Advertisement970×90
Accueil Podcasts Haut, Muer an Deemools
Haut, Muer an Deemools

Haut, Muer an Deemools

Harmonie Municipale Differdange 16 episodes Latest Jun 11, 2026

«Haut, Muer an Deemools» ass de Podcast vun der Harmonie Municipale Differdange, der Déifferdenger Musek. Gegrënnt 1884, huet de Veräin eng räich Geschicht. An Interviewe mat Zäitzeie gëtt gewisen, wéi et deemools war, haut ass a muer hoffentlech wäert sinn. D'Lauschterer kréien nostalgesch an informativ Abléck iwwert d'Origine vun der HMD, perséinlech Geschichte vun de Memberen, an d'Entwécklung vun der musikalescher Ierfschaft.

Episodes

Speziell Episod - Live am Park Jun 11, 2026 01:03:06 Eng weider Episod, déi e bëssen anescht ass wéi dat wat dir gewinnt sidd. Dës Kéier hu mir eise Podcaststudio an de Park Gerlache zu Déifferdeng verluecht, wou de 6. Juni 2026 de Live am Park stattfonnt huet. Bei dësem gratis Event hu sechs Museksveräiner aus dem Land fir eng flott Ambiance gesuergt, wärend och zwee Filmer ënner fräiem Himmel gewise goufen.Mir hunn d’Geleeënheet genotzt, fir mat V
Episod 14 - Eugène Schmitz May 29, 2026 00:31:06 An dëser neier Episod vun eisem Podcast schwätze mer mam Eugène Schmitz, och Usch genannt. Den Usch huet an der Déifferdenger Musek ugefaangen mam Hautbois a spillt de Moment Saxofon Tenor. Do dertëscht huet en och Saxofon Bass a Pauke gespillt. Hie war och a villen anere Museksveräiner, ënnert anerem zu Nidderkuer an der Fanfare, zu Rodange, Lamadelaine a zu Biekerech an der Musek. Eng Folleg déi
Speziell Episod - 1. Mee Feier May 1, 2026 00:35:18 Eng liicht aner Episod wéi dat wat dir gewinnt sidd. Haut hu mir eise Podcaststudio an d'Natur bruecht fir kënnen "live" vun eiser 1. Mee Feier Andréck ze sammelen. Den 1. Mee feiert d'Déifferdenger Musek traditionnell zesummen mat de Lanz Bulldog Frënn an dem Gaart an Heem Uewerkuer an haut hu mir Musikanten an och net Musikante gefrot wat si vum éischte Mee an eisem Veräin hale
Episod 13 - Véronique Bernar - Abléck an de Programm vum nächste Concert Mar 30, 2026 00:47:15 An dëser Episod schwätze mir net iwwert d'Geschicht vum Veräin an och net vun den Anekdote vun eise Memberen, mee mir diskutéiere mat eiser Cheffin Véronique Bernar iwwert de Programm vun eisem nächste Concert Dreams & Fantasy, deen de 17. Mee 2026 am Kulturzentrum Aalt Stadhaus stattfënnt.Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Gilles KreinTechnik: Michel Per
Episod 12 - Fränz Goergen - Deel 3 Mar 12, 2026 01:03:31 No bal engem Joer hu mir nei Episoden opgeholl an mir fueren do virun wou mir déi leschter Kéier opgehalen un. De Fränz Goergen verréit eis wéi schwéier et war nodeems den Asca Rampini opgehalen huet.An 10 Joer hat d'HMD 4 nei Dirigenten an och 4 nei Präsidenten, bal e Rekord fir eise Veräin.Mat dëser neier Folleg hu mir och en neien Animateur. Dat ass keen aneren wéi eise fréieren Dirigent an
