mam Dany Zenari
Eng Freed an eng Éier den Dany Zenari als éischte Gaascht an eisem Podcast ze hunn. Mir si vill iwwert säi Restaurant, de Rucolino, gewuer ginn, wëssen elo wie wéini géint wie geboxt huet an nach vill méi. Lauschteren, lauschteren, lauschteren!

Chris & Pier 3.0, déi éischt penibel Geschichten, de Kakadude an de Biodreck
Léif, dass du hei méi iwwert d'Episod liese wollts. Mir roden dir un d'Episod ganz séier ze lauschteren an déi gewonnen Zäit ze notzen eis ze followen a Feedback ze ginn. Merci am Viraus!

Teaser
Teaser, Teaser, bla bla bla
Recommandé

Nogelauschtert

Kloertext fir ze lauschteren

Lisa Burke Show

Journal (sous-titrage en français)

Das 1x1 der Informatik

KOMM MOL AN DE BÜRO!

Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani

Ëmgefall an Ausgelaf

RTL Infos - La Route des Vins du Luxembourg - Domaines viticoles, conseils oenologiques et joyaux à déguster

Automag

DNA: Luxembourg Crime Podcast

Vu Gemeng zu Gemeng