Accueil Podcasts Fiasko Fest
Fiasko Fest

Fiasko Fest

radio 100,7 103 Épisodes oct. 25, 2026

Mir maache Plaz fir d'Scheiteren. Eng Bün fir Verléierinnen a Verléierer. Eng Anti-Haltung zu éiweger Leeschtung ...

Épisodes

S04E06 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Laure Cales
S04E06 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Laure Cales oct. 25, 2026 Zukunftsplanung ass net sou einfach. Dat weess och d’Laure Cales, grad dann, wann een sou vill scho gemaach an erlieft huet. Et ass net ëmmer einfach no vir ze kucken, wann ee weess, wat hannert engem läit. Dat mécht eppes mat engem. A natierlech, do kennt dem Luc Spada seng Invité bei Fiasko Fest net derlaanscht ze erzielen, ass den Iwwergang vun "Living the dream" op "de Buttek zouma
S04E05 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Maxime Toussaint
S04E05 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Maxime Toussaint oct. 18, 2026 De Maxime Toussaint ass dräi Joerzéngten al an Head of Podcast beim Journal. De Luc Spada huet sech fir dës Episod bei Fiasko Fest e Medieprofi an d’Sendung geholl. E Mënsch, deen et also méi gewinnt ass hannert an net virun dem Mikro ze sinn. Mee Ausname bestätege bekanntlech d’Reegel a sou wonnert een sech och net, datt de Maxime, quasi als Hobby, och nach Proff ginn ass, obwuel hien sech ni an
S04E04 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Kodji
S04E04 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Kodji oct. 11, 2026 FR Kodji a grandi avec les mangas, les dessins animés et le hip-hop. Ce sont ces influences qui façonnent son univers : l'espièglerie, l'inspiration, l'émotion. Et ce n'est pas toujours simple de laisser cette espièglerie s'exprimer face aux obstacles administratifs, ni de se discipliner. Mais c'est notamment depuis que l'invité de Luc Spada a rencontré sa copine
S04E03 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Georg Poensgen
S04E03 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Georg Poensgen oct. 4, 2026 De Georg Poensgen fënnt se net einfach ze beäntweren, déi eng Fro, wat een als Mënsch ausmécht. Sécher ass d’Mënschlechkeet, iergendwou tëscht Modelen, Mental Health an Diplomatie. Gedriwwe vun der Empathie an enger Welt voller Krisen, ass dem Georg säin Haaptmotor aus dëser Welt eng besser ze maachen. Esou gutt et geet an och selwer fir sech eraus fannen, wat et wierklech ass, wat hie wëll. An do
S04E02 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Katrin Kohl
S04E02 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Katrin Kohl sept. 27, 2026 Kann ee vun Affer schwätzen, wann ee sech et selwer erausgesicht huet? Héichleeschtungssport ze maachen, gewannen ze wëllen an u Kompetitiounen deelzehuelen. An sech dofir dann ëmmer erëm disziplinéieren? Net wierklech, mengt d’Para-Liichtathletin Katrin Kohl. Grad wann een e bëssi méi al gëtt, wann de Kierper engem séier seet, wann een net genuch geschlof huet oder sech änlech „Feeler“ erlaabt hu
S04E01 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Marc Angel