Episod 11 - Martine Goergen - Deel 3 Feb 21, 2026 01:09:56 An dëser Folleg schwätze mir eng drëtten a leschte Kéier mam Martine Goergen. Mir diskutéiere vun den Dirigenten ënnert deenen d’Martine scho gespillt huet. D’Rekrutement vu ganz jonke Musiker an och d'First Band gëtt erwähnt an zum Schluss kommen mir och kuerz op eis Concertsrees am Abrëll 2025 zu Penzberg zeréck.Produktioun: Harmonie Municipale DifferdangeAnimatioun: Louis Elsen a Michel Per
Episod 10 - Fränz Goergen - Deel 2 Oct 9, 2025 01:00:33 An dëser Episod schwätze mer mam Fränz Goergen iwwert d'Jugendmusek Harmonie Prince Guillaume an iwwert d'Déifferdenger Big Band, mee virun allem schwätze mir vum Asca Rampini, deen Dirigent vun der Jugendmusek war an duerno vun 1965 bis 1980 de Chef vun der Déifferdenger Musek.D'Episod hält op mam Enn vun der Rampini Ära.Eng Episod déi dir op kee Fall dierft verpassen. Dofir lauschter
Episod 9 - Gilles Krein - Deel 3 Sep 26, 2025 01:13:49 An dëser drëtter a leschter Episod mam Gilles Krein schwätze mir iwwert seng bescht Erënnerungen als Dirigent an der Déifferdenger Musek a wéi et ass Dirigent ze sinn an deem Veräin wou een opgewuess ass.Mir erwänen och de Moment wou hien als Dirigent bei eis opgehalen huet, säi Retour als Perkussionist, mee schwätzen awer och iwwert seng Zukunft an déi vum Veräin.Dëst ass och déi längste Folleg v
Episod 8 - Gilles Krein - Deel 2 Jul 31, 2025 01:00:47 An dëser zweeter Episod mam Gilles Krein schwätze mir iwwert säin Ufank als Dirigent vun der Jugendmusek an duerno vun der HMD. Wéi et war als 19 Joer jonke Mann vun hannen an der Perkussioun, vir op d'Dirigentepult stoen ze kommen.Mir schwätzen vill iwwert seng haut legendär Ouverturen, mee och iwwert seng aner Kompositiounen an Arrangementer.Mir verroden iech elo schonn datt nach en drëtten
Episod 7 - Gilles Krein - Deel 1 Jul 18, 2025 00:49:34 Haut schwätze mir mat eisem Perkussionist Gilles Krein. De Gilles an net nëmme Perkussionist, mee war Dirigent vun eiser Jugendmusek Harmonie Prince Guillaume a virun allem Dirigent vun der Harmonie Municipale tëscht 2015 an 2023. De Gilles ass e Keeler Jong, deen zu Esch an de Lycée gaangen ass, op Péiteng an d'Museksschoul, an d'Stad an de Conservatoire an op Déifferdeng an d'Musek.A
Episod 6 - Martine Goergen - Deel 2 Jul 3, 2025 00:47:58 An dëser Folleg vun eisem Podcast schwätze mir eng zweete Kéier mam Martine Goergen. Mir kënnen Iech elo scho verroden datt nach eng drëtt Folleg wäert dobäi kommen. An dëser Episod schwätze mir virun allem iwwert d'Aarbecht am Comité an iwwert déi eenzel Aktivitéite vun eisem Veräin. Mir froen d'Martine wéi et ass d'Fra vum Präsident vun der Déifferdenger Musek ze sinn an och wat hatt
Episod 5 - Martine Goergen - Deel 1 Apr 17, 2025 00:55:54 An dëser Folleg vun eisem Podcast schwätze mir mam Martine Goergen.D’Martine huet 1998 mat der Musek ugefaangen a spillt haut Flütt an der HMD. Hatt ass och schonn iwwer 15 Joer Member am Comité an ass ënner anerem zoustänneg fir d’Gestioun vun eisen Instrumenter. D’Martine erzielt eis säi ganze Parcours innerhalb mee och ausserhalb vun der Déifferdeng Musek.Dëst ass déi éischt vun dräi Episode ma

Recommandé

Lecture