Accueil Podcasts Loscht op Mord
Loscht op Mord

Loscht op Mord

Charel Krier, Julie Gerard 122 Épisodes juil. 12, 2026

"Loscht op Mord" ass e True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d'Julie presentéieren spektakulär a spannend Kriminalfäll aus aller Welt. An all Episod gëtt d'Geschicht ronderëm e Mordfall an d'Affer opgerullt, an och d'Täter an hir Methoden. Si baséieren sech op Fakten, loossen awer och hir eege Meenungen an Interpretatiounen afléissen.

Épisodes

Episod 124 - De Fall Molly Bish
Episod 124 - De Fall Molly Bish juil. 12, 2026 1934 De 27. Juni 2000 féiert d'Magi Bish säi Meedchen, d'Molly, un de Comins Pond zu Warren a Massachusetts. D'Molly schafft hei als Rettungsschwëmmerin. D'Mamm kritt een Uruff vun der Police, ob si wéisst, wou hiert Meedchen ass. Um Séi ukomm, fënnt d'Mamm nach all dem Molly seng Saachen, mee d'Molly selwer awer net méi. Hir fält an, dass den Dag virdrunner, ee Mann um Séi war, deen sech komesch verha
Episod 123 - De Fall Savannah Gold
Episod 123 - De Fall Savannah Gold juin 21, 2026 1763 Am August 2017 mécht dat 21-järegt Savanna Gold sech op de Wee fir op seng Schicht am Bonefish Grill. Hei kënnt Savanna awer leider ni un. Säi Papp a säi Brudder kréie kuerz drop eng komesch SMS: hatt hätt ee Mann kenne geléiert, et kéint dat alles net méi an hatt géif mat deem fortlafen. Dat alles passt awer net zum Savanna an hatt gëtt alles vermësst gemellt. Dat Eenzegt, dat nach fonnt gëtt, as
Episod 122 - Froen an Diskussioune Part 4
Episod 122 - Froen an Diskussioune Part 4 mai 31, 2026 3348 Et ass erëm sou wäit, déi alljärlech Diskussiounsronn ass erëm do. Mir schwätzen iwwert Theorië vun ongekläerten a gekläerte Fäll, wéi geféierlech sinn Hobbydetektiven op de soziale Medien, gi weiblechTäter aneschters wouer geholl an nach weider Theemen. Zeckt net a schreift eis gären är Gedanken a Meenungen zu Allem eran.
Episod 121 - De Fall Heather Maples
Episod 121 - De Fall Heather Maples mai 17, 2026 2100 Am Januar 2015 plënnert dat 22-järegt Heather Nicole Maples aus Texas op Tennessee. Hatt erhofft sech hei méi Chancë fir seng Zukunft a säi Studium an esou kritt hatt dann och Ufank August 2015 endlech de Bréif, dass et un der Middle Tennessee State University ugeholl ass. Hatt freet sech immens op de Studium, mee leider sollt et ni dozou kommen, well de 7. August 2015 gëtt d'Heather vu senger bes
Episod 120 - De Fall Collien Fernandes an Deepfakes
Episod 120 - De Fall Collien Fernandes an Deepfakes mai 4, 2026 2102 An dëser Episod vu Loscht op Mord schwätze mir iwwert de Fall Collien Fernandes. Hatt weess schonn zënter e puer Joer, dass am Internet sougenannten Deepfakes vun him verbreet ginn. Viru Kuerzem ass elo erauskomm, dass dës Deepfakes vu sengem Ex-Mann verbreet goufen. Net nëmme goufen dës verbreet, mee och huet hie komplett virtuell Affären am Collien sengem Numm opgebaut an dat ouni, dass d'Collie
Episod 119 - Entféierung vum Ursula Herrmann
Episod 119 - Entféierung vum Ursula Herrmann avr. 19, 2026 2330 De 15.September 1981 mécht sech dat 10 Joer alt Ursula Herrmann owes mat sengem roude Vëlo op de Wee fir heem. Dat nodeems hatt seng Tatta a säi Monni besicht huet. Hatt sollt awer ni doheem ukommen. Bei enger direkter Sichaktioun vun der Police, kann dem Ursula säi Vëlo fonnt ginn, mee soss feelt awer all Spuer vum Meedchen. Déi kommend Deeg gi bei der Famill Herrmann komesch Uriff gemellt a schl
Episod 118 - Germanwings Flug 9525
Episod 118 - Germanwings Flug 9525 avr. 5, 2026 1712 De 24. Mäerz 2015 sollt de Vol 9525 vu Germanwings regulär vu Barcelona op Düsseldorf fléien. 145 Passagéier a 6 Crewmembere waren op dësem Vol. Alles leeft normal bis de Pilot d'Steier un de Co-Pilot iwwergëtt a kuerz aus dem Cockpit geet. Dëst wär u sech näischt Besonnesches, mee wat kee wosst ass, dass de Co-Pilot, den Andreas Lubitz ënner Depressiounen an anere psycheschen Erkrankunge gelidden
Episod 117 - Verschwonnen nom Casting
Episod 117 - Verschwonnen nom Casting mars 8, 2026 2383 Den 1. Dezember 2014 hätt d'Shannon Madill solle mat sengem Brudder iesse goen, hei daucht déi jonk Fra awer net op. Doropshi geet dem Shannon seng Schwëster bei hatt heem fir ze kontrolléieren ob alles an der Rei ass, mee d'Shannon ass och hei net unzetreffen. Just dem Shannon säi Mann de Joshua ass do a well dat Ganzt awer relativ komesch wierkt, gëtt d'Shannon als vermësst gemellt. Wochen a Méi
Episod 116 - Dat falscht Geständnis vum Günther Kaufmann
Episod 116 - Dat falscht Geständnis vum Günther Kaufmann févr. 8, 2026 1774 Den 1.Februar 2001 fënnt den däitsche Schauspiller Günther Kaufmann säi Kolleeg a Steierberoder Hartmuth Hagen dout a senger Wunneng op. De Günther verhält sech opfälleg géigeniwwer den Ermëttler a leet och e Geständnis of, an deem hie seet, dass hien an engem Kampf den Hartmut ëmbruecht hätt, andeems hien op hie gefall wier. Spéider sollt sech awer erausstellen, dass dem net esou war. Wien ass da
Episod 115 - De Fall Annie Le
Episod 115 - De Fall Annie Le janv. 25, 2026 2453 Am September 2009 schafft dat 24-järegt Annie Le als Doktorandin an de Laboe vun der Yale University. Sou och den 8. September. Hatt ass moies nach ze gesinn, wéi hatt an d’Labosgebai era geet, mee hei sollt hatt ni méi rauskommen. Seng Matbewunner mellen hat owes nach als vermësst an et gëtt grouss nom Annie gesicht. Den 13. September fënnt een dann dem Annie seng Läich, verstoppt am Keller vum L
Episod 114 - De Fall Julie Kibuishi
Episod 114 - De Fall Julie Kibuishi déc. 14, 2025 2242 Am Mee 2010 fiert dem Samuel Herr säi Papp bei säi Bouf an d'Wunneng nodeems dësen net opgedaucht ass. An der Wunneng fënnt de Papp an der Wunneng d'Läich vun enger jonker Fra. Dobäi handelt et sech ëm dat 23 Joer alt Juri „Julie“ Kibuishi. Hatt ass eng gutt Frëndin vum Sam Herr. Alles weist drop hin, dass de Sam Sex mam Julie wollt hunn an hien sech gewaltsam un him vergraff huet an d'Julie dono
Episod 113 - D'Verschwanne vum Emanuela Orlandi
Episod 113 - D'Verschwanne vum Emanuela Orlandi nov. 30, 2025 2750 Dat 15 Joer alt Emanuela Orlandi lieft mat senger Famill am Vatikan, well säi Papp ass en héische Mataarbechter vum Poopst. D’Emanuela geet zu Roum an eng Musikschoul, sou huet et och mëttwochs den 22. Juni 1983 do Kuer. Hei gëtt et nach vun engem Typ ugeschwat fir een Job bei enger Kosmetikfirma. Nom Kuer ënnerhält hatt sech nach mat senge Frëndinnen a mécht sech dann op de Wee fir zeréck an de V

Recommandé