S04E01 Et hätt net misse sinn, mee et gehéiert dozou: Marc Angel sept. 20, 2026 Deen ee Béier do. Iergendwou zu New York an enger Bar. An awer war de Politiker Marc Angel mat sengem deemolege Partner een drénken: ënner Leit sinn, nei Mënsche kenneléieren, eng gutt Zäit hunn. An obwuel de Marc Angel kee jalouse Mënsch ass, ass dat keng Garantie, dass net awer eppes geschéie kann. An et ass eppes geschitt an enger Zäit, wéi sou oft, wou et wierklech net hätt misse sinn. Enger Z
S03E44 Heiansdo deet et wéi: Nora Kehli
S03E44 Heiansdo deet et wéi: Nora Kehli juil. 19, 2026 Op der Sich no deene Biller, déi ee villäicht nach net sou gesinn huet. Dat ass definitiv eng wichteg Motivatioun fir d’Nora Kehli Filmer ze maachen. Dat ass déi eng Erausfuerderung. Eng aner ass dovunner liewen ze kennen. Stolz op dat sinn, wat ee mécht an awer och d’Elteren net ze enttäuschen. Grad dann, wann een sech och nach géint eng Karriär beim Stat entscheet huet. Do stellt sech séier d’F
S03E43 Heiansdo deet et wéi: Oke
S03E43 Heiansdo deet et wéi: Oke juil. 12, 2026 Et dauert net laang, wann een e Gespréich mam Museker Oke féiert, bis datt d’Theema Identitéit opkënnt. Identitéit an all senge Facetten: Hierkonft, Sexualitéit, kënschtlerescht Schaffen. Awer sécher ass: Fir den Oke ass do, wou hien hierkënnt, nämlech aus Lagos, Nigeria, déi dreiwend Energie fir seng Konscht a säi Liewen. An trotzdeem fillt hie sech als Lëtzebuerger, och wann him de Wee vun der I
S03E42 Heiansdo deet et wéi: Ben Bauler
S03E42 Heiansdo deet et wéi: Ben Bauler juil. 5, 2026 Net onbedéngt méi wëllen, awer trotzdeem méi wëllen. Iergendwéi sou. De Ben Bauler, deen nieft de Bünen an den Theateren zu Lëtzebuerg e bekannt Gesiicht ass, ass net deen, dee Karriär maache muss, awer wat soll dat schonn heeschen? Matt ënnert anerem der Fro vum Éiergäiz gëtt sech am Luc Spada sengem Fiasko Fest ausernee gesat. Obwuel mir jo awer alleguerte wëssen, dass sech um Enn näischt plange
S03E41 Heiansdo deet et wéi: Julie Costa
S03E41 Heiansdo deet et wéi: Julie Costa juin 28, 2026 Komesch, dat ass e Wuert, dat den Haaptzoustand vun der Julie Costa beschreift. Also wuel verstanen, net de Luc Spada, Moderator vu Fiasko Fest, géif seng Invitée esou bezeechnen, mee d’Chargée de communication an d’Creatrice vu "Luxemburg does it best" sech selwer. Gedriwwe vum Virwëlz an enger ënnerlecher Onrou erzielt si iwwer hiert Bedürfnis déi net latzeg Säite vu Lëtzebuerg ze weisen
S03E40 Heiansdo deet et wéi: Liz Braz
S03E40 Heiansdo deet et wéi: Liz Braz juin 21, 2026 D’Liz Braz ass Politikerin an no de Walen, wou et kloer gouf, datt si an d’Chamber kéim, konnt si et net wierklech gleewen. Net vu Freed, mee méi esou wéi wa si dat net verdéngt hätt. Si war dach just jonk an naiv an hat keng Erfarung. Dat ka jo dann net wierklech wouer sinn, oder? Et geet awer natierlech net just ëm Politik bei Fiasko Fest, dem Luc Spada sengem Podcast iwwer Scheiteren, mee eeben
S03E39 Heiansdo deet et wéi: Edwin Aldin
S03E39 Heiansdo deet et wéi: Edwin Aldin juin 14, 2026 Dat huet deemools scho wéigedoen. Och nach haut behaapt den Edwin Aldin, datt dat mat där enger Band do, déi hien zesumme mat engem Kolleeg gegrënnt huet, wierklech ee vu sengen einsaamste Momenter war. Wann op eemol alles ewechbrécht: d’Identitéit, d’Karriär an och d’Bezéiungen zu senge Kolleegen. Et war definitiv en Héichpunkt am Katalog vum Museker a Produzent senge perséinleche Scheitermomente

Recommandé