
Vill am Kapp
„Vill am Kapp“ ass de Podcast fir all déi, déi sech fir d’Thema Héichbegabung interesséieren – egal ob Elteren, Professioneller oder Mënsche mat engem Kapp voller Froen. Mir ginn Ablécker an d’Aarbecht vum Zentrum, deelen Erfarungen aus der Praxis a schwätze mat Expert*innen iwwert Chancen, Erausfuerderungen a Virurteeler ronderëm d’Héichbegabung. Eist Zil: Informéieren, inspiréieren an Äntwerte ginn.
Épisodes

Héichbegabung a motoresch Entwécklung
Notiz: An dëser Episod benotze mir dacks de Begrëff "neurotypesch". Domat si Mënsche gemengt, deenen hir neurologesch Entwécklung a Veraarbechtung am Beräich vun deem läit, wat allgemeng als typesch ugesi gëtt. De Begrëff gëtt dacks am Zesummenhang mat Neurodivergenz benotzt, zum Beispill bei Autismus, ADHS oder Héichbegabung. Dobäi geet et ëm verschidden Aarte vu Fonctionnement, ouni Be

Underachievement
An dëser Episod schwätze mir doriwwer, firwat Héichbegabung net automatesch héich Schoulleeschtung bedeit. Vill héichbegaabte Kanner weisen net ëmmer dat, wat eigentlech an hinne stécht – heiansdo wéinst Langweil, Demotivatioun oder anere Facteuren aus hirem Ëmfeld.Zesumme mam Laurence Di Letizia, Enseignante-ressource am CEJHP, kucke mir méi genee op dat Phänomen vum Underachievement. Mir erkläre

Wat bedeit Héichbegabung?
An dëser Episod schwätze mir iwwert d’Fro, wat Héichbegabung eigentlech bedeit – a firwat de Begrëff sou dacks falsch verstan gëtt. Eisen Invité Danielle Rod erkläert op verständlech Aart a Weis, wéi sech fachlech Definitioune vun den Alldaagsvirstellungen vun Elteren an Enseignanten ënnerscheeden. Mir klären heefeg Mythen a Froen, déi am Kontext Héichbegabung opkommen, a ginn Abléck an d’Praxis.

Em wat geet et bei "Vill am Kapp"?
Teaser